Search

You may also like

Kanner hunn och Rechter
International Neiegkeeten WTF

Kanner hunn och Rechter

Den Ombudscomité fir d‘Rechter vum Kand (ORK) huet gëschter den

Formel 1 Legend Niki Lauda am Alter vu 70 Joer verstuerwen
International Neiegkeeten WTF

Formel 1 Legend Niki Lauda am Alter vu 70 Joer verstuerwen

Et war dem fréiere Formel 1 Pilot an éisträichesche Geschäftsmann

Verbuet vum Eewee-Plastik: Ee positiivt Enn ass a Siicht!
International Neiegkeeten WTF

Verbuet vum Eewee-Plastik: Ee positiivt Enn ass a Siicht!

An noer Zukunft solle sämtlech Eewee-Plastikartikel an der gesamter Europäescher

surprise

Kann Italien vun der EU Verantwortung erzwéngen?

Kann Italien vun der EU Verantwortung erzwéngen?

Nodeems Italien sech weigert e Schëff mat 629 Migranten, déi vum Schëff MS Aquarius aus dem Mëttelmier gefëscht goufen, bei sech an en Hafen eranzeloossen, steet d‘EU géintiwwer der eegener Inkompetenz, an ass elo gezwonge Verantwortung ze iwwerhuelen.

D‘Schëff dat vun der franséischer ONG „SOS-Méditerranée“ beoptraagt ginn ass, Migranten a Séinout opzehuelen, war e Sonndeg och vu Malta ofgewise ginn. Well sech d‘Situatioun u Bord vun der MS Aquarius fir d‘Migrante verschlechtert, huet sech Spuenien e Méindeg bereet erkläert, d‘Schëff mat senger mënschlecher Fracht an en Hafen eranzeloossen.

Fir de Journalist, Laurent Marchand (Ouest-France) stellt „déi italienesch Blockade d‘Fro vun der Migratioun ganz uewen op déi europäesch Agenda“. De Guillaume Goubert (La Croix) mengt: „Et gëtt an der italienescher Attitüd de Wëllen eng Kris auszeléisen, déi d‘EU mat der senger Inkompetenz konfrontéiert“. Woubäi een am Fall vun Italien scho bal vu Noutwier schwätze misst.

D‘Belaaschtung vun der Migratioun méi gerecht opdeelen

„De Migratiounsfloss huet géintiwwer de Joren 2015/16 ofgeholl. Der EU huet et u Courage gefeelt, an deem sech geweigert ginn ass, Quote vir d‘Verdeelung anzeféieren. Dat hätt wuel net all d‘Problemer geléist, mee wéinstens dozou bäigedroen, datt d‘Länner aus dem Süden, an hei besonnesch Italien, Malta a Griicheland, entlaascht gi wieren“, esou de Laurent Bodin (L‘Alsace)

An deem déi italienesch Autoritéiten „mam Läffel an de Bräi fachen“ muss een hinnen zumindest de Verdéngscht zouschreiwen, Europa ze zwéngen esou séier wéi méiglech Léisungen ze fannen, déi „net hallefhäerzeg“ dierfe geholl ginn. Esou de Kommentar vum Patrice Chabanet (Le Journal de la Haute Marne).

Dat huet de Guillaume Goubert ermontert ze schreiwen: „wann de Salvini um Refus festhält d‘Migranten opzehuelen, ass hien deen éischte Schëllegen. Mee et ass d‘EU am ganzen déi d‘Verantwortung muss droen“. A vir de Pascal Coquis (Dernières Nouvelles d‘Alsace) schéngt kloer „déi grouss europäesch Länner déi bis ewell d‘Ae virum Problem verschloss hunn, kënnen net zouloossen datt sech esou Fäll widderhuelen. Elo mussen se ënner Drock verhandelen“.

An de Maurice Bontinck (La Charente Libre) stellt pragmatesch fest: „An dësem ‚Ganzen‘ ass Frankräich de Symbol vun der europäescher Lethargie. Mee vläicht huet den Emmanuel Macron jo och nëmmen op de Besuch vum neien italienesche Staatschef Giuseppe Conte gewaart, deen e Freideg am Elysée empfaange gëtt, fir sech zur Saach auszedrécken“.

mat AFP

Foto: Op der MS Aquarius fänkt et u kritesch ze ginn. Laut der ONG „SOS-Méditerranée“ kann d‘Schëff, datt sech nach ëmmer tëscht Malta a Sizilien ophält, nach beschtefalls een Dag „halen“ iert et zu Komplikatioune kënnt. Spuenien huet ugebueden d‘Leit opzehuelen, mee de Wee fir d‘Schëff wier ze wäit, huet de Kapitän vun der MS Aquarius matgedeelt. © Louisa Gouliamaki/AFP

Related topics EU, Italien, Malta, Migranten, MS Aquarius, SOS-Méditerranée
Next post Previous post