Search

You may also like

money
OGBL: „Wann eng Mindestlounerhéijung elo net dran ass, wéini dann?“
International Neiegkeeten

OGBL: „Wann eng Mindestlounerhéijung elo net dran ass, wéini dann?“

Um Dënschdeg huet de nationale Comité vum OGBL éischt Fortschrëtter

Trump-Beroder Roger Stone muss an de Bing
International Neiegkeeten

Trump-Beroder Roger Stone muss an de Bing

Eigentlech wollt de Parquet de US-President säi Frënd fir 9

Covid-19: Lëtzebuerg dierf net méi als Risikogebitt agestuuft ginn
International Neiegkeeten

Covid-19: Lëtzebuerg dierf net méi als Risikogebitt agestuuft ginn

Déi nei epidemiologesch Zuele vum Lëtzebuerger Gesondheetsministère weisen, datt d’Neiinfektioune

Italienesch Justiz saiséiert d‘Schëff vu spuenescher ONG

Italienesch Justiz saiséiert d‘Schëff vu spuenescher ONG

En italienesche Riichter huet en Dënschdeg d‘Saisie vun engem Schëff, dat enger spuenescher ONG gehéiert, bestätegt. D‘ONG gëtt beschëllegt mat hirem Schëff déi illegal Immigratioun ënnerstëtzt ze hunn. D‘Affekotin vun der ONG deelt mat, datt ee säitens der Justiz Interessi huet, d‘Poursuitten ze begrenzen.

No enger Rettungsaktioun am Mëttelmier, haten d‘Secouriste vu „Proactiva Open Arms“ sech geweigert, déi gerette Migranten un déi libesch Küstewaach ze iwwerginn. Dräi Responsabel vun der ONG riskéieren ugeklot ze ginn, an hiert Schëff, d‘Open Arms, ass am sizilianeschen Hafe vu Pozzallo festgesat ginn.

D‘ONG hat sech gewiert an de Virfall an d‘Hänn vun engem Riichter geluecht. Deen huet d‘Saisie vum Schëff bestätegt, gesäit beschtefalls eng „Hëllef“ bei der illegaler Immigratioun, an huet d‘Beschëllegung „organiséiert Kriminalitéit“ gestrach. Eng Entscheedung déi dozou féiert, datt de Parquet vu Catane, d‘Enquête ofgeholl kritt.

Fir de Procureur Carmelo Zuccaro, erkläerte Géigner vun den am Mëttelmier aktiven ONGen, eng kleng Néierlag. Déi juristesch Suite läit elo an der Hand vum lokale Parquet vu Raguse. Wann d‘Juristen an dësem Dossier wéineg Gefor fir d‘Secouristen an d‘Responsabel vu Proactiva Open Arms gesinn, d‘Zukunft vum Schëff wier awer ongewëss.

Wat war geschitt?

Déi kontroverséiert Rettungsaktioun hat de 15. Mäerz stattfonnt, wéi déi italienesch Küstewaach der Open Arms zwee Booter a Séinout gemellt hunn. Booter déi 73 nautesch Meile vun der libescher Küst ewech waren. Wéi d‘Rettung ageleet, war huet déi italienesch Küstewaach preziséiert, datt Tripolis d‘Koordinatioun vun den Operatiounen iwwerholl huet.

Op der Open Arms hunn d‘Secouristen ugefaangen d‘Migranten ze retten, a sech eppes méi spéit geweigert, d‘Mënschen engem libesche Schnellboot ze iwwerginn, dat op d‘Plaz komm war. Déi italienesch Justiz ass iwwerzeegt, datt laut gültegem Recht, d‘Migranten zu Malta, also dem am nächste geleeënen Hafen, hätte missen d‘Schëff verloossen.

Esou ergëtt et sech, datt déi italienesch Justiz der ONG ënnerstellt, alles esou an d‘Wee geleet ze hunn, fir d‘Migranten no Italien ze féieren. D‘ONG stellt hei kloer, datt et net méiglech ass, déi aus der Séinout gerette Mënschen zu Malta ofzesetzen, vu datt d‘Land nëmme medezinesch Noutfäll unhëlt. Domatter wieren och der ONG d‘Hänn gebonne gewiescht.

D‘Entscheedung vum Riichter deckt awer och op, datt e Schëff vun der italienescher Marine zu Tripolis, déi libesch Küstewaach iwwert d‘Präsenz vun de Booter a Séinout informéiert huet. Eng Informatioun, déi den Deputéierte Riccardo Magi mat groussem Interessi opgeholl huet. Dëse Fakt géif dem Dossier e ganz anert Gesiicht ginn.

Komplex Situatioun

Duerch d‘Bedeelegung vun der italienescher Marine un Operatioune vun der libescher Küstewaach, entsteet hei eng Situatioun, déi d‘Zréckweisung illegal mécht. Dat an der Mesure, wou eng Partie Migranten op de Booter (an der Moyenne 40%) en Usproch op de Statut vum Refugié, oder zumindest den humanitäre Schutz hunn.

Schonn 2012 hat den europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter Italien veruerteelt, fir 2009 Migranten no Libyen verfracht ze hunn. Deenen hir Situatioun hat sech dramatesch verschlechtert, nodeems de libesche Staatschef Mouammar al-Kadhafi ëmbruecht gi war.

A Spuenien huet d‘Saisie vum Schëff e grousse Mouvement zur Ënnerstëtzung ausgeléist. Ënnert dem Slogan: „Liewe retten ass kee Verbriechen“ haten honnerte Leit um Samschdeg protestéiert. Mat enger Petitioun op „change.org“, déi a kuerzer Zäit iwwer 280.000 Ënnerschrëfte gesammelt huet, an dem Bäistand vun den Acteure Penelope Cruz a Javier Bardem, ass d‘ONG net eleng.

Nach bis virun engem Joer, hunn eng Dose Schëffer virun der libescher Küst patrulléiert. Elo ass et nach een eenzegt. D‘Open Arms ass dat zweet Schëff, dat vun der italienescher Justiz saiséiert ginn ass. Dat éischt, am leschte Summer war d‘Iuventa vun der däitscher ONG „Jugend Rettet“. Vill ONGen hunn hir Aarbecht agestallt, nodeems si vun der libescher Marine bedreet goufen.

mat AFP

Foto: Supporter a Membere vun der ONG Proactiva Open Arms haten um Samschdeg zu Barcelona géint d‘Saisie vum Schëff protestéiert. Mam Slogan „Mënscheliewe retten ass kee Verbriechen“ wollten si e Message un déi italienesch Justiz weideleeden. © Josep Lago/AFP

Related topics Italien, Libyen, Mëttelmier, ONG Jugend Rettet, ONG Proactiva Open Arms
Next post Previous post