Iwwert Nohaltegkeet a Ressourcennotzung

Iwwert d’Aktiounsdeeg fir Nohaltegkeet sollten all Joer d’Prinzippie vu grad dëser verbreet ginn. Et muss bis an dat lescht Ouer héiere ginn! D’Kanner an eis nächst Generatioune mussen dëst léieren an uwenden, wa si wëlles hunn, de Planéit ze retten. Wa sech net un de Klimaplang gehale gëtt verschlechtert sech d’Situatioun dramatesch.

Et ass virbildlech sech an Nohaltegkeet ze engagéieren. Domat gëtt d’Welt ee Stéck besser gemaach. Bei der Nohaltegkeet geet et drëms, gesellschaftskritesch, ëmweltspezifesch a sozial Aspekter vereenen, fir folgende Generatiounen ee gutt Liewen ze bidden.

Do kënnt et eigentlech gutt, datt och den 30. Mee « de Blummen netzen-Dag » ass. Fir déi faarweg Blummen um Liewen ze erhalen, musse si reegelméisseg genetzt ginn – alt méi, alt manner.

Also ass haut nees d’Geleeënheet, virun allem wann et normalerweis vergiess gëtt! Den haitegen Dag soll dech drun erënneren, dat alles vergänglech ass, wann net uerdentlech drop opgepasst gëtt.

Nohalteg Liewe kann een, wann vegan giess gëtt, gebrauchte Kleedung kaf gëtt a bewosst manner Liewensmëttel akaf ginn. Eng gutt Iddi ass och op Plastikstuten ze verzichten an nëmme regional Produiten ze notzen. Vëlo fueren aplaz mam Auto, hëlleft och – an op Hausmëttelen ze gräifen, hëllefen dacks déi einfachst Hausmëttelen, géint de Kampf géint Flecken.

Dernières nouvelles