Search

You may also like

money
Enbridge Energy Line 3 – Zäit Konkret ze ginn
Neiegkeeten

Enbridge Energy Line 3 – Zäit Konkret ze ginn

Nodeems mir Enn August bericht haten, datt den ieweschte Geriichtshaff

Sträit ëm d‘Äerdgasquellen am Mëttelmier
Neiegkeeten

Sträit ëm d‘Äerdgasquellen am Mëttelmier

Wéinst den tierkesche Fuerschungen am orientalesche Mëttelmier huet d‘EU der

Somalia: Terrormiliz al-Shabaab bekennt sech zum Attentat
Neiegkeeten

Somalia: Terrormiliz al-Shabaab bekennt sech zum Attentat

Interessante Revirement an der Affär mam Sprengstoffattentat zu Mogadischu, wou

De Jean Asselborn hat e Gespréich mam indoneseschen Ausseminister

De Jean Asselborn hat e Gespréich mam indoneseschen Ausseminister

De lëtzebuergeschen Aussen- an Europaminister Jean Asselborn hat gëschter de 16. Mäerz 2021 e Gespréich mam indoneseschen Ausseminister Retno Marsudi. Si hunn sech via Videokonferenz ausgetosch.

An dësem virtuelle Gespréich goung et drëms Bilan vun de bilaterale Bezéiungen tëscht Lëtzebuerg an Indonesien ze zéien. Dobäi war och riets vu Méiglechkeeten, déi dës Bezéiung stäerke kéinten.

An dësem Kontext gouf iwwert gréng an nohalteg Finanzen, islamesch Finanzen sou wéi Schoulausbildung a Fuerschung diskutéiert. Wéi kéint een do zesummeschaffen?

Den Ausseminister Jean Asselborn huet d’Geleeënheet ergraff, fir op 2 lëtzebuergesch Entreprisen ze verweisen – Cargolux a B Medical Systems – déi an Indonesien operéieren. Déi spillen eng bedeitend Roll am Kampf géint d’Covid19-Pandemie.

Natierlech ass et net ausbliwwen, och e Bilan vun der Covid19-Pandemie ze maachen, ze kucken, wéi sech alles entwéckelt. Wéi gëtt international zesummegeschafft fir dës global Erausfuerderung ze bewältegen? An dësem Zesummenhang huet den Här Asselborn drun erënnert, datt Lëtzebuerg 1 Millioun Euro zum COVAX-Mechanissem vun der WHO bäigedroen huet. Dësen huet zum Ziel, e gerechten Zougang zum Impfstoff ze garantéieren. An dat weltwäit. Déi zwee Ausseministeren hunn déi gutt Zesummenaarbecht tëscht deenen zwee Länner begréisst – a ganz besonnesch bei de Vereenten Natiounen.

D’Videokonferenz huet et erméiglecht, datt d’Ministeren sech konnten iwwer regional Entwécklungen an Asien austauschen. Dobäi war zemools d’Lag a Myanmar nom Militärputsch den 1. Februar en Thema. Dobäi huet den Ausseminister Retno Marsudi seng Aschätzung matgedeelt. Hien huet d’Beméiunge vun der ASEAN an Indonesien beschriwwen, déi vermëttelen an hoffentlech eng friddlech Léisung fërderen andeems si en oppenen Dialog fuerderen. Esou kéint d’Demokratie hire Wee zeréck op Myanmar fannen.

Illustratioun: © Damir Kopezhanov / unsplash

Related topics Ausseminister, Indonesien, Jean Asselborn, Lëtzebuerg, Retno Marsudi
Next post Previous post