Search

You may also like

Däitsch-tierkescht Verhältnis: D‘Enn vun der Äiszäit?
International Neiegkeeten

Däitsch-tierkescht Verhältnis: D‘Enn vun der Äiszäit?

Et kann ee wuel nach net vun engem harmonesche Verhältnis

Rapp a Klapp am House of Commons
International Neiegkeeten

Rapp a Klapp am House of Commons

Et war eng kuerz Zwangspaus… zanter gëschter Moie siegéieren déi

De Resumé vum Sport
International Neiegkeeten

De Resumé vum Sport

Fussball Frankräich: Paris Saint Germain mécht e grousse Coup, si

„Op de belscher Küst schwätzen ech däitsch“

Esou den Ausscheedenden EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker an der Zeitung „Le Soir“

„Op de belscher Küst schwätzen ech däitsch“

An der belscher Zeitung „Le Soir“ huet den ausscheedenden EU-Kommissiounspresident säi Bedaueren zum Ausdrock bruecht, géintiwwer deem wat hien e „Réckgang vun der Toleranz“ géintiwwer de Frankophonen op der belscher Küst nennt.

„Ech stelle fest, zanter elo dräi Joerzéngte wou ech regelméisseg op der belscher Küst sinn, datt d‘Toleranz seng no ënne korrigéiert huet. Virun 30 Joer konnt ech bei de Bäcker, de Metzler meng Bestellung op franséisch maachen. Dat gëtt haut net méi ugeholl, also schwätzen ech däitsch – si akzeptéieren déi Däitsch, net méi déi franséischsproocheg“, esou de Jean-Claude Juncker.

Den Zäitpunkt fir dës Ausso ass mat beduecht gewielt ginn. Gëschter war ee Sondage verëffentlecht ginn, deen den Nationaliste vun der N-VA an de Faschiste vum „Vlaamse Belang“ eng däitlech Majoritéit am flammännesche Parlament séchert. Zwou Parteien déi eigentlech drop aus sinn, sech ze emanzipéieren an d‘Belsch ze splécken. Si schaffen op d‘Onofhängegkeet hin a géint Europa.

An de Jean-Claude Juncker, deen d‘Verantwortung vun Europa elo un d‘Ursula von der Leyen weiderreecht, ëmmer gären „Kloertext“ geschwat huet, kann net verstoen, datt et der Belsch net gelénge wëll e Beispill fir d‘Zesummeliewen ze sinn. Hie verwërft awer de Gedanken, datt de „belsche Symptom“ en allgemeng europäesche Problem ass. An och hei trëfft hien den Toun.

Jean-Claude„Dat ass typesch Belsch, e regionale Phenomen. D‘Belsch ass ee Staat, mee d‘Communautéite gesinn sech als Natiounen, besonnesch d‘Flamänner. Wallounien huet net vu sech selwer eng national Konzeptioun, während Flandern sech als Natioun gesäit an och esou behëlt. Et ass dann och verwonnerlech, datt dës Communautéiten ouni zesummen ze liewen, zesumme liewen…“.

An de Jean-Claude Juncker bedauert och nach, datt d‘Belsch déi eenzeg europäesch Natioun ass, déi net op sech selwer houfreg ass. „Mee ech sinn houfreg op d‘Belsch a fir d‘Belsch. Dat well et ee schéint Land ass mat villen talentéierten a gescheite Mënschen“, esou de Kommissiounspresident, deen e Bilan vu sengem Mandat maache wëll. An hien och net u Selbstkritik gespuert.

Bei de gudden a schlechte Punkten déi hien sech selwer gëtt, wann hie seng sëllechen Interviewe Revue passéiere léisst. Am meeschte bedauert de Jean-Claude Juncker, datt et him net gelongen ass den Europäer d‘Léift zu Europa ofzegewannen. „Et gëtt ëmmer eng Distanz tëscht den Europäer an Europa, an dat mécht mech traureg. Och wa laut de Sondagen den Zousproch ni esou grouss war“.

Foto: © EU-Kommissioun

Related topics Belsch, Flandern, Jean-Claude Juncker, Nationalismus, Wallounien
Next post Previous post