Search

You may also like

Buchvirstellung „Les Oiseaux du Grand-Duché de Luxembourg“
Neiegkeeten

Buchvirstellung „Les Oiseaux du Grand-Duché de Luxembourg“

Dat neit Buch vun natur&ëmwelt Asbl presentéiert op 275 Säite

Weess du, a wéi enge Gemengen dës Uertschafte leien? – 4
Neiegkeeten

Weess du, a wéi enge Gemengen dës Uertschafte leien? – 4

[onionbuzz quiz-id=82][/onionbuzz] Lëtzebuerg ass e Land voller klenger Ecken a

Stad Lëtzebuerg: Remaniement vum Gemengerot
Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: Remaniement vum Gemengerot

An der DP-Fraktioun vum Stater Gemengerot ass ee Changement annoncéiert

JDL Nationalkongress 2021

Michael Agostini als President zeréckgewielt

JDL Nationalkongress 2021

Op hirem Nationalkongress zu Wuermer huet d’JDL gefuerdert:

  • D’Aféierung vun engem Visum fir héichqualifizéiert Net-EU-Absolventen;
  • Eng Erhéijung vun der Grondsteier op 10% vum Wäert vum Grondstéck;
  • Gratis Menstruatiounsartikelen an ëffentleche Gebaier.

Um Samschdeg koumen d‘Jonk Demokraten (JDL)fir hiren Nationalkongress zu Wuermer zesummen, wou se vum Buergermeeschter Mathis Ast (DP) empfaange goufen. Am Kader vun dësem Kongress hunn d’Memberen de Michael Agostini mat 94% vun de Stëmmen als President zeréckgewielt. E Géigekandidat gouf et net. Ausserdeem goufen de Lou Linster als Vizepresident an den Tom Strauch als Generalsekretär confirméiert

Visum fir héichqualifizéiert Net-EU-Absolventen

An enger Motioun, déi eestëmmeg ugeholl gouf, fuerderen d’Jonk Demokraten d’Aféierung vun engem Visum fir héichqualifizéiert Net-EU-Absolventen a Form vun engem Orientéierungsjoer nom hollännesche Virbild. Dëst géif de betraffenen Alumni d’Méiglechkeet ginn, wärend engem Joer eng fir si passend Aarbechtsplaz zu Lëtzebuerg ze sichen a sech op dëser ze beweisen. Ass d’Entreprise no der Proufzäit vun de Qualitéite vun hirem neien Employeur iwwerzeegt, ka si déi néideg administrativ Schrëtt aleeden, fir datt hiren neie Mataarbechter eng dauerhaft Openthaltsgeneemegung kritt.

Déi aktuell Prozedur, déi bis ewell an esou Fäll ugewannt gëtt, ass immens schwéierfälleg a mécht et fir d’Employéeën onattraktiv, héichqualifizéiert Uni-Absolventen aus Drëttstaaten anzestellen. Den Initiateur vun der Motioun Lou Linster erkläert, datt dëst eng gutt wirtschaftlech Entwécklung vun de Firmen, déi hei zu Lëtzebuerg ugesidelt sinn, erschwéiert.

Erhéijung vun der Grondsteier op 10% vum Wäert vum Grondstéck

De JDL-President Michael Agostini huet betount, datt d‘Jugend zënter dem Ufank vun der Coronaviruskris op villes verzicht hätt, fir hir Elteren a Grousseltere virum geféierleche Virus ze schützen. Dëst hätt virun allem psychesch Spueren hannerlooss. Elo wier et un der Zäit d’Problemer, déi virun allem déi Jonk betreffen, unzegoen a referéiert domat explizitt op d’Wunnengskris.

D’Hausse vun de Wunnengspräisser ëm 60% tëscht 2010 an 2019 wier wesentlech dofir verantwortlech, datt déi sozial Ongläichheeten och zu Lëtzebuerg ëmmer méi grouss ginn. De President Agostini fuerdert dowéinst eng Hausse vun der Grondsteier op 10% vum Präis vum Terrain, sou datt et sech fir Persounen, déi immens vill Terrain besëtzen, net méi lount, Bauterrain brooch léien ze loossen, woubäi gläichzäiteg awer och en Abattement vun 10 Ar fir all Nokomme vum Terrainsproprietaire soll agefouert ginn.

