Search

You may also like

Sektiouns-Kongress vun de Stater Piraten
International Neiegkeeten

Sektiouns-Kongress vun de Stater Piraten

Den 12te September 2021 hunn d’Stater Piraten hire Sektiouns-Kongress ofgehalen.

Den digitaliséierte Motorsport
International Neiegkeeten

Den digitaliséierte Motorsport

Motorsport am virtuelle Raum, dat war an ass nach ëmmer

Military Challenge 2019 – Mat Geschéck a Konditioun ëm de Stauséi
International Neiegkeeten

Military Challenge 2019 – Mat Geschéck a Konditioun ëm de Stauséi

Bei der 8. Editioun vum Military Challenge sinn um haitege

Vill Affer no Iwwerschwemmungen am Tennessee

Vill Affer no Iwwerschwemmungen am Tennessee

No heftegem Staarkreen war et am US-Bundesstaat zu katastrophalen Inondatioune komm. Laut den Autoritéite wiere mindestens 22 Affer ze bekloen, eng 30 Persoune ginn zur Stonn vermësst.

De Sheriff vun Humphreys County (westlech vun Nashville) huet keng gutt Nouvellen, an hie geet dovunner aus, datt se nach schlëmmer ginn, wéi dat befiercht gëtt. Den Zentrum vum Tennessee ass éischter „ländlech“, d‘Landschaft gett vu ville klenge Waasserleef gepräägt. Iwwert de Weekend huet et deraart geschott, datt dës aus hire Better gehuewe goufen.

An der 4.500 Awunner Gemeng Waverly si Baachen zu räissende Flëss ginn. D‘Héichwaasser huet net nëmme Stroum an Telefonspottoe mat ewech gerappt, hei goufen d‘Stroossen esou ënnerspullt, datt si reegelrecht ewechgeschwemmt goufen. Zu McEwen huet et um Samschdeg esouvill gereent, wéi zanter 1982 am ganze Bundesstaat Tennessee net méi.

mat indymedia/bna

Related topics Baachen, Flëss, Inondatioun, Iwwerschwemmungen, Nashville, Staarkreen, Tennessee, USA
Next post Previous post