Search

You may also like

Besseren Zougrëff op d’Fleeg
International Neiegkeeten

Besseren Zougrëff op d’Fleeg

Bei enger Pressekonferenz zu den néie Moossname fir ee besseren

Avis fir de Public: Reprise vum Unterrecht am Secondaire
International Neiegkeeten

Avis fir de Public: Reprise vum Unterrecht am Secondaire

money
Amerika… och a Krisenzäiten ëmmer op der éischter Plaz
International Neiegkeeten

Amerika… och a Krisenzäiten ëmmer op der éischter Plaz

Am Land vun der onbegrenzter Fräiheet, wou ee Milliardär zum

Italienesche Regierungschef am Gléck

Italienesche Regierungschef am Gléck

Nom Parlament huet den italienesche Premierminister Giuseppe Conte, och an der klenger Kummer (Senat) d‘Vertrauensofstëmmung fir sech entscheet. Et ass allerdéngs net duer gaangen sech déi absolutt Majoritéit ze sécheren (156:140). Am Parlament hat de Regierungschef dës nach fir sech beusproche kënnen. Domadder entfale Regierungsneibildung oder Neiwalen.

Wann et eigentlech eng gutt Nouvelle fir d‘Italiener ass, datt si elo net matten an der sanitärer Kris, sech och nach mat enger Regierungskris a méiglechen Neiwale ploe mussen, esou muss een dem Giuseppe Conte säi „Gléck“ schonn eppes relativiséieren. Dem 56 järege Jurist an onofhängege Beruffspolitiker säi „politeschen Erfolleg“ ass ausbliwwen, eng stabil Koalitioun huet hien net.

Dem italienescher Regierungschef seng Koalitioun war aus de Schong gehuewe ginn, nodeem dem Matteo Renzi (Italia Viva) seng Ministerinnen an ee Staatssekretär demissionéiert hunn. Déi haten eng ganz eege Virstellung vun der Verwendung vun den EU-Finanzhëllef am Kontext vun der Covid19-Pandemie, a hu sech mat de Partner och iwwert d‘Beusprochung vum ESM gestridden.

Regierungschef

Wärend Italia Viva vun der Regierung, also vum Giuseppe Gefuerdert hunn, war sech Geld aus dem Europäesche Sécherheets-Mechanissem (ESM) ze besuergen, fir séier op d‘Ufuerderungen am Kontext vun der sanitärer Kris reagéieren ze kënnen. De Giuseppe Conte selwer war vun esou enger Optioun net iwwerzeegt, a mam Koalitiounspartner Movimento 5 Stelle war et net ze maachen.

De Ministerpresident an d‘Kolleege vu M5S wësse vun de Konsequenzen, déi engem Land dreeë wann et op den ESM zougräift. Griicheland beispillsweis, huet alles misse privatiséiere wat nach profitabel war. D‘EU-Partner hunn dem Land op Joerzéngten hinn finanziell esou grousse Schued zougefüügt, op esou eppes sollt sech kee méi aloossen. De Matteo Renzi awer wollt Italien afferen.

mat indymedia/rom

Illustratioun: © Dayne Topkin / unsplash

Related topics Giuseppe Conte, Italien, Regierungschef, Vertrauensvott
Next post Previous post