Search

You may also like

Dës Initiativ suergt zu Bouneweg fir méi Liewensqualitéit
International Neiegkeeten

Dës Initiativ suergt zu Bouneweg fir méi Liewensqualitéit

Gutt gelaunt an héich erfreet hunn d’Awunner vun der Bongert-Strooss

Kaderkonventioun fir ëffentlech Fuerschungsariichtungen
International Neiegkeeten

Kaderkonventioun fir ëffentlech Fuerschungsariichtungen

Den OGBL (Majoritéitsgewerkschaft vum Secteur a Spriecher bei de Verhandlungen)

Schlecht Noriichten aus dem Gulag
International Neiegkeeten

Schlecht Noriichten aus dem Gulag

D‘Ëmstänn, d‘Grënn an déi ganz Chronologie, betreffend de politeschen Theater

E Kaméil an der Wüst

US-President dierf net méi mam saudesche Kinnekshaus spillen

E Kaméil an der Wüst

Am US-Representantenhaus hu mëttlerweil net méi eleng d‘Demokraten es mat Saudiarabien bis iwwert d‘Oueren. Och an de Reie vun de Republikaner ass en net méi gewëllt sech an de Konflikt am Jemen anzemëschen. Esou ass hënt dem Kinnekräich d‘Ënnerstëtzung entzu ginn.

Den Ament ass et „nëmmen“ eng Resolutioun, déi ugeholl ginn ass, a mat där den Ofzuch vun den US-Zaldoten aus dem Jemen-Krich gestëmmt ginn ass, mee si huet Signalwierkung. Si stellt dem US-President seng Allianz mam saudesche Kinnekräich a Fro. An d‘Saudien, déi am Jemen an der Koalitioun géint d‘Houthi-Rebellen d‘Féierung hunn, geroden doduerch och an d‘Schleideren.

E presidentielle Veto?

Mam Gesetzprojet deen der Resolutioun unhängeg ass, kritt de Locataire aus dem Wäissen Haus eng Frist vun 30 Deeg gesat, bannen deenen all Form vu militärescher Ënnerstëtzung anzestellen ass. Vun dëser – fir amerikanesch Verhältnisser – drastescher Moossnam, sinn natierlech d‘Asätz géint den Islamesche Staat (IS) an/oder al-Quaida ausgeholl. Et ass awer net deen éischten Usaz.

Jemen

Am Senat war 2018 – trotz eng republikanescher Majoritéit – e vergläichbare Gesetzprojet ugeholl ginn. Well dëst Joer eng nei Legislaturperiod ugefaangen huet, muss de Senat dem neien Entworf gréng Luucht ginn, firwat se am Wäissen Haus schonn emol annoncéiert hunn, datt et an dësem Fall zum „Veto“ wäert kommen. Et wär dem Milliardär säin éischte Veto géint de Kongress…

Klengt besser wéi et ass

Elo ass et allerdéngs esou, datt et dem US-President seng Parteifrënn sinn, déi mam Projet „Jemen“ onzefridde sinn, woubäi dat net un de vu Saudiarabien begaangene Krichsverbrieche festgemaach gëtt. Grondlag vum Dissens mam saudesche Kinnekräich, ass weder de schlichte Konflikt u sech, an och net déi gräisslech Hongersnout. Et ass vum Mord un engem Dissident, deen hei nowierkt.

Wéi de Jamal Khashoggi – Washington Post Kolumnist a Kritiker vum Krounprënz Mohammed ben Salmane – an der saudescher Ambassade zu Istanbul vu Geheimdéngschtler a seng biologesch Bestanddeeler zerluecht gi war, haten dem US-President seng Géigner e politeschen Tromp an der Hand, mat deem si Punkte konnten. Dobäi ass dat saudescht Kinnekräich esou e wichtege Client.

Wat mécht d‘US-Arméi eigentlech

Am jemenitesche Konflikt deen op där enger Säit d‘Houthi-Rebellen huet, déi vum Iran gestäipt ginn (wat fir Washington scho Grond genuch ass fir sech anzemëschen) an déi aner Säit de Regime vum President Abd Rabbo Mansour Hadi mat der arabescher Koalitioun, ënner de Féierung vu Saudiarabien, liwweren d‘USA d‘Ziildate fir d‘Bombardementer, a betanken d‘Fliger an der Loft.

Jemen

Fir den US-President ass et keng einfach Situatioun. Et ass och manner d‘Fro op hie Saudiarabien leide kann, dat Land huet am Mee 2017 fir 110 Milliarde Waffesystemer kaf. Esou ee bestännegen a finanzkräftege Partner dierf een net widder de Kapp stoussen. An natierlech, dierft dëse politeschen Dissens, sech op d‘Ofstëmmungsverhale fir de Staatshaushalt auswierken, falls et zum Veto kënnt.

Foto: Ugrëff vun der arabescher Koalitioun op medezinesch Ariichtungen am Jemen, loossen sech net rechtfäerdegen. © MSF

Related topics Donald Trump, Jemen, Representantenhaus, Saudiarabien, USA, Veto
Next post Previous post