Search

You may also like

Feier zu Béiwen (Stauséigemeng): D’Läschaarbechten daueren nach un
International Neiegkeeten

Feier zu Béiwen (Stauséigemeng): D’Läschaarbechten daueren nach un

Wéi de CGDIS matdeelt gouf um fréie Moien ee Feier

Israel: Regierungsbildung onméiglech also Neiwahlen?
International Neiegkeeten

Israel: Regierungsbildung onméiglech also Neiwahlen?

Bei de Parlamentswahlen am Abrëll hat beim Ausgang vun de

Projet Jugendsolar: 10 SchülerInnen hu bei Installatioun vu Solaranlag hollef
International Neiegkeeten

Projet Jugendsolar: 10 SchülerInnen hu bei Installatioun vu Solaranlag hollef

Mëtt Juni huet d’Europaschoul, zesumme mat Greenpeace Lëtzebuerg de Projet

Geriicht zu Madrid léist verueteelte Mäerder op fräiem Fouss

Geriicht zu Madrid léist verueteelte Mäerder op fräiem Fouss

Am Dossier ëm d‘Ausliwwerung vum zu Lëtzebuerg verurteelte Jean-Marc Kiesch gëtt et schonn nees e Revirement. Den zanter 2004 flüchtege Mäerder war den 10. August vun der Police zu Punta Umbria verhaft ginn, a Lëtzebuerg huet dann och seng Ausliwwerung gefuerdert. Eng Prozedur, déi eigentlech bannent der EU sollt eng Formalitéit sinn.

Eigentlech, well nach ëmmer mécht jidderee wéi hien et fir richteg hält an de flüchtegen, wéinst Mord veruerteelte Jean-Marc Kiesch, profitéiert dovunner. Esou huet ee Geriicht zu Madrid elo ugeuerdent, datt de veruerteelte Mäerder nees op fräi Fouss gesat ginn ass. Fir d‘Riichter misst een an dësem Fall berécksiichtegen, datt dat Verbriechen sech virun 21 Joer zu Lëtzebuerg zougedroen huet an sech den Täter zanterhier an Spuenien agelieft an och do verwuerzelt hätt.

Gutt, och d‘Riichter zu Madrid hunn elo net wierklech en Doute, datt dat Lëtzebuerger Urteel sollt feelerhaft sinn. De Fait datt de Jean-Marc Kiesch soll ee Mäerder sinn, gëtt dann och net vun der spuenescher Justiz a Fro gestallt. A wann den Täter also op fräiem Fouss ass, esou muss dësen sech dann awer all 14 Deeg viru Geriicht weisen. Zudeem, an dorops leet d‘Geriicht zu Madrid ee ganz grousse wäert, hätt een dem Mann säi Pass ofgeholl, hie kéint also net flüchten…

Reng rechtlech ännert dat awer näischt um géint den 39 järege Mäerder ausgestallten europäeschen Haftbefehl. D’Staatsanwaltschaft zu Lëtzebuerg huet mëttlerweil bestätegt, datt dës Decisioun vum Geriicht zu Madrid keen Afloss op d‘Ausliwwerungsverfaren huet. Déi spuenesch Autoritéite missten sech allerdéngs schonn ee puer Remarke gefale loossen. Hei kritt ee veruerteelte Mäerder eng zweete Kéier d‘Méiglechkeet zur Flucht um sëlwer Tablett ugebueden.

Zur Erënnerung: De Jean-Marc Kiesch war 1999 wéinst Mord veruerteelt ginn. 2004 huet dësen ee „Congé“ genotzt fir sech duerch d‘Bascht ze maachen. Wéi a wéini hien sech dunn a Spuenien néiergelooss huet ass net gewosst, just datt hien do eng Liewenspartnerin an ee Kand huet. Elo muss nach iwwert d‘Ausliwwerung befonnt ginn, an hei kann de Flüchtegen nach an Appell goen. Et kéint folgerichteg nach en Ament daueren, bis de Mann nees zu Schraasseg sëtzt.

Illustratioun: © Saira / unsplash

Related topics Ausliwwerung, Haftbefehl, Jean-Marc Kiesch, Mäerder, Spuenien
Next post Previous post