Search

You may also like

Verschmotzten Attert: Gusty Graas zolidd veriergert
International Neiegkeeten

Verschmotzten Attert: Gusty Graas zolidd veriergert

Nodeems et an der Belsch zu Grendel, an enger Biogasanlag

Jumanji: Welcome to the Jungle hätt kënnen e richteg faule Film ginn. Zum Gléck goufen di richteg Decisioune getraff
International Neiegkeeten

Jumanji: Welcome to the Jungle hätt kënnen e richteg faule Film ginn. Zum Gléck goufen di richteg Decisioune getraff

Se waren net sou faul, wéi se sech et hätte

What the Fakt – Nintendo gouf virun 129 Joer gegrënnt
International Neiegkeeten

What the Fakt – Nintendo gouf virun 129 Joer gegrënnt

Ronn honnert Joer virun der éischter Spillkonsol SNES gouf d’Firma

Italien: Schlecht Aussiichte fir d‘Feierdeeg

Vum 21. Dezember bis 6 Januar ass Lockdown! Vill Bierger empfannen et als Hausarrest...

Italien: Schlecht Aussiichte fir d‘Feierdeeg

Et war eng onüblech Zäit, déi sech den italienesche Regierungschef Giuseppe Conte erausgesicht huet, fir seng Landsleit ze erklären, datt d‘Lag dramatesch ass et ab de nächster Woch nees an den totale Lockdown geet. Aktivitéiten déi net wierklech absolutt noutwenneg sinn mussen ugehale gi fir d‘Land virun engem virale Massemord ze schützen.

Datt et muss héich hir gaange sinn an der Kabinettssëtzung léisst sech schonn un der spéider Stonn zu där den italienesche Ministerpresident virun d‘Kamerae getrueden ass. Do goufen d‘Reegelen opgestallt: All Menage dierf emol den Dag d‘Haus „begrenzt“ verloossen. Reesen ass grondsätzlech ënnersot an et huet ee sech a senger Haaptresidenz opzehalen. Deplacementer sinn nëmmen aus berufflechen oder gesondheetleche Grënn méiglech. Reliéis „Fester“ si bis 22 Auer zougelooss.

Kuerzfristeg „Pausen“ sinn fir den Zäitraum 28. bis 30. Dezember an um 4. Januar virgesinn. Do dierf dann nees Handel bedriwwen an sech fräi beweegt ginn, dat ouni mussen ee Grond unzeginn. Déi italienesch Regierung ass decidéiert keng Situatioun opkommen ze loossen, wéi een se am Fréijoer bei der sougenannter éischter Well kannt huet. Ob den 18. Dezember hat Italien, zanter dem Ausbroch vun der Pandemie 1,9 Milliounen Infektiounsfäll a 67.220 Doudeger ze bekloen.

mat indymedia/rom

Related topics Confinement, Covid19-Pandemie, Giuseppe Conte, Italien, Lockdown
Next post Previous post