Search

You may also like

Fondatioun Autismus Lëtzebuerg: „Hei ginn ech gebraucht, hei ass meng zweet Famill“ (Deel 2)
Neiegkeeten

Fondatioun Autismus Lëtzebuerg: „Hei ginn ech gebraucht, hei ass meng zweet Famill“ (Deel 2)

Deel 2: D’Danielle Keup, 49 Joer, huet hiert ganzt Liewe an

Top 10 vun de beschte koreanesche Filmer zënter 2000
Neiegkeeten

Top 10 vun de beschte koreanesche Filmer zënter 2000

Zënter dem Film „Parasite“ huet den asiatesche Kino d’Gléck, ee

Wahlen an der D.R. Kongo: D‘Land huet e neie President
Neiegkeeten

Wahlen an der D.R. Kongo: D‘Land huet e neie President

No vill Gedeessems, Gewaltuwennung an esouguer Doudeger, war en Enn

Iwwerreechung vum Anne Beffort Präis 2018

Iwwerreechung vum Anne Beffort Präis 2018

En Donneschdeg huet d’Stad Lëtzebuerg erëm den desjäregen Anne Beffort Präis iwwerreecht, an dat un d’Associatioun „Stëmm vun de jonke Fraen“. Déi feierlech Zeremonie an der Gemeng ass vum Schäfferot an der Madamm Claudie Reyland, Presidentin vun der Kommissioun fir Gläichberechtegung tëschent Männer a Fraen, ofgehale ginn.

Mat dësem Präis huet d’Stad Lëtzebuerg der Associatioun hiert Engagement bei der Chancegläichheet, de Gesetzer an der Behandlung vu Mann a Fra ugerechent. De Grupp „Stëmm vun de jonke Fraen“, den aus jonke Fraen a Männer tëschent 16 an 30 Joer besteet, ass entstane fir och Jonker am Kampf géint Sexismus an Ongläichheete mat an ze bezéien.

Den Anne Beffort Präis

Säit 2003 iwwerreecht de Schäfferot, mat der Initiative vun der consultativer Kommissioun fir d’Chancëgläichheet tëschent Fraen a Männer, all Joer dëse Präis, den no senger Matbegrënnerin aus dem Meedercherslycée zu Lëtzebuerg an éischt weiblech Professorin am Grand-Duché benannt ginn ass.

De Präis vun 3.000 € geet un individuell Persounen, Associatiounen ouni lukratiivt Ziel, Gruppen oder Institutiounen déi sech fir d’Geschlechtergläichheet an eisem Land asetzen.

An de Jore virdrun hunn ënnert anerem d’Colette Flesch (2017), de Planning Famillial (2016), ALUPSE (2015) a Girls in Tech Luxembourg (2014) den Anne Beffort Präis iwwerreecht kritt.

Related topics Anne Beffort Präis, Claudie Reyland, Lëtzebuerg, Präis, Stëmm fir jonk Fraen, Voix pour jeunes femmes
Next post Previous post