Search

You may also like

Däitschland: Sech net impfe loosse soll deier ginn
Neiegkeeten

Däitschland: Sech net impfe loosse soll deier ginn

Den däitsche Gesondheetsminister Jens Spahn (CDU) ass es midd, datt

Washington veruerteelt EU-Hëllefsplang fir den Iran
Neiegkeeten

Washington veruerteelt EU-Hëllefsplang fir den Iran

Op e neits mëschen sech d‘USA an d‘EU-Diplomatie an. En

Een neie Pompjeesbau zu Menster
Neiegkeeten

Een neie Pompjeesbau zu Menster

Um vergaangene Freideg gouf den éischte Spuedestéch fir de Bau

Iwwer 626.000 Awunner zu Lëtzebuerg – méi Bestietnisser, awer och méi Scheedungen

Iwwer 626.000 Awunner zu Lëtzebuerg – méi Bestietnisser, awer och méi Scheedungen

Wärend dem Joer 2019 huet d’Populatioun vu Lëtzebuerg ëm ganzer 12.214 Persoune zougeholl. Um 1. Januar 2020 konnt ee soumat 626.108 Residenten zielen. Erklären deet de STATEC dës Evolutioun duerch d’Immigratioun. Bal d’Halschent, also 47 % fir genau ze sinn, vun eisen Awunner hunn nämlech keng Lëtzebuerger Nationalitéit.

Am Verlaf vum vergaangene Joer konnt een natierleche Solde (Gebuerten – Stierffäll) vun 1.947 an ee Wandersolde (Arrivée – Depart) vun 11.075 Persounen observéiert ginn. Am Duerchschnëtt ginn d’Männer zu Lëtzebuerg 80, d’Fraen 84,5 Joer al. Dobäi kréie Fraen an der Moyene mat 31 Joer hiert éischt Kand.

Lëtzebuerg

Ma, kuckt een den Duerchschnëttsalter vun der Populatioun um 1. Januar 2020, esou hunn d’Männer 38,8 an d’Fraen 40,3 Joer. Et soll een awer bedenken, datt auslännesch Awunner signifikant méi jonk sinn, wéi d’Lëtzebuerger. Wärend auslännesch Fraen ganzer 5 Joer méi jonk si wéi Lëtzebuergerinnen, erreechen d’Männer een Ënnerscheed vun 2,7 Joer am Duerchschnëtt.

Lëtzebuerg

Manner Gebuerten, manner Stierffäll

Bei de Gebuerten erlieft de Groussherzogtum ee liichte Réckgang. Am Joer 2018 louche mir nach bei 6.274 Gebuerten, 2019 bei 6.230 (-0,7 %). Och hei gëtt et nees een Ënnerscheed tëscht der Lëtzebuerger an auslännescher Bevëlkerung. D’Zuel vun neigebuerene Lëtzebuerger ass nämlech ëm 1,0 % geklommen, wärend d’Zuel u Puppelcher mat enger anerer Nationalitéit ëm 2,4 % ofgeholl hunn.

Kucke mer d’Stierffäll, esou komme mir op een Total vun 4.283 (-0,8 % am Verglach zu 2018). Doduerch, datt eis auslännesch Bierger am Duerchschnëtt méi jonk sinn, fält och hiren Taux un Stierffäll méi geréng aus (1.027 Stierffäll bei auslännesche Residenten, 3.257 Stierffäll bei Lëtzebuerger Bierger).

Lëtzebuerg bleift een Immigratiounsland

Am Joer 2014 konnten d’Fransousen d’Portugise beim internationale Flux iwwerholl, 2018 sinn och d’Italiener viru si geréckelt. Ënnerhalb vu 5 Joer huet den Undeel vun der gesamter Netto-Immigratioun nämlech ganzer 7 % verluer, woumat portugisesch Bierger am Joer 2019 just nnach 8,9 % vun der Bevëlkerung representéiert hunn. Franséisch Bierger leie bei engem Taux vu 14,8 %, d’Italiener bei 9,2 %.

Lëtzebuerg

Vergläicht een d’Joren 2018 an 2019, esou bleift den Taux vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung, mat Réckgang un Naturalisatiounen vun 18,6 %, nach ëmmer stabil. Um 1. Januar 2020 waren esou 52,6 % Lëtzebuerger an eiser Populatioun virzeweisen.

Nach kuerz zu Bestietnisser a Scheedungen

Konnte mir am Joer 2018 ganzer 1.896 Bestietnisser zielen, esou ass een 2019 ëm ganzer 13 % geklommen (2.143 Bestietnisser). Heirënner sinn 59 Hochzäite vu Persoune vum selwechte Geschlecht gezielt ginn: 35 Bestietnisser tëscht Mann a Mann, 24 Bestietnisser tëscht Fra a Fra.

Zur gläicher Zäit ass d’Zuel bei de Scheedungen hefteg geklommen. Vergläicht een d’Joren 2018 an 2019, esou ass ee vun 1.230 op 1.906 (+54,9 %) Scheedungen eropgaangen.

Opmaacherbild: © Timon Studler / Unsplash

Related topics Auslänner, Awunner, Bestietnisser, Bevëlkerung, Gebuerten, Hochzäit, Lëtzebuerg, Populatioun, Scheedung, Statec, Stierffäll
Next post Previous post