Search

You may also like

Florida: 3 Doudeger bei Schéisserei zu Jacksonville
International Neiegkeeten

Florida: 3 Doudeger bei Schéisserei zu Jacksonville

Wéi d‘Police matgedeelt huet, si während engem Videospill-Tournoi zwou Persounen

20. Juni 2020: De Friddensmarsch fënnt Statt!
International Neiegkeeten

20. Juni 2020: De Friddensmarsch fënnt Statt!

Nodeems Mëtt Mäerz den Etat de Kris ausgeruff ginn ass,

Hënn, déi hiren Tubus gären hunn!
International Neiegkeeten

Hënn, déi hiren Tubus gären hunn!

“Et kléngt ongleeflech, mee déi Franséisch Bulldog op dëser Foto

Franséische Rentekommissär muss den Hutt huelen

Dem Jean-Paul Delevoye seng „Niewenjobs“ waren net mam Mandat kompatibel

Franséische Rentekommissär muss den Hutt huelen

Säit der Ukënnegung vun der Rentereform rumouert et a mëttlerweil gëtt och zolidd gestreikt. Papp vun der Rentereform ass den Jean-Paul Delevoye, ee Vertraute vum President Emmanuel Macron. Nodeems d‘Medien opgedeckt hunn, datt den „Héichkommissär fir d‘Rentereform“ ee puer net ganz „kompatibel“ Niewebeschäftegungen hat, huet dëse gëschter d‘Konsequenze missen zéien.

Delevoye

De gréisste Virworf deen dem Jean-Paul Delevoye gemaach gëtt, bezitt sech allerdéngs op seng Aktivitéiten als éierenamtlechen Direkter vun engem Formatiounszenter fir Versécherungen, déi hien net uginn huet. De leschte Weekend huet de gudde Mann wuel „nogebessert“ an seng Erklärung zu de Niewebeschäftegunge corrigéiert. Do war den Drock dann awer eppes grouss ginn.

Aus den 3 Mandater déi hie bis leschte Freideg offiziell uginn huet, sinn der 13 ginn, dovunner 2 remuneréiert Mandater. Dem 72 järege gëtt en Interessekonflikt virgehalen. Hie selwer bedauert d‘Interpretatioun vun de Medien an gëtt zou e Feeler gemaach ze hunn. Hien hätt „vergiess“ gewësse Mandater unzeginn, kéint allerdéngs verstoen, datt domatter d‘Vertraue geschwächt ass.

En Affer vu Mëssverständnesser

Datt de Jean-Paul Delevoye en aktiven Acteur am Versécherung- a Bankesecteur ass, och ganz aktiv an enger Denkfabrick an enger Stëftung vun der SNCF ënnerwee ass, géif net am Widdersproch zu senger Tätegkeet als „Héichkommissär fir d‘Rentereform“ stoen. Säi Plang wier am Sënn vun de Bierger an net vun der Finanz oder Industrie erstallt ginn. U senger Rentereform ännert et näischt.

Hie wier en Affer vu „gewaltsamen Ugrëffer an engem Gemësch aus Ligen“. Dat ganzt géif der Rentereform, déi fir Frankräich onerlässlech ass, immens schueden. Interessant an dësem Kontext: säit de franséische Premierminister Edouard Philippe „de Plang“ am Graffe virgestallt huet, hunn d‘Assurancen an alle Medie massiv Reklamm fir privat a kapital Renteversécherunge lancéiert.

Dat alles zesummegeholl, a besonnesch déi piquéiert Detailer déi vun der franséischer Press ëmmer nees opgeworf goufen, stellen awer net nëmmen de Lobbyist Jean-Paul Delevoye a Fro, mee déi ganz Rentereform, vun där d‘Gewerkschafte fuerderen, datt si ersatzlos gestrach gëtt. No dësem Eclat, hält d‘Regierung dann awer um Projet fest. Wéi dat wuel vun der „Strooss“ opgeholl gëtt?

mat indymedia/par

Related topics Frankräich, Jean-Paul Delevoye, Ligener, Lobbyismus, Rentereform
Next post Previous post