Ausserdeem fuerdert hien eng Vereinfachung vun den administrative Prozeduren (Stéchwuert PAP), eng Zesummeleeë vum Wunnengsbau-, Ëmwelt-an Inneministère, souwéi d’Grënnung vu kommunale Wunnengsbaugesellschaften. Wärend der Pandemie hätt d’Regierung et hikritt, dem Parlament all Mount en neit Covid19-Gesetz virzeleeën. Och bei der Wunnengskris dierft elo keng Zäit duerch onnéideg Diskussioune verluer goen.

Gratis Menstruatiounsartikelen an ëffentleche Gebaier

Nieft dem Wunnengsbau leien d’Schwéierpunkte vun der JDL bei den Themaen Digitaliséierung, Nohaltegkeet, Chancëgläichheet a Gesondheet, sou de Generalsekretär Tom Strauch. Och wann et, mat Ausnam vum Kongress, am leschte Joer keng Presenzveranstaltunge gouf, sou wieren déi verschidden Aarbechtsgruppen op digitalem Wee immens aktiv gewiescht an hätte vill inhaltlech Aarbecht geleescht.

Nieft dem Recht op Télétravail hätt d’JDL e Verbuet vu Konversiounstherapien, d’Aféierung vum E-Voting fir d’Chamberwalen 2028, gratis Menstruatiounsproduiten an ëffentleche Gebaier an d’Aféierung vum Walrecht vu 16 Joer u bei Gemengewale gefuerdert. Hie wier sech sécher, datt d’JDL bis zu den nächste Walen inhaltlech gutt opgestallt ass.

D’Ënnerstëtzung vu lokale Produzenten ass essentiell

D’JDL-Ostpresidentin Carmen Friden huet an hirer Ried un den aus Wuermer stamende fréiere Gesondheetsminister Carlo Wagner erënnert, dee leider am Februar vun dësem Joer verstuerwen ass. Hie gouf 1981 eben och zu Wuermer zum President vun de Jonken Demokrate gewielt. Ausserdeem huet si eng Lanz fir d’Wënzer aus dem Miselerland gebrach an ënnerstrach (Stéchwuert „Crémantsaffär“) wéi wichteg et wier, datt d’Bierger, awer och d’Entreprisen zu Lëtzebuerg op lokal Produiten zréckgräifen

Cahen: „D‘DP muss an der Logementspolitik nei Weeër goen“

An hirer Usprooch huet d‘DP-Parteipresidentin Corinne Cahen betount, datt an nëmme wéinegen europäesche Stied d’Schoul esou seelen hu missen hir Dieren an de leschte Méint zou maachen, wéi dat zu Lëtzebuerg de Fall war. Dëst huet et alle Kanner erméiglecht, weiderhin de schouleschen Uschloss ze halen, wat fir méi sozial Gerechtegkeet gesuergt huet. An der Logementspolitik misst och d’DP nei Weeër goen. Si huet ënnerstrach, datt et keen Tabu dierft sinn, an dofir gëeegente Véierel méi dicht an och méi héich ze bauen. Neien, innovativen Iddien dierft ee sech net verschléissen, well et net just déi eng Léisung an der Wunnengsbauproblematik géif ginn

Den neien Nationalcomité vun de Jonk Demokrate setzt sech zesummen aus: Michael Agostini (President), Lou Linster (Vizepresident), Tom Strauch (Generalsekretär), Nathalie Entringer (Secrétaire adjointe), Kevin Schoos (Tresorier), Jeffrey Drui (International Officer), Isabelle Schmartz, Nicolas Wurth a Mara Bour(Memberen).

Matgedeelt vun de Jonk Demokrate Lëtzebuerg (JDL)

Related topics Corinne Cahen, JDL, Jonk Demokraten, Michael Agostini, Nationalkongress
Next post Previous post