Search

You may also like

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 9. Mäerz 2021
International Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 9. Mäerz 2021

Vu Musek a Konscht, iwwert Atelieren a Workshops, bis hin

Éisträich: De fréiere Finanzminister soll an de Bing!
International Neiegkeeten

Éisträich: De fréiere Finanzminister soll an de Bing!

Et kënnt seele genuch vir, datt een et ervirhiewe muss:

D‘EU-Wahlen op Lëtzebuerg reduzéiert
International Neiegkeeten

D‘EU-Wahlen op Lëtzebuerg reduzéiert

Lëtzebuerg ass e proeuropäescht Land an dat huet wéineg mat

Italien féiert Impfflicht an

Zu Roum gouf gëschter decidéiert datt sech d‘Gesondheetspersonal muss impfe loossen; wien net wëll gëtt ouni Loun suspendéiert

Italien féiert Impfflicht an

Italien ass dat éischt europäescht Land datt sech derzou duerchgerongen huet, déi Beschäftegt aus dem Gesondheetssecteur zur Impfung ze verflichten. Woubäi, well dat wuel als schlecht Zeechen, méiglecherweis Provokatioun kéint opgefaasst ginn, et soll keen entlooss ginn, well ee sech dëser Impfung widdersetzt.

Fir d‘Medezinner an d‘Fleegepersonal, déi sech net wëllen impfe loossen, ass zwar geplangt, si am sougenannte „réckwäertegen Déngscht“ an/oder dem administrative Beräich anzesetzen, mee wann dat net méiglech ass, gëtt ee Suspendéiert a kritt fir d‘Dauer vun der Suspensioun kee Loun. Et ass wuel eng besonnesch Aart a Weis seng Leit ze motivéieren a Vertrauen an de System opzebauen.

Anersäits, wann 20% vun den an Italien am Gesondheetsberäich tätege Mënschen sech der Impfung verweigeren, huet et och nees ee Problem. Besonnesch d‘Personal an de Strukture fir Senioren huet, esou déi erschreckend Feststellung, kee Vertrauen. Dat weder an d‘Aussoe vun der Politik, nach an d‘Duerstellung vun der EU-Kommissioun a scho guer net an d‘Erklärung vun den Hiersteller.

Et géif dann awer och nees als erwise gëllen, datt et grad déi ongeimpften Doktere/Fleeger an deels d‘Botzpersonal sinn, déi de Covid19 an dës Haiser aschleefen. Wierklech verléisslech Zuelen dozou gëtt et allerdéngs keng, mee et gëtt och keng seriéis Enquête betreffend d‘Grënn, sech der Impfung ze verweigeren. Zwang ass zwar eng administrativ Ofkierzung, féiert awer och zu Widderstand.

Bei eis ondenkbar?

Och ënnert eise Politiker – an zwar Parteiiwwergräifend – gëtt et vun allem. Déi wou ënnert kengen Ëmstänn eng Flicht wëllen, déi wou fir eng Flicht wieren, an déi wou „selektiv“ verflichte wéilten. Eng Flicht, ob allgemeng oder just fir gewësse Beruffer, wier awer hei am Land esou net wierklech duerchsetzbar, wat net zu gudder Lescht um demographesche Charakter vun eiser „Santé“ läit.

Et gëtt dann awer och an Italien eppes Widderstand, an dat haapt Argument dat ugefouert gëtt: Dës Flicht géif géint d‘Verfassung verstoussen. No engem Joer Covid19-Pandemie an iwwer 100.000 Doudeger, gesäit een de Broch mat der Verfassung allerdéngs anescht, an ofgesi vun de Faschisten, ënnerstëtzen all d‘Parteien d‘Decisioun fir d‘Gesondheetsberuffer eng Impfflicht anzeféieren.

An dann huet et do nach eng Hannerdier: esou heescht et am Impfgesetz, datt sech net muss impfe loossen, wien noweise kann, datt hie bei enger Impfung gesondheetlech geschiedegt géif ginn. Dat heescht wien en „Attest“ huet kéint den Zwang ëmgoen. Wéi engen Abusen domadder d‘Dieren opgemaach ginn, muss wuel net preziséiert ginn. D‘Juristen dierften sech iwwer Aarbecht freeën…

mat indymedia/rom

Foto: Esou wéi et eng gewësse Flexibilitéit beim droe vun der Mask huet, soll et mat der Impfung vum Gesondheetspersonal net goen. Vum Dokter bis bei de Portier, soll am Gesondheetssecteur elo jiddereen zur Impfung „motivéiert“ ginn. © Sara Bertoni / unsplash

Related topics Covid19-Pandemie, Gesondheetssecteur, Impfflicht, Impfstrategie, Italien, Politik
Next post Previous post