Search

You may also like

Route d’Esch – Chantier vum 22. Juli bis de 14. September 2020
International Neiegkeeten

Route d’Esch – Chantier vum 22. Juli bis de 14. September 2020

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt duerch Aarbechten um ëffentleche Versuergungsnetz

Asaz vum Glyphosat verlängert vun der EU: ee Skandal, zwou Meenungen
International Neiegkeeten

Asaz vum Glyphosat verlängert vun der EU: ee Skandal, zwou Meenungen

Datt d‘Entscheedung zu Bréissel, d‘Zouloossung vum Herbizid Glyphosat ze verlängeren,

BIG JUMP 2021 – E Sprong fir méi Gewässerschutz
International Neiegkeeten

BIG JUMP 2021 – E Sprong fir méi Gewässerschutz

Um BIG JUMP 2021, dem europäesche Flossbueddag, hu sech zu

De Covid19 am Land vun der opgoender Sonn

De Covid19 am Land vun der opgoender Sonn

Asiatesch Länner wiere besser „organiséiert“ a mir sollten eis ee Beispill dorunner huelen, ass eng vun de Villen aussoen, déi och vu Lëtzebuerger an de sozialen Netzwierker gemaach ginn. Och eng Fuerderung no Maskeflicht huet seng Ronn gedréint. Elo huelen awer och a Japan d‘Infektiounsfäll mam Coronavirus Covid19 rapid zou…

Mat senge ronn 3.000 gemellten Infektiounsfäll an 73 „Affer“, huet sech Japan am direkte Verglach mat de Länner aus de europäescher Unioun bis ewell „gutt gehalen“, wat ville Mënsche suggeréiert huet, datt d‘Asiaten ee besseren Ëmgang mat der Kris hätten. Um Sonndeg hunn d‘Medien aus dem Land vun der opgoender Sonn, eleng fir Tokio 130 Persoune positiv getest ginn. D‘Lag ass Eescht.

D‘Gouverneurin vun der japanescher Haaptstad, Yuriko Koike, huet mat eeschter Minn op der Tëlee d‘Awunner vun der 13 Millioune Metropol gewarnt: „Mir stinn un engem kritesche Punkt an d‘Lag geet eescht. Bleift doheem, maacht keng Ausflich. Et sti Mënscheliewen um Spill“. Dat kléngt net gutt, ass eiser een dach der Iwwerzeegt, datt d‘Japaner iwwerduerchschnëttlech disziplinéiert sinn.

Covid19

Wa keng Tester gemaach ginn, kann den Ëmfang vun der Pandemie net festgestallt ginn, firwat déi vun der japanescher Regierung virgeluechten Zuele mat Virsiicht ze genéisse sinn. Unhand den Zuelen eleng, géif sech ee Lockdown net festmaache loossen. Dat léisst de Schluss zou, datt déi sougenannt Donkelziffer elo och der Regierung e Begrëff ginn ass.

Si di ganz selbstverständlech eng Gesiichtsmask un, och wann se gesond an traditionell éischter op Zesummenhalt getrimmt sinn, wat jo elo bei eis eppes „manner ausgepräägt“ ass. Mee de Covid19 breet sech elo och a Japan, trotz Disziplin a Preventioun aus, firwat och déi japanesch Regierung elo iwwert ee Confinement a streng Ausgangsspäre muss nodenken. Dat gefält net jidderengem.

Et sinn dann och d‘Wirtschaftsbossen, déi virun esou enger Mesure warnen. Laut enger Analys, géif de „Lockdown“ vun Tokio a sengen dräi Nieweprefekture bis zu 3 Trillioune Yen – dat entsprécht engem Verloscht vun 0,7% vum Bruttoinlandprodukt – kaschten. Iwwert wéi en Zäitraum dëse „Verloscht“ entsteet gouf net preziséiert, just datt si de wirtschaftleche Stëllstand fir falsch halen.

Covid19De Premierminister Shinzo Abe wäert awer elo genéidegt sinn den Noutstand auszeruffen. Aus Regierungskreesser ass duerchgedrongen, datt hien dat scho muer Dënschdeg wëll maachen. Dat heescht et ab Mëttwoch zu drastesche Mesure kënnt, well och a Japan gëllt d‘Maxime d‘Kurv vun den Neiinfektioune méiglechst flaach ze halen, fir de Gesondheetssystem net ze iwwerlaaschten.

Wann ee bedenkt, datt de Shinzo Abe nach viru 14 Deeg wollt hunn datt déi olympesch Spiller hätte wéi virgesi stattfanne sollen, wat dunn – nodeems vill Sportverbänn a Länner veriergert reagéiert hunn – wéi mir elo wëssen, zu engem Report gefouert huet. Do, wéi och anerwäerts an der Welt, ass d‘Politik net konsequent op dat Grondsätzlecht agaangen… gouf ze laang mat de Mesure gewaart?

mat indymedia/tyo

Foto: D‘Japaner huet net op d‘Ausruffe vum Noutstand gewaart. Si hu vum selwe verstanen, datt deen eenzeg reelle Schutz aus „Ofstand halen“ a „Bleift Doheem“ besteet. Ee Bléck an d‘Stroosse vun Tokio, bestätegt dat. © Japan2theWorld (courtesy)

Related topics Coronavirus, Covid19, Japan, Lockdown, Shinzo Abe
Next post Previous post