Search

You may also like

Indexéierung vun de Familljenzoulagen
International Neiegkeeten Stories

Indexéierung vun de Familljenzoulagen

Nodeems ee sech eens ass, datt d‘Familljenzoulagen nees indexéiert ginn,

Editorial: Bedenklech Testsituatioun
International Neiegkeeten Stories

Editorial: Bedenklech Testsituatioun

Zanter gëschter kann een nees am Restaurant selwer an net

Editorial: Eng onkohärent Approche zur „Start-up“ Natioun
International Neiegkeeten Stories

Editorial: Eng onkohärent Approche zur „Start-up“ Natioun

Mat de Gambia-Koalitioun ass 2013 och d‘Ambitioun opkomm, aus Lëtzebuerg

Et kann een iwwert alles Schwätzen (Analys)

Am Kontext vun de Verhandlungen zum Iraneschen Atomprogramm bei der IAEA zu Wien, hunn d‘Ajatollahen de Gespréichspartner d‘Hand ausgestreckt

Et kann een iwwert alles Schwätzen (Analys)

D‘Verhandlungen ëm eng méiglech Neioplo vum Atomofkommes mat den Iraner zéien sech. Zu Wien um Sëtz vun der internationaler Atomkontrollkommissioun IAEA, versichen déi europäesch Signatairen Däitschland a Frankräich, zesumme mat de Britten an de Russen, d‘Ajatollahen nees Gespréicher mat den Amerikaner ze motivéieren an d‘Ofkommen (JCPOA) ze respektéieren.

Problem: de 45. US-President huet d‘Atomofkommes mat den Iraner aus Grënn opgekënnegt, an de facto gëtt et kee Vertrag méi géint deen d‘Iraner verstousse kéinten. Zudeem gouf sengerzäit den Iraner d‘Ophiewe vu gewësse Sanktioune versprach, an och Handelsbezéiunge goufen Teheran an Aussicht gestallt. Näischt dovunner gouf ëmgesat, an et sinn och nei Sanktiounen derbäi komm.

Natierelch hunn d‘USA keng Schold dorunner, datt dës Situatioun eppes aus dem Rudder gelaf ass, an et ass jo wuel datt mannst, vun den Ajatollahen ze erwaarden, datt si sech trotzdeem un dësen Accord ze halen hunn. Dat hunn déi och eng Rei Joren tatsächlech gemaach, awer ouni datt sech dat Geréngst fir si am wirtschaftlechen oder diplomatesche Kontext zum positiven Entwéckelt huet.

Teheran huet dann och nees d‘Fortféierung vum Atomprogramm decidéiert. Si hunn allerdéngs och d‘Aluedung vun der IAEA ugeholl, fir mat de Vertrieder vun den ënnerzeechnende Länner, ausser dem USA, d‘Situatioun nach emol op de Leescht ze huelen, an ze kucke wat méiglech kéint sinn. D‘US-Vertrieder sollten de Gespréicher aus engem anere Raum verfollegen, esou den Deal…

Eng Eenegung ass méiglech

Ee Samschdeg huet den iranesche Vizeausseminister Abbas Araghchi zu Wien erkläert: „Mir hunn haut den Output vun den Experteronnen analyséiert, an dorausser ergëtt sech d‘Méiglechkeet vun enger Eenegung“. Seng Regierung hätt ee Plang skizzéiert, op därer Basis et méiglech wier nees un d‘Verflichtungen aus dem JCPOA unzeknäppen. Woubäi d‘US-Sanktioune misste revidéiert ginn.

Zil vum Atomofkommes aus 2015 war et eigentlech, dem Iran d‘Entwécklung vun der ziviller Notzung vun der Atomkraaft ze erméiglechen, bei gläichzäiteger Verhënnerung vum Ausbau vun Atomwaffen. Atomwaffen, dat gehéiert sech esou, dierfen nëmmen an Hänn vun Demokratien an sech fir de Fridden an der Welt asetzend Natioune sinn. Lëtzebuerg notz déi vun den USA mat…

Dat alles hätt sech kënnen opgoen, mee d‘USA improviséiere jo och emol a mussen um Enn awer Recht behalen. Resultat vum Ganzen? An der Nuecht op ee Freideg huet den Iran säin Uran op bal 60% ugeräichert. D‘Inspekter vun der IAEA, déi zu Natanz d‘Fortschrëtter observéieren, hunn dëst bestätegt. D‘Uräicherung ass zudeem eng Äntwert op den israeleschen Uschlag op d‘Kraaftwierk.

Hätten d‘Amerikaner den Accord net zerrappt, wier entspriechend dem Ofkommes eng Uräicherung vun 3,67% zoulässeg. An natierelch gëtt sech nach drop behaapt, datt den Iran géint en Ofkommes verstéisst wat et beschtefalls nach just zur Diskussiounsgrondlag brénge kann. Wann elo awer déi Iraner den Uran op +90% uräichere sollten, hätten si och nees waffefäegt Material zur Verfügung.

Amerikaner hunn ëmmer Recht

De Joe Biden, deem seng politesch Vertrieder eigentlech sollten drun interesséiert sinn nees mat den Iraner an d‘Gespréich ze kommen, huet et guer net appreciéiert, dat US-Diplomate quasi aus enger Spënnchen eraus de Gespréicher nolauschtere mussen an sech direkt abréngen duerften. Hien hält d‘Aart a Weis vun der iranescher Delegatioun absolut net fir ubruecht, si hätten sech ze fügen.

Et ass net well et am virleiende Fall esou ass, datt sech d‘Iraner bis zur Vertragskënnegung duerch d‘USA strikt un den Accord gehalen hunn (an dat och nach Joren duerno) datt een den éischte Schratt misst maachen. Nee de Problem sinn d‘Iraner, déi hir Politik, Relioun an hir Liewensaart net där vun den Amerikaner ugläiche wëllen. Si sollten sech gefällegst ee Beispill un der EU huelen.

An do huet et de Josep Borell Fontelles, ee senillen Diplomat mam Charisma vun engem Frontex Mëttelmier-Asaz, sech natierlech missen ervirdoen a feststellen: „Aus europäescher Siicht gëtt et fir den iranesche Beholl keng gutt Erklärung“. Hie géif et begréissen, wann d‘Ajatollahen elo endlech kéinten unhuelen, datt si sech dem Diktat vu Washington a sengen Alliéierten ënnerwerfe mussen.

Dat wäert net geschéien, an et huet ausnamsweis näischt mat de Russen ze dinn, déi och mat um Dësch sëtzen. Et huet domadder ze dinn, datt Amerikaner wuel ëmmer gäre Verträg virleeën, déi si dann awer meeschtens eesäiteg an ouni weider Verhandlunge mam „Partner“ amendéieren, an zwar méiglechst esou, datt nëmmen US-Interesse berécksiichtegt ginn. En kann net jidderee Chef sinn.

mat indymedia/vie/was/mow

Related topics Atomprogramm, IAEA, Iran, JCPOA, Sanktiounen, USA
Next post Previous post