Search

You may also like

Brasilien kritt d‘Finanzhëllef zum Schutz vum Reebësch gestrach
Kultur Neiegkeeten Sport

Brasilien kritt d‘Finanzhëllef zum Schutz vum Reebësch gestrach

Et ass de norwegeschen Ëmweltminister Ola Elvestuen deen der brasilianescher

Fukushima: Japanesch Regierung bedreift e knaschtegt Spill
Kultur Neiegkeeten Sport

Fukushima: Japanesch Regierung bedreift e knaschtegt Spill

Greenpeace Japan huett e Méindeg matgedeelt, datt déi japanesch Regierung

Éischten Infektiounsfall zu Schrasseg (kommentéiert)
Kultur Neiegkeeten Sport

Éischten Infektiounsfall zu Schrasseg (kommentéiert)

Et ass interessant wat et zu Lëtzebuerg am Kontext vun

Jean Jacoby, de Kënschtler vun den Olympesche Spiller

Jean Jacoby, de Kënschtler vun den Olympesche Spiller

De Joseph Akzin krut am Joer 1920 eng Sëlwermedail am Gewiichthiewen, de Josy Barthel duerft 1952 eng Goldmedail zu Helsinki erhalen an de Marc Girardelli krut op den Olympesche Wanterspiller 1992 zwou Sëlwermedailen. Dës dräi Nimm sinn der Bevëlkerung fir hier Leeschtunge bei den Olympesche Spiller gutt bekannt.

Si hunn dozou bäigedroen Lëtzebuerg bekannt ze maachen, a sengen Awunner Freed an Houfer ze bréngen. Vill manner bekannt ass de Jean Jacoby. Hien ass en Rekordhaler fir d’Unzuel vu Goldmedailen a senger Kategorie a soumat eng Legend vun den Olympesche Spiller. Hien huet d’Goldmedail zwee Mol gewonnen … an dat an der Konscht.

Dëst ass e Réckbléck op e Mann, eng Ära an eng Competitioun, déi haut vum Internationale Kommitee vun den Olympesche Spiller net geneemegt gouf.


Fechter

De Jean Jacoby, mat biergerlechem Numm Jean Lucien Nicolas Jacoby, gouf de 26. Mäerz 1891 an der Avenue de la Gare an der Stad gebuer. Säi Papp war en Eisebunner an d’Mamm huet zu der Lëtzebuerger Aristokratie gehéiert. D’Famill verléisst de Gebuertsuert ganz séier, de Papp gëtt op Mulhouse versat.

Dofir mécht de Jean Jacoby seng Primär- an Sekundarstudien am Elsass. Fir d’éischt zu Mulhouse, ier hien an de Lycée Saint Jean zu Stroossbuerg gewiesselt ass, wou seng Schoulmeeschtere ganz séier matkritt hunn, datt hien en kënschtlerescht Talent huet. Dofir huet hien nach zwee Joer an der Konschtschoul zu Stroossbuerg verbruecht, wou hien seng Fäegkeeten an ënnerschiddlechen Konschtkategorie, wéi Molerei, Zeechnung a Skulptur perfektionéiert huet.

Säin Talent fir kënschtleresch Praktiken gouf genee esou wéi seng Leidenschaft fir dës Aktivitéite bestätegt. Aus senger Passioun mécht de Jean Jacoby schliisslech säi Beruff: Hien gëtt Zeechenprof an engem Lycée.

Seng nei Positioun gëtt duerch en Eegnungscertificat bestätegt. Dësen Titel kann him nëmmen duerch d’Iwwerhuele vun der däitscher Nationalitéit zur Verfügung gestallt ginn, den Elsass war am Joer 1912 nach ëmmer Besëtz vum Däitsche Räich. Ma, hie wäert dëse Beruff just fir een Joer ausüben, ier hien, enttäuscht vun dësem Wee, ophält. Hien decidéiert en onofhängege Kënschtler ze ginn.

E fréizäitegt Talent

D’Joer 1913 war et un der Zäit fir d’Léift. Mat 22 Joer huet hien d’Anne Rose Richter bestuet. Dono huet de Jean Jacoby als Portraitmoler zu Stroossbuerg geschafft, en huet awer och fir Reklamme fir franséisch an däitsch Entreprise gemaach. Et ass an dëser Zäit wou hien sech mat enger grousser Unzuel vu Kënschtler ufrënnt. Dës hunn nawell groussen Afloss op seng Entwécklung a seng wuessend Bekanntheet.

An de folgende Jore gëtt d’Famill méi grouss, säi Bouf Regnard kënnt op d’Welt. Mee och seng kënschtleresch Neigung – déi liicht ze erkennen ass – entwéckelt sech, seng Konscht ass net nëmmen op Plakater a ganz Frankfurt ze fannen – de Jean Jacoby mécht elo Ausstellungen.

Nodeems de Krich eriwwer ass, kritt hien déi däitsch Nationalitéit entzunn, aplaz sech fir franséisch Pabeieren ze entscheeden, well de Jean Jacoby déi lëtzebuergesch Nationalitéit erëm.

Och wann säi kënschtlerescht Portfolio sech an dëser Zäit weiderentwéckelt huet, hien huet eng Leidenschaft fir Fussball entwéckelt. Et ass wärend dëser Aktivitéit, datt de Familljepapp mat zukünftege Resistenzler sympathiséiert huet, wéi de Bill Groenke oder e gewëssene Jean Moulin. Seng kierperlech Aktivitéit wäert sengem Beruff méi no kommen, den offensichtlechen Zesummenhang tëscht senger Leidenschaft fir de Sport an senge kënschtlereschen Aktivitéiten ass ze erkennen. E Beispill dofir ass seng Illustratioun am Buch „Le français par les choses et par les images“.

