Search

You may also like

Fir déi ganz Famill – Kucke mir e Film zesummen?
Neiegkeeten

Fir déi ganz Famill – Kucke mir e Film zesummen?

D’Ouschtervakanz huet ugefaangen, a wien weess, villäicht huet den Ouschterhues

Editorial: Wann een awer net méi emol dierf haart nodenken
Neiegkeeten

Editorial: Wann een awer net méi emol dierf haart nodenken

Also et ass elo awer och wierklech net einfach fir

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 22. August
Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 22. August

Vu Musek a Konscht, iwwert Atelieren a Workshops, bis hin

ITM: Kanneraarbecht an illegal Beschäftegungen bei Kontrollen opgedeckt

ITM: Kanneraarbecht an illegal Beschäftegungen bei Kontrollen opgedeckt

Vun Enn Juli bis Enn August huet d’Aarbechtsinspektioun ITM ganzer 283 Kontrolle bei 197 Entreprisen duerchgefouert. De Bilan vun de Verstéiss zitt sech dobäi zimlech an d’Längt. Vu feelende Sonnergeneemegungen, iwwert illegal Aarbechter, bis hin zu Kanneraarbecht ass alles dobäi.

D’Missioun vun der Aarbechtsinspektioun ass d’Preventioun viru professionelle Risiken, sou wéi de Schutz vun der Sécherheet an der Gesondheet op der Aarbechtsplaz. D’ITM-Servicer CCA (Contrôles, Chantiers et Autorisation) an DET (Détachement) hu wärend dem Kollektivcongé de Bausecteur kontrolléiert, wärend vum 3. bis den 23. August een A op Entreprisë fir sanitär Installateuren, Heizung a Klimatisatioun gehäit ginn ass.

Duerch feelend Sonnergeneemegungen wärend dem Kollektivcongé sinn an 13 Fäll d’Aarbechte (Entreprisë vu Gebaiaarbechten a Génie Civil) gestoppt ginn. Selwecht huet et an 3 Fäll bei Entreprisen, déi sech ëm sanitär Installatiounen, Heizungen an d’Klimatisatioun këmmeren, ausgesinn.

Ganzer 5 Mol sinn d’Aarbechte fir 48 Stonnen ënnerbrach ginn, eng Verlängerung gouf ausgeschwat wéinst imminenter Gefor fir d’Sécherheet an d’Gesondheet vun den Salariéen. Dës Weidere koum et zu 19 Schléissunge vun Installatiounen, déi den Dispositioune vu klasséierten Etablissementer ënnerleien (Commodo/Incommodo) a 55 Schléissunge vu Chantieren, bei deenen d’Sécherheet an d’Gesondheet vun den Aarbechter net konnt garantéiert ginn.

Dobäi kommen 28 Unuerdnunge géint Entreprisen hisiichtlech zur Regularisatioun vun den Infraktiounen a Saache Sécherheet a Gesondheet op der Aarbecht. 3 Aarbechter hunn 13 Ressortissanten aus Drëttstaaten ouni Aarbechtsgeneemegung oder mat onreegelméissegem Openthalt agestallt. Dës 3 Männien duerften trëppelen.

Ma, 25.000 € méi aarm ass elo een Employeur, deen illegal 10 Ressortissanten aus Drëttstaaten agestallt huet. Bei enger anerer Firma gouf eng jonk Persoun ënnert 16 Joer beschäftegt, wouduerch och hei d’Aarbecht direkt gestoppt ginn ass. Selwecht goung et fir eng Entreprise, déi eng Persoun ënnert 15 Joer beschäftegt hat, wat als Kanneraarbecht bezeechent gëtt.

Ofschléissend sinn 3 Protokollen un de Procureur d’État ausgestallt ginn am Beräich Kanner- a Jugendaarbecht, Mënschenhandel an Aarbecht vu Ressortissanten aus Drëttstaaten mat onreegelméissegem Openthalt.

Opmaacherbild: © Josue Isai Ramos Figueroa / Unsplash

Related topics Aarbechtsinspektioun, CCA, DET, Drëttstaaten, Gesondheet, Illegal Aarbecht, ITM, Kanneraarbecht, Kollektivcongé, Sécherheet, Sonnergeneemegung
Next post Previous post