Search

You may also like

Fräi Tribün: Europawahlen 2019 – déi demokratesch Kraaft stäerken!
International Neiegkeeten

Fräi Tribün: Europawahlen 2019 – déi demokratesch Kraaft stäerken!

Den 23. Juni 2016 ass schonn elo een Dag, den

Afrikanesch Schwéngspescht: D’Strategie zur Reduktioun u Wëllschwäin
International Neiegkeeten

Afrikanesch Schwéngspescht: D’Strategie zur Reduktioun u Wëllschwäin

Bei der Visitt vun den europäeschen Autoritéiten hat de Grand-Duché

Lidl stäipt sech géint Verschwendung vu Liewensmëttel
International Neiegkeeten

Lidl stäipt sech géint Verschwendung vu Liewensmëttel

Et ass gewosst – an och verständlech – datt d‘Entscheedung

Italien reforméiert d‘Justiz

Italien reforméiert d‘Justiz

Bis ewell konnte juristesch Prozeduren Éiwegkeeten dauere bis se ofgeschloss konnte ginn. Dat soll änneren: zukünfteg soll et Friste ginn. Gëtt dës Frist iwwerschratt muss d‘Verfaren agestallt ginn…

Einfach war dës Entscheedung net, besonnesch wann ee vun de ville Koalitiounspartner der Reform net zougedoen ass. Esou de Movimento Cinque Stelle (M5S), dee sech géint de Projet zur wier gesat huet, well si de Justizsystem gutt kennen a befierchten, datt sech dausende Krimineller mat dëser Reform engem Urteel entzéie kënnen. Déi italienesch Justiz ass dann och net renomméiert et Lafen ze loossen… hei geet een et gäre gemälleg un.

Gëschter konnt de sech de Ministerrot, natierlech no weideren Diskussiounen, op e Kompromëss aloossen, firwat zu gudder lescht. d‘Strofrechtsreform eestëmmeg ugeholl ginn ass. Mat dësem „Arrangement“ si gewësse Fristen entgéint éischte Proposen, nees verlängert ginn. Friste soll et zudeem keng ginn, wann et sech ëm Verbriechen am Zesummenhang mat der Mafia, dem Terror, sexuell Gewalt oder Drogeschmuggel handelt.

Elo wou sech op dës Ausnamen an eng Rei weider Detailer verstännegt ginn ass, kann d‘Reform, also deen unhängleche Gesetzestext, elo dem Parlament virgeluecht ginn. Domadder mussen elo nach just déi zwou Kummere vum Parlament deem Ganzen zoustëmmen. Ass dat de Fall, da soll d‘Gesetz bis Enn 2024 gëllen. Observateure sinn zimmlech zouversiichtlech, datt och dës Hürde séier an ouni gréisser Diskussioun iwwerwonne ginn.

Dat huet awer en anere Grond wéi d‘Politik am Land. Dës Reform ass och wichteg, well se zu den Zousoe gehéiert, déi de Mario Draghi Bréissel gemaach huet, fir sech d‘Milliarden Euro aus dem europäesche Coronavirus-Hëllefsfong ze sécheren. Dat war sengerzäit esou och vum Movimento Cinque Stelle unerkannt a matgedroe ginn, an et schéngt jo, datt beim finalen Text den Awänn jo Rechnung gedroe gouf. Et sollt eng Formalitéit sinn.

mat indymedia/rom

Illustratioun: © Camille Minouflet / unsplash

Related topics EU-Subventiounen, Italien, Justizreform, Justizsystem, M5S, Movimento Cinque Stelle
Next post Previous post