Seng grouss bemierkenswäert Leeschtung ass am Joer 1923. Hien huet e Concours gewonnen, deen d’Zeitung „L’Auto“ organiséiert huet. Säi Wierk „Passage des haies“ gouf ënner iwwer 4.000 Konkurrenten erausgesicht. De Jean Jacoby huet en internationale Ruff opgebaut, hie gëtt a senger Iddi Sport a Konscht ze verbannen, gestäerkt. Seng Strategie wäert am folgende Joer hiert vollt Potenzial entfalen.

Jean Jacoby
D’Leefer Edwards a Wodruff

Olympesch Spiller vun 1924 bis 1928

Am Joer 1924 huet den artistesche Concours vun den Olympesche Spiller, déi schonn zënter 1912 op der Plaz waren, seng éischt richteg Verbesserung erlieft, wéi 193 Konkurrente gezielt goufen. An der Kategorie Molerei iwwerhëlt den Jean Jacoby d’Féierung. Säi Wierk „Sport Study“ gouf aus engem Trio vu Biller komponéiert: Fussball, Athletik a Rugby. Et war eng grouss Leeschtung fir den 33-Järege Lëtzebuerger, deen seng zwou Leidenschafte perfekt kombinéiert huet.

Hien huet d’Opmierksamkeet vun villen Zeitungen op sech gezunn, si all hunn dervu gedreemt, mat him zesummenzeschaffen. Hien entscheet sech op Berlin ze plënneren, e fänkt un beim Ullstein Verlag ze schaffen, en sinn vill Zeitungen ënnert senger Regie erauskomm. Hien huet och d’Geleeënheet genotzt, Fussball- an Handballtrainer ze ginn. Esou huet hien huet seng Léift fir Mannschaftssport bewisen.

Wann d’Olympesch Spiller zu Paräis den Ufank fir kënschtleresch Competitioune markéiert hunn – Amsterdam war, véier Joer méi spéit den Héichpunkt. Mat méi wéi 1.000 Kandidate war de Concours haart an d’Ëffentlechkeet begeeschtert vun dësem anere Stil. Trotz Konkurrenz huet de Jean Jacoby seng al Leeschtung iwwertraff a mam Wierk „Rugby“ eng zweete Kéier Gold gewonnen.

Et war en neien historeschen Erfolleg, deen him d’Dieren an den Noriichtenredaktiounen opgemaach huet.

Jean Jacoby

Ausgezeechent Wierk vun 1928 fir d’olympesch Konscht Kompetitioun

Ethik, Erfolleg an Talent

Den Duebelmedailengewënner gëtt Bildredakteur fir d’Radiozeitung „Sieben Tage“, e massiivt Pabeier mat 300.000 gedréckten Exemplaren. Och wann de Wee zum Erfolleg kloer schéngt, Politik mécht him e Stréch duerch d’Rechnung. Mam Opstig vum Hitler an dem Nazismus, sou wéi dem Jacoby seng géigneresch politesch Usiichten, verloossen si Däitschland léiwer. Si ginn zréck an d’Stad vu senger Kandheet, Mulhouse. E penibelen awer inevitabelen Depart, fir e Mann deen der politescher Ideologie vun dem zukünftege “Führer” widdersprécht. Dat hënnert de Jean Jacoby, deen vu sengen däitsche Frënn Hans genannt gëtt, awer net dorun, un der véierter Editioun vun den Olympesche Spiller zu Berlin deelzehuelen. Dat war 1936. Hien war och 1932 zu Los Angeles dobäi, awer ouni nennenswäert Resultat.

Dës Editioun gouf staark vun der Propaganda vun der nationalsozialistescher Ideologie ënnerworf. An awer versicht den „Hans“ säi Gléck. Wärend Konschtkritiker, Illustratoren an aner Zeitungen sech iwwert d’Iwwerleeënheet vum Jacoby sengen Zeechnungen eeneg sinn – hien geet mat eidelen Hänn. Et ass haut net méiglech ze wëssen, ob seng Affinitéiten politesch Meenungsverschiddenheete mat engem déif nationalsozialisteschem Däitschland ouni Medail eng Roll gespillt hunn, mee d’Qualitéit vun de Wierker huet fir sech geschwat – am Hibléck dorop war d’Iwwerraschung an d’Enttäuschung vun de Beobachter tatsächlech real.

Jean Jacoby
Fussball

Mat dësem faszinéierende Mësserfolleg enden den Jean „Hans“ Jacoby seng olympesch Eskapaden. Nëmmen e puer Wochen dono, den 9. September 1936 ass de 45-Järege Kënschtler un engem plëtzlechen Häerzinfarkt verstuerwen.

De Lëtzebuerger Kënschtler hannerléisst e Bild vun engem fläissege Mann mat offensichtlechem Talent an enger gigantescher Léift zum Sport. Hien war Auteur vun enger räicher Karriär seng Präisser si de Beweis fir säin immenst Talent. A well den Olympesche Kommitee decidéiert huet, keng kënschtleresch Medailen méi ze verginn, bleift dës Plaz fir éiweg beim Jean Jacoby – a kee kann dëst Konschtstéck ewech huelen.

Respekt, Hans!

Zesumme mat mental.lu

Opmaacherbild: (lénks) © Sportsministère

Related topics Athletik, Fussball, Jean Jacoby, Jean Lucien Nicolas Jacoby, Kënschtler, Konscht a Sport, Olympesch Spiller, Rugby, Talent
Next post Previous post