Search

You may also like

Attentat zu Manchester: 22 Doudeger a 50 Blesséierter
Neiegkeeten

Attentat zu Manchester: 22 Doudeger a 50 Blesséierter

Bei engem hannerlëschtegen Attentat zu Manchester bekloen d’Autoritéiten 69 Affer.

Wéini kënnt den Tram fir Dikrech an Ettelbréck?
Neiegkeeten

Wéini kënnt den Tram fir Dikrech an Ettelbréck?

Datt den Tram an der Stad grad wéi d‘Gratuitéit vum

D’Sandmeedchen: Eng Posch voller Dreem, ee Këssen voller Hoffnung
Neiegkeeten

D’Sandmeedchen: Eng Posch voller Dreem, ee Këssen voller Hoffnung

Mamma, liese mir haut e Buch? Ma natierlech! Fir ze

JADO: Kreativ Lëtzebuerger Kaddoen mat engem Klick!

JADO: Kreativ Lëtzebuerger Kaddoen mat engem Klick!

Sponsored Story – Wa sech kreativ Käpp aus Lëtzebuerger Entreprisen a Manufakturen zesummendinn, da ka just eppes Guddes dobäi erauskommen. Genee esou ass JADO entstanen – e reng Lëtzebuerger Online Shop bitt héich qualitativen Kaddoen mat kreativen Designs un. Dobäi kann ee sech sécher sinn,net nëmmen een zu Lëtzebuerg entwéckelte Produit, mee och d’Symbios aus Léift-zum-Detail an dem néidegen Know-How ze kafen.

De Bléck ass op d’Feierdeeg geriicht a lues awer sécher gi mir nees a wanterlech festlech Stëmmung versat. Bei der Sich nom perfekte Present fir Är Léifst stelle mir Iech dofir haut JADO vir. Wéi ee sech schonn denke kann, kënnt den Numm vum Wuert „Kaddo“, wat duerch de phonetesche J vu „Unique“ – also „jʊˈnik“ – méi een eenzegaartege Charakter erhält. Dohier kënnt dann och de Claim „Unique gifts from Luxembourg“.

Fir déi perséinlech Nott

Ugefaangen huet d’Geschicht vu JADO domat, datt een Adventskalenner mat 24 lokale Spirituosen entstanen ass. Nodeems dës Iddi en immense Succès erlieft huet a sech d’Leit ëm den Artikel gerappt hunn, hat d’Ekipp esou en héijen Niveau u Motivatioun an Endorphiner gesammelt, datt weider Produiten entstane sinn, déi am Shop vu JADO.lu ze fanne sinn.

JADOjado.lu

A well een esou iwwerspruddelt un Enthusiasmus kommen natierlech ëmmer nees nei Artikele bäi. D’Aen sollt een also oppen halen a schnell reagéieren, fir och sécher an de Genoss vu beispillsweis dem Crémant-Duo oder dem JADO-Gin kommen ze kënnen.

Wat nach esou speziell ass, datt verschidde Produiten mat engem perséinlechen Opdrock kënne personaliséiert ginn. Do ass d’Freed bei der beschenkter Persoun ëmsou méi grouss – schliisslech huet ee sech jo e bëssi Gedanken zum Message gemaach – an och wann d’Fläsch Béier, Gin oder Crémant bis eidel ass huet een e schmocken Higucker fir an d’Vitrinn ze stellen.

JADOjado.lu

E Bléck hannert d’Kulissen

Am Interview mat de „Partners in crime“ vu JADO – dat sinn de Benjamin Schmölz, de Paul Thein, de Marc Ewert an den Andreas Welter – si mir gewuer ginn, datt et e grousst Netzwierk u Lëtzebuerger Produzenten, déi ëmmer nees verschidde Projeten separat lancéiert hunn. Datt ee sech emol zesummendeet, war just eng Fro vun der Zäit.

JADO(v.l.n.r.) Paul Thein, Benjamin Schmölz, Andreas Welter, Marc Ewert © JADO

D’Kenntnisser vun eise 4 interviewten Hären an de Beräicher Design, Produktkonzeptioun a Marketingstrategie sinn e grousse Virdeel, fir datt op all Niveau déi noutwenneg Qualitéit gebuede ka ginn.

Datt sech d’Produzenten ënnertenee kennen, ass e weidere Virdeel. Bei der éischter Iddi mam Adventskalenner konnte sech esou direkt 14 Partner fannen.

„Lëtzebuerg huet eng enorm Diversitéit u klengen, wéi grousse Produzenten a Manufakturen, déi mat Leidenschaft dobäi sinn. Mir sinn dovun iwwerzeegt, datt et grad an Zäite vu Corona enorm wichteg ass un engem Strang ze zéien an datt net jiddwereen seng eegen Zëppchen kacht. An datt dat um lokalen Niveau duerch buchstäblech kuerz Weeër am Einfachste funktionéiert, versteet sech vum selwen“, erkläert de Benjamin.

JADOjado.lu

Zesummen ass ee besser, gemeinsam ass ee staark

Déi grouss Missioun vu JADO ass et, zesummen ze bréngen. Dat äussert sech net nëmmen doran, datt Lëtzebuerger Produzente matenee schaffen. Produiten wéi „A beer for your buddy“ oder der „Tea Talk – Wonderbox“ soll och de Client mat senge Léifste verbonne ginn, sou datt ee sech zu zwee – sou fern et duerch Corona méiglech ass och gären zu méi – um Artikel erfreeë kann.

An dësem Kader freet sech d’JADO-Ekipp iwwert all Client, rifft gläichzäiteg lokal Lëtzebuerger Manufakturen op sech unzeschléissen a mat enger Kooperatioun eppes neies Kreatives ze erschafen.

De Shop a weider Informatiounen zur Entstehung an de Partner fannt Dir op jado.lu. Op Facebook an Instagram gitt Dir direkt gewuer, wann et Neiegkeete ginn.

Related topics Andreas Welter, Benjamin Schmölz, JADO, Kaddo, Kreativitéit, Lëtzebuerger Produzenten, lokal Produiten, Marc Ewert, Marketing, Online-Shop, Paul Thein, Sponsored Story, Zesummen
Next post Previous post