Search

You may also like

surprise
D’Kandidate fir d’Onofhängegkeet gutt fir d’Wahlen a Katalounien opgestallt
Stories

D’Kandidate fir d’Onofhängegkeet gutt fir d’Wahlen a Katalounien opgestallt

Déi katalanesch Parteie fir d’Onofhängegkeet hunn um Freideg hir Lëschte

CFL huet en neie Fuerplang fir 2020
Stories

CFL huet en neie Fuerplang fir 2020

Um Zweete Weekend am Dezember ännert sech traditiounsgeméiss d‘Fuerpläng vun

Den Trump huet mat der Kënnegung vum Iran-Accord och d‘Kredibilitéit vun den USA zerstéiert
Stories

Den Trump huet mat der Kënnegung vum Iran-Accord och d‘Kredibilitéit vun den USA zerstéiert

Et war ze erwaarden an et ass geschitt. Um Dënschdeg

De Jeff Feller am Interview: Nolauschteren, Nodenken, Handelen

De Jeff Feller am Interview: Nolauschteren, Nodenken, Handelen

Elo wou de Gemengewahlkampf déck am Gaangen ass, gëtt vill iwwert déi grouss Gemenge geschwat. Mee och a mi klenge Gemengen ginn et grouss a wichteg Themen, déi ugeschwat musse ginn. Mir hunn dowéinst e kuerzt Interview mam Jeff Feller gehale. De jonke Politiker geet an der Aerenztdallgemeng, enger Majorzgemeng, an d’Rennen.

Jeff Feller

Här Feller, wéi genau sidd Dir eigentlech zur Politik komm?

Ech hu schonn a menge Lycéesjoren ugefaange mech fir d’Aktualitéit ze interesséieren. Ech hu vill Zeitung gelies fir déi néideg Informatiounen ze kréien a mech duerno mat Léisunge fir allméiglech Problemer beschäftegt. Iergendwann ass mir dat net méi duergaangen. Ech wollt selwer matschwätzen a meng eegen Iddien ëmsetzen. Déi éischt konkret Schrëtt an der Politik hunn ech bei de Jonken Demokrate gemaach, wou ech och eng Zäit Generalsekretär war. Meng Iddie konnt ech awer eréischt richteg ëmsetze wou ech 2011 Schäffen an der Aerenzdallgemeng gouf.

Firwat hutt Dir Iech deemools fir d’DP decidéiert?

Wou ech déi éischte Kéier hunn däerfe wielen, hunn ech mir d’Wahlprogrammer vun all Partei duerchgelies. D’DP huet mech deemools esouwuel duerch hir Grondsätz vu Fräiheet ewéi och duerch hir pragmatesch Léisungsusätz iwwerzeegt. Fir meng Aarbecht als Schäffen an der Gemeng spillt meng Parteikaart awer iwwerhaapt keng Roll, well ech an enger Majorzgemeng wunnen. Kleng Gemengen a Parteipolitik gehéiere fir mech einfach net zesummen.

Dir waart elo sechs Joer laang Schäffen an der Aerenzdallgemeng, hutt do ënnert anerem och d’Fusioun materlieft. Wat war an Ärer Zäit déi wichtegst Lektioun, déi Dir geléiert hutt?

Kuerz a knapp: nolauschteren, nodenken, handelen. Et bréngt een net viru séier aus der Hëft ze schéissen ouni virdru mat de betraffene Leit geschwat ze hunn a wann ee kee Konzept huet. Dës Lektioun huet mir och a mengem berufflechen a private Liewe vill bruecht.

Gëtt et eppes, wou Dir ganz besonnesch drop houfreg sidd, wann et ëm Är Aarbecht an der Gemeng geet?

Ech si fir d’éischt emol houfreg op déi gutt Zesummenaarbecht déi ech déi läscht 6 Joer mat menge Kollegen aus dem Schäffen- a Gemengerot hat. Dir fannt net vill Gemengen, wou et esou wéineg Sträit an Ausernanersetzunge gouf. Politesch hu mir eis Verantwortung iwwerholl an hunn iwwerliewenswichteg Projete fir eis Gemeng virugedriwwen. Dat geet vun der Waasserversuergung, bis zum Bebauungsplang an d‘Plange vun enger neier Maison Relais a Schoul. Ech wëll hei kee Projet besonnesch ervirsträichen, well si all wichteg sinn an eise Bierger ze gutt kommen.

Wou gesitt Dir, datt sech an der Aerenzdallgemeng nach eppes verbessere kéint?

Mir mussen onbedéngt den Dialog tëschent Gemeng a Bierger weider stäerken, och wann hei schonn esou munches geschitt ass. Gemengepolitik heescht nämlech no bei de Bierger an hire Problemer a Suergen am Alldag ze sinn. D’Aerenzdallgemeng brauch och onbedéngt eng Crèche. Hei muss gekuckt ginn, op en eidel stoend Gebai dat der Gemeng gehéiert, kann deementspriechend genotzt ginn. Eng drëtt Erausfuerderung ass et derfir ze suergen, datt d’Bierger sech nach méi wuel an hiren Uertschafte fillen. Dozou gehéiert e gefleegten a propperen ëffentleche Raum, wou mir weider Efforte musse maachen.

Opmaacherfoto: Vum Johnny Chicago at lb.wikipedia, CC BY-SA 3.0,

Kandidatefoto: Jeff Feller

Next post Previous post