Search

You may also like

Bilansgespréicher: Net nëmmen e Buch, mee e wierklecht Konschtwierk
International Neiegkeeten

Bilansgespréicher: Net nëmmen e Buch, mee e wierklecht Konschtwierk

„De Wanter kënnt, kaf der Buch“ sot ee mer an

money
Frankräich: Et gëtt net genuch Schampes gedronk!
International Neiegkeeten

Frankräich: Et gëtt net genuch Schampes gedronk!

Eigentlech ass den 2020er Joergang immens villverspriechend. Prall a séiss

Kënnt et haut zur Regierungsëmbildung?
International Neiegkeeten

Kënnt et haut zur Regierungsëmbildung?

Et geet eisem Justizminister Félix Braz (déi gréng) gesondheetlech net

Et geet Italien politesch grad net gutt

Staatschef Sergio Mattarella muss dubiéisen ex-Bänker mat Regierungsbildung beoptragen

Et geet Italien politesch grad net gutt

D‘Regierungskris an Italien, déi de Giuseppe Conte mat senger Récktrëtt als Premier provozéiert huet, fänkt un bedenklech Konturen unzehuelen. De Staatschef Sergio Mattarella wëll wéinst der Covid19-Pandemie an alle Problemer déi domadder anhier ginn, keng virgezunnen Neiwahlen a fuerdert eng Eenheetsregierung…

Nodeems et dem Giuseppe Conte erwaardungsgeméiss net sollt geléngen, seng Sondéierung bei méigleche „Partner“ zum Erfolleg an eegener Saach ëmzemënzen, huet de Sergio Mattarella vun alle Parteie gefuerdert, sech zesummenzeräissen an eng Eenheetsregierung zesummenzeneelen. „Ech fille mech verflicht, un all am Parlament usässeg Partien en Appell ze riichten, enger héichrangeger Regierung ee Vertrauen ze schenken, dat sech mat kenger politescher Formel sollt identifizéieren“, esou de Staatschef.

Italien

Knapps war dës Meldung verbreet ginn, huet aus sengem Büro geheescht, datt een de fréieren EZB-Chef, dee fir GoldmanSachs déi richteg a wichteg Entscheedunge vun der europäescher Finanzwelt beaflosst huet, zum Gespréich agelueden huet. Och dat keng Iwwerraschung, de Financier war scho länger am Gespréich, an am Kontext vun de mafiéisen Traditiounen, déi Italien esou eenzegaarteg maachen, bestëmmt eng exzellent Wiel.

Ee muss d‘Staang riicht halen

Dem Sergio Mattarella, kann dem Wonschkandidat seng dubiéis Vergaangenheet egal sinn, wat hie den Ament brauch ass ee Gefill vu Stabilitéit an eng Regierung déi bis 2023 (dem Enn vun der aktueller Legislaturperiod) duerhält. Hien hat wuel eppes Hoffnung doranner gesat, datt de Chef vum Parlament, Roberto Fico, déi all Bündnispartner géif nees vereent kréien, mee esou richteg Loscht haten déi dann elo och net méi.

Italien

Esou sinn dem 79 Joer jonke Staatspresident seng Optiounen eng no där anere fleete gaangen. Um Enn hat et der nach zwou: eng „nei“ Regierung (déi kee wëll) oder Neiwalen (wat eigentlech esou och kee wëll). Dobäi bréichten d‘Leit aus dem europäesche Stiwwel dréngend eng Regierung déi sech méi de Problemer am Land, a manner hirem „queesch stoende Fuerz“ zouwennt. An Italien ass et schwéier sech eng funktionell Regierung virzestellen, well d‘Politiker ëmmer den eegene Profit, dann dee vun de gudde Frënn am A hunn.

Et geet natierlech ëm (vill) Geld

Mee wat een och ëmmer vun der italienescher Politik hält, eng Saach léisst sech net ewech rieden: d‘Land ass an enger sanitärer Noutlag, déi vun enger Wirtschaftskris sonnergläiche begleet gëtt. Do kann ee sech kee méintelaange Walkampf leeschten. Dat net aus demokratesche mee finanzielle Grënn. Hei sti wichteg Finanzsprëtzen aus den europäesche Coronavirus-Hëllefsfong um Spill an d‘Regierung muss dréngend en Investitiounsplang virleeën.

Italien

Elo ass dann awer grad dorunner, dem politesch onofhängege Giuseppe Conte seng Regierung, gescheitert. Woubäi ganz esou ze presséiere schéngt et net. Den italieneschen Investitiounsplang gëtt zu Bréissel net virun Abrëll benéidegt. Zwee Méint, sinn no südlänneschem Zäitgefill eng gréisser Zäitspan wéi bei eis… Anersäits, suergt dës Regierungskris och zu Bréissel fir eppes Ongemaach, mussen dach dréngend Entscheedunge falen.

mat indymedia/rom

Illustratioun: © Luca Bravo / unsplash

Related topics Giuseppe Conte, Italien, Mario Draghi, Regierung, Sergio Mattarella
Next post Previous post