Search

You may also like

Fräiheet a Sécherheet: Hu mir no 4 Méint Pandemie de Respekt verluer?
International Neiegkeeten

Fräiheet a Sécherheet: Hu mir no 4 Méint Pandemie de Respekt verluer?

Bei der ëffentlecher Chambersitzung vun haut huet de Premier- a

Wat leeft dann hei? De Baachequiz!
International Neiegkeeten

Wat leeft dann hei? De Baachequiz!

[onionbuzz quiz-id=163][/onionbuzz] No eisem Flossquiz hu mer eis decidéiert, datt

No der Musel, elo och Cyanobakterien um Stauséi…
International Neiegkeeten

No der Musel, elo och Cyanobakterien um Stauséi…

Am Kontext vun der reegelméisseger Iwwerwaachung vun der Waasserqualitéit, hunn

Italienesch Regierungskris hält sech

Italienesch Regierungskris hält sech

Datt de parteilosen italienesche Ministerpresident Giuseppe Conte matten an der sanitärer Kris ouni Majoritéit do steet, huet hie senger Allianz mat de butzeger Partei „Italia Viva“ vum Matteo Renzi ze verdanken. Zwou Ministerinnen an e Staatssekretär hunn d‘Handduch geworf, well si net wollten datt sech Italien Geld aus dem ESM bei der EU besuergt.

An elo ergeet dem Beruffspolitiker mat juristeschem Hannergrond wéi ville Virgänger: hie muss sech am Parlament der Vertrauensfro stellen. A wéi vill vu senge Virgänger, siicht och de Giuseppe Conte no enger nohalteger Majoritéit. Dat esou eppes an Italien sollt méiglech sinn, dozou gëtt et aus der jonker Geschicht leider keng Beispiller, déi ee méiglecher Verglach erméigleche kéinten.

Dat soll net heeschen, datt et dem italienesche Regierungschef net kéint geléngen, eng Aart Unioun vun de „Verantwortungsbewossten“ (wéi wann et esou eppes am politesche Kontext géif ginn) ze schmidden. Fir den Ament gesäit et jo emol esou aus, wéi wann sech de Giuseppe Conte, nach op d‘Kooperatioun vum Partido Democratico (PD) an dem Movimento 5 Stelle (M5S) ka verloossen.

Elo bréicht dozou nach ee politeschen Zwerg, esou wéi dem Matteo Renzi säi Veräin, dës Kéier dann awer ee mat enger däitlecher politescher Ausriichtung an eppes Gefill fir Zesummenhalt. Wier dat tatsächlech méiglech, kéint ee scho bal behaapten, datt de Giuseppe Conte politesch autonom ass. Woubäi net virstellbar ass, datt hei d‘Politiker hir eegen Interesse géifen hannen ustellen.

Ee gesonden Ego

Sollt d‘Regierung nach ze rette sinn, muss de Giuseppe Conte d‘Vertrauensfro iwwerliewen. Säit den Broch ass hien op der Sich no all Stëmm, an et ass richteg, datt hien sech hei ganz gutt schléit. Esouguer Parlamentarier vun „Italia Viva“ stellen sech op dem Ministerpresident seng Säit. An och de Matteo Renzi héchstperséinlech, sicht d‘Opmierksamkeet vum Vollek. Hien huet Ambitiounen.

Den Italia Viva Parteichef ass am Clinch mat der Regierung, well hien iwwerzeegt ass, datt déi vun den iwwer 200 Milliounen Euro aus dem europäesche „recovery fund“ net an d‘Zukunft géifen investéiert ginn, mee a Boni. Eng Kritik déi net ignoréiert gouf, firwat et zu enger helle Wull u Korrekture komm ass. Et ass awer offensichtlech net gelongen, de Matteo Renzi zefriddenzestellen.

Fir déi gréisst Fraktioun vun der Koalitioun, dem Movimento 5 Stelle (M5S), ass de Broch deen de Matteo Renzi matten an der Pandemie ausgeléist huet, ee gewote Schratt. Si hu kee Versteesdemech fir dës Aktioun: „Eng Kris am Däischteren erbäizeféieren, steet fir mech am Géigesaz zum Wëllen déi staatlech Mesuren ze verbesseren an d‘Problemer ze léisen“, esou den Nicola Zingaretti.

Geet de Schoss no hanne lass?

Et schéngt dann elo awer och esou, datt d‘Italiener selwer, gewëssen Zweiwel un der Strategie vum Matteo Renzi an senger „Italia Viva“ hunn. Laut enger Ëmfro, wiere bis zu 70% vun den Italiener der Meenung, datt de fréiere Ministerpresident reng perséinlech Interesse verfollegt, an esou dem Land éischter schuede géif, wéi derzou bäizedroen, d‘Situatioun vun Italien ze verbesseren.

Op där aner Säit sinn d‘Oppositiounsparteien am Gléck. De Chef vun der faschistescher Lega Nord, Matteo Salvini, kéint dann och grousse Profit aus Neiwalen zéien. Elo ass awer gewosst, datt grad den Ament kee Senateur a wuel och keen Deputéierten eeschthaft drun denkt „heem ze goen“, wat dem geschëlt ass, datt bei Neiwalen net jidderee säi Mandat wäert verdeedege kënnen.

Dat dorobber zeréckzeféieren, datt 2018 d‘Zuel vun de Mandater erhieflech reduzéiert gouf. Mee den ament geet et emol ëm d‘Vertrauensfro. Geléngt et dem Conte net eng Majoritéit ze fannen, misst de Staatschef Sergio Mattarella sech op d‘Sich no engem neie Ministerpresident maachen. Dëse misst dann awer sengersäits nees eng Majoritéit fannen. Et bleift also weider interessant.

mat indymedia/rom

Illustratioun: © Emma Fabri / unsplash

Related topics Giuseppe Conte, Italia Viva, Italien, Matteo Renzi, Neiwalen, Regierung
Next post Previous post