Search

You may also like

EU-Kommissioun vum Parlament bestätegt
Kultur Neiegkeeten

EU-Kommissioun vum Parlament bestätegt

Mat engem Mount Verspéidung huet d‘EU-Parlament déi nei EU-Kommissioun vum

D‘Gesondheet muss ëmmer Virgoen
Kultur Neiegkeeten

D‘Gesondheet muss ëmmer Virgoen

De CSV-Generalsekretär Félix Eischen huet viru kuerzem dem Parteipresident Frank

Krëppenausstellung a Chrëschtconcert zu Steesel
Kultur Neiegkeeten

Krëppenausstellung a Chrëschtconcert zu Steesel

D’Feierdeeg komme lues awer sécher méi no. Dofir notzt d’Gemeng

JaKINOspark – Filmerliefnis ënnert fräiem Himmel

JaKINOspark – Filmerliefnis ënnert fräiem Himmel

Dir wellt nees e richtegt Kino-Erliefnis hunn, hutt awer am Summer keng Loscht an engem stéckege Kinossall ze sëtzen? Ma hei ass eng flott Alternativ fir Iech: Mat JaKINOspark gëtt vum 8. bis den 23. August am Park Jacquinot zu Beetebuerg en attraktive Programm fir Jonk an Al virgestallt.

D’Seance fänke géint hallwer 10, kuerz nom Sonnenënnergang un. Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt! Mat engem ofwiesslungsräiche Programm hunn d’Visiteuren de Choix tëscht 16 Virféierungen, vu Klassiker bis zäitgenëssesch Filmer. Thriller, Blockbuster, Biografien a villes méi.

De ganze Programm, d’Präisser an d’Reservatioune ass zënter dem 3. August iwwer  www.leparis.lu méiglech. D’Virstellungen am Open Air Kino JaKINOspark ginn natierlech am Respekt vun den aktuelle Mesuren am Kader vun der  Covid-19-Pandemie ofgehalen, wouduerch d’Reservatioun am viraus obligatoresch ass.

Mam “Doudege Wénkel” vum Christopher Wagner wäert och e lokaalt Wierk mat dobäi sinn. Als “éischte Lëtzebuerger Thriller” aus dem Joer 2012 konnt de Film e vollen Erfolleg erzilen, a gouf vum Lëtzebuergesche Filmpräis fir de beschte Film, de beschte kënschtleresche Bäitrag (fir de Schauspiller Jules Werner) an de beschten technesche Bäitrag fir d’Fotografie ausgezeechent.

De Programm

  • KNIVES OUT um 8. August 2020
  • DOOLITTLE um 9. August 2020
  • LITTLE WOMAN um 10. August 2020
  • QUEEN AND SLIM um 11. August 2020
  • TAXI DRIVER um 12. August 2020
  • THE GENTLEMEN um 13. August 2020
  • LION KING um 14. August 2020
  • BESSER WELT ALS NIE um 15. August 2020
  • GRAND BUDAPEST HOTEL um 16. August 2020
  • INCEPTION um 17. August 2020
  • FIGHT CLUB um 18. August 2020
  • BIG LEBOWSKI um 19. August 2020
  • PARASITE um 20. August 2020
  • DOUDEGE WÉNKEL um 21. August 2020
  • BOHEMIAN RHAPSODY um 22. August 2020
  • PULP FICTION um 23. August 2020

Weider Informatioune ginn et op www.leparis.lu. Wann Dir zu Beetebuerg näischt verpasse wëllt, lount et sech och op bettemborg.lu oder der Facebook-Säit vun der Gemeng laanscht ze kucken. PUSH-Noriichten ginn et iwwert d’CityApp (disponibel fir Android an iOS).

Related topics Bohemian Rhapsody, Doudege Wénkel, fräien Himmel, Gemeng Beetebuerg, JaKINOspark, Kino, Kultur, LeParis, Lion King, Park Jacquinot, Pulp Fiction, Reservatioun
Next post Previous post