Search

You may also like

Fligerofstuerz an Indonesien
Neiegkeeten

Fligerofstuerz an Indonesien

Laut den indoneseschen Autoritéiten, ass eng Maschinn vun der Fluchgesellschaft

D‘Chinesen iwwerhuelen den UN-Sécherheetsrot
Neiegkeeten

D‘Chinesen iwwerhuelen den UN-Sécherheetsrot

Véier Joer laang haten d‘USA net wierklech Interessi un internationaler

Kann eng Petitioun d’Iwwerwaachung um Aarbechtsplaz verhënneren?
Neiegkeeten

Kann eng Petitioun d’Iwwerwaachung um Aarbechtsplaz verhënneren?

De Gesetzesprojet 7049 dierft op guer kee Fall gestëmmt ginn.

De Jean Asselborn këmmert sech

Offiziell Erëffnung vun der neier Hebergementsstruktur fir Demandeure fir internationale Schutz zu Waasserbëlleg

De Jean Asselborn këmmert sech

E Samschdeg 5. September war de Minister fir Asyl an Immigratioun zu Waasserbëlleg, fir bei der Erëffnung vun der Hebergementsstruktur vum ONA (Office national de l‘accueil – fréier OLAI), wou d‘Demandeure vun internationale Schutz (DPI) sollen en Ënnerdaach ugebuede kréien. Mat derbäi war de Buergermeeschter vun der Gemeng Mäertert, Jerôme Laurent an déi Responsabel vum ONA an dem Roude Kräiz, déi d‘Gestioun vun dëser Struktur iwwerdroe kritt huet.

Bei dësem Komplex handelt et sech ëm 11 Haiser déi fréier als Déngschtwunnenge fir Douaniere genotzt goufen. Déi sinn esou ëmgebaut ginn, datt bis zu 63 Residenten am Laf vum Mount kënnen opgeholl ginn. Hei soll eng gemëschte Populatioun – Familljen an eleng stoend Männer a Fraen – ënnerbruecht ginn. Bei dëser Struktur handelt et sech ëm eng sougenannt „nohalteg Struktur“ wou d‘Mënschen en Ënnerdaach kréie bis eng Decisioun zu hirer Demande geholl ginn ass.

Déi lokal Awunner déi sech ageschriwwen haten, hunn d‘Méiglechkeet gebuede kritt, u guidéierte Visitten deelzehuelen an hir Froen un déi op der Plaz verantwortlech Persounen ze riichten. Dës nei Struktur ass déi 57. hirer Aart déi ënnert der Opsiicht an der Verantwortung vum ONA steet. De Jean Asselborn, dee sech op EU-Niveau beméit fir, enger Verbesserung bei der Immigratioun- an Asylpolitik erbäizeféieren, huet d‘Engagement vun der Gemeng Mäertert ausdrécklech begréisst.

Et wier den Efforten an der Solidaritéit vun de Gemengen an hire politeschen Acteure geschëlt, datt ee Mënschewierdegen Accueil vun den DPI am Land méiglech ass, mä de Jean Asselborn erënnert drun, datt d‘Erausfuerderunge grouss an nach net um Enn sinn. Hien huet dann och nach emol en Appell un d‘Gemenge geriicht, sech dësem Effort unzeschléissen a wou méiglech, Plaz bereet ze stellen, fir weider Opnamestrukture fir d‘DPI ze erméiglechen. Si kriten och konsequent gehollef.

Foto: De Minister Jean Asselborn, huet de 5. September zu Waasserbëlleg un der Erëffnung vun der neier Hebergementsstruktur fir DPI zu Waasserbëlleg deelgeholl. © Ausseministère (via Twitter)

Related topics DPI, Jean Asselborn, Minister fir Immigratioun an Asyl, ONA, Rout Kräiz, Waasserbëlleg
Next post Previous post