Search

You may also like

money
Big Business @ Dudetown
International Neiegkeeten

Big Business @ Dudetown

Déi Diddelenger Geschäftsleit géifen sech iwwert Clientèle freeën, elo wou

Keng industriell Revolutioun awer Pionéiergeescht
International Neiegkeeten

Keng industriell Revolutioun awer Pionéiergeescht

Leschte Freideg hunn de Wirtschaftsminister Franz Fayot (LSAP) an d‘Gesondheetsministesch

Schinnen amplaz Stroossen: Lëtzebuerg als Spëtzereider
International Neiegkeeten

Schinnen amplaz Stroossen: Lëtzebuerg als Spëtzereider

Am Joer 2019 huet de Groussherzogtum pro Awunner 448 Euro

Japan wëll nees kommerzielle Walfang bedreiwen

Japan wëll nees kommerzielle Walfang bedreiwen

Um haidege Mëttwoch huet Japan säin Ausstig aus der internationaler Walkommissioun (IWC) ugekënnegt. D‘Japaner haten am September schonn domatter gedreet, datt si nees de kommerzielle Walfang am Juli 2019 wëlle relancéieren, elo ass d‘Entscheedung gefall.

Tokio zitt domatter mat Island an Norwegen gläich, 2 Länner déi ganz oppe kommerzielle Walfang bedreiwen. Vun internationaler Kritik an der Roserei vun den Déiereschutzorganisatiounen, ass een um Archipel wéineg beandrockt. Et wier een am Recht, an dat géif ee sech net verbidde loossen.

Laut dem Representant vun der Exekutive, Yoshihide Suga, géif Japan awer dovunner Ofstand huelen „an de Gewässer vun der Antarktis oder der Süd-Hemisphär op d‘Juegd ze goen“. Hien annoncéiert datt d‘Fëscherei op d‘Territorial Gewässer an déi exklusiv Wirtschaftszon vu Japan begrenzt ginn.

Japan hat am September gedreet d‘IWC ze verloossen, well déi sech der Demande vum Land widdersat huet, de kommerzielle Walfang nees opzehuelen. Eng Reunioun vun der IWC war mam Refus vum Text „Wéi et muss gemaach ginn“, dee vu Japan gedroe gouf, op en Enn gaangen.

An dësem Text war d‘Iddi enthalen, innerhalb der IWC – eng Instanz mat 89 Memberlänner – en zweete Wee opzemaachen, esou datt de Schutz an déi kommerziell Juegd koexistéiere kënnen. De kommerzielle Walfang sollt vun engem „Comité fir de nohaltege Walfang“ geréiert ginn.

Mat dëser Propose wier och de Moratoire – deen 1986 agefouert gouf – zu dëser Aktivitéit op en Enn gaangen. Japan war e Signataire vun dësem Moratoire. Dat war net am Sënn vun deene Länner déi sech fir de Schutz vun de Walen asetzen. Esou hunn Australien, d‘EU an d‘USA de japaneschen Text – mat 41 zu 27 Stëmmen – torpedéiert.

De japanesche Vizeminister vun der Fëscherei, Masaaki Taniai, hat de Vott denoncéiert an d‘Optioun, d‘IWC ze verloossen op den Dësch geluecht. Seng Regierung huet elo tranchéiert, an mécht domatter eng nei Front tëscht de Verdeedeger an de Géigner vum Walfang op.

A Japan ass et virun allem déi nationalistesch Frange, déi de Walfang als eng multisäkular Traditioun betruechten. Woubäi et wichteg ass ze wëssen, datt Japan ni ganz opgehalen hat Walfang ze bedreiwen. Si hunn et just ënner dem Deckmantel vun der Fuerschung gemaach, esou wéi dat am Moratoire virgesinn ass. D‘Fleesch vun de Walen ass esou awer am Fëschrayon ugebuede ginn.

Wann et och richteg ass, datt de Walen hiert Fleesch, an de Joren nom zweete Weltkrich, als eng wichteg Source vu Proteinne betruecht ginn ass, esou ginn déi meescht Japaner un, haut kaum oder guer kee Walfësch méi z‘iessen.

mat AFP

Related topics Aarteschutz, Fëscherei, IWC, Japan, Walfang
Next post Previous post