Search

You may also like

„Paleo“ vum Nathalie Meier-Hottua
Business International Neiegkeeten Stories WTF

„Paleo“ vum Nathalie Meier-Hottua

Saisonal, gesond, fit: De Paleo- Guide fir all déi, déi

A3 Richtung Frankräich: Eng Fra bei Accident ëm d’Liewe komm
Business International Neiegkeeten Stories WTF

A3 Richtung Frankräich: Eng Fra bei Accident ëm d’Liewe komm

Um fréien Owend vun Nationalfeierdag koum et zu engem uergen

Lëtzebuerg a seng Fongen: D’Virreider vun der konsequenter Inkonsequenz
Business International Neiegkeeten Stories WTF

Lëtzebuerg a seng Fongen: D’Virreider vun der konsequenter Inkonsequenz

Mir sinn ambitionéiert a verfollege strikt eis Moossnamen, fir déi

surprise

Janssen-Impfstoff werft Froen op

Déi amerikanesch Gesondheetsverwaltung CDC huet zu enger Aussetzung vun der Benotzung vum Johnson & Johnson Vaccin geroden. Den Impfstoff steet am Verdacht Bluttgerënsel ervirzeruffen.

Janssen-Impfstoff werft Froen op

Wann et richteg ass, datt vill Hoffnungen an de Janssen Covi19-Vaccin gestach goufen, well ee mat dësem jo nëmmen eng Dosis statt därer zwou benéidegt, esou erweist sech, datt ee wuel nees Hetz mat Séier verwiesselt huet. Jiddefalls muss et erlaabt si festzestellen, datt mat direkt zwee Problem-Impfstoffer, ee virsiichteg mat den Erklärunge sollt ëmgoen.

Lëtzebuerg huet jo bekanntlech elo och seng éischt 2.400 Dosen erhalen, a wëll bis gëschter gegollt huet, datt den Notzen de Risiko däitlech iwwerweit, soll en dann och agesat ginn. Dat war gëschter, an nodeems dann elo och d‘EU-Kommissioun vun, de säitens der CDC getätegt Recommandatioune kal erwëscht ginn ass, brauch et Opklärung. Den Hiersteller huet d‘Ausliwwerung emol gestoppt.

Vun der europäescher Medikamentenagence EMA huet et, bedéngt duerch d‘Zäitverschibung, nach keng Reaktioun ginn, d‘Informatioun ass awer och do „ageschloen“. Vun der EU-Kommissioun ass just gewosst, datt déi guer net mat esou eppes gerechent huet. Et heescht just lapidar, datt ee sech elo mam Hiersteller Johnson & Johnson misst a Verbindung setzen, fir och hiren Avis anzehuelen.

Schuedensbegrenzung

Datt Impfstoffer – wéi déi allermeeschte pharmazeutesch Produkter – esou hir Niewewierkungen hunn, datt ass gewosst a streng geholl och kee Problem, esoulaang se „seele“ virkommen. Datt ass am presente Fall, esouwuel fir den AstraZeneca-, wéi och de Janssen-Impfstoff nach ëmmer de Fall, woubäi d‘Kommunikatioun hei dann awer schéngt den Ënnerscheet ze maachen. An wat dann elo?

Grondsätzlech geet emol ëm d‘Vertrauen. De Vaccin, vun deem et nemen eng Dosis brauch war an den USA am Februar – wuel och op politeschen Drock hin – zougelooss ginn. Déi aner Säit vum grousse Pull sinn zanterhier iwwer 6,8 Milliounen Dose versprëtzt ginn. Gemellt goufe bis ewell 6 Sinusvenen-Thrombosen, an 3 vun de Fäll huet et zousätzlech eng Thrombozytopenie (dat ass ee Manktem u Bluttplättercher – NvdR) ginn. Eppes vill Kaméidi vir ee Verhältnis 1:1.000.000.000?

Säitens dem „Center fir Disease Control“ (CDC) an der Liewensmëttel- a Medikamentenagence (Food & Drugs Administration – FDA) gëtt preziséiert, datt et sech bei de sechs genannte Fäll ëm Fraen am Alter tëscht 18 an 48 Joer handelt. Eng Persoun an un de Folge verstuerwen, eng weider géif sech zur Stonn an engem kriteschen Zoustand befannen. Et géif also net all Mënsch betreffen.

Elo stellt sech dann awer nees d‘Fro: Wann et ee „gewësse“ Risk huet, ee weess datt dësen sech op Frae vun enger halbweegs preziser Alterstranche bezitt, firwat dann esou eng Opreegung? Géif et do net duer goen, aus berechtegter Virsiicht, déi Persounekreesser auszeschléissen déi aktuell vun den Niewewierkunge betraff sinn? Nee, soen dozou d‘US-Autoritéiten, déi d‘Aussetzen nëmmen als temporär Mesure verstinn. Si géife wëlle verstoe, wéi en Zesummenhang et mam Vaccin huet.

Wat et fir eis bedeit

Eis Lëtzebuerger kënnen déi amerikanesch Problemer wuel eppes egal sinn, woubäi ee bedenke muss, datt mir keng Medikamentenagence hunn, an eis folgerichteg ëmmer op „Anerer“ verloosse mussen. Sécher ass et richteg datt d‘EMA eng zolidd etabléiert Institutioun ass an datt den Taux vu bedauerleche Virfäll, déi verdächtegt gi vum Impfstoff ausgeléist ze ginn, wierklech minim ass.

A wéi esou oft, dierft et nees d‘Aart a Weis vun der Kommunikatioun sinn – déi offiziell engersäits, déi informell anersäits – déi d‘Mënsche beaflosse wäerten. Wann een da respektéiert, datt een den Ament net wierklech Loscht op AstraZeneca an/oder Janssen kann hunn, esou sollt een dat als Mann souwisou, an als Fra déi net an der genannter Alterstranche ass, vläicht awer iwwerdenken.

Bedauerlecherweis klemmt et och zu Lëtzebuerg un der Kommunikatioun an et huet elo och nach ee weidere Problem. D‘ULC an d‘Patientevertriedung hu gëschter denoncéiert, datt an den Impfzenter den Avis vum Hausdokter, am Bezuch op den agesaten Impfstoff, net géif respektéiert ginn an hei „arbiträr“ géif decidéiert ginn. Wann een net well dat d‘Leit matmaachen, ass dat de séchere Wee.

mat indymedia/nyc/bru/ams

Illustratioun: © JanssenNV

Related topics Covid-19, Eenzeldosis, EU-Kommissioun, Janssen Pharmaceutica NV, Johnson & Johnson, Sinusvenen-Thrombosefäll
Next post Previous post