Search

You may also like

Dem Donald Trump säi Personalkarussell dréit sech weider
International Neiegkeeten

Dem Donald Trump säi Personalkarussell dréit sech weider

Den US-President huet e Mëttwoch onerwaart, dofir awer wéi gewinnt,

D‘Post investéiert an d‘Glasfaser (kommentéiert)
International Neiegkeeten

D‘Post investéiert an d‘Glasfaser (kommentéiert)

Um Dënschdegnomëtten hunn den Direkter vun der Post, Claude Strasser,

Nohaltegkeet an d’Léift zu lokale Produiten: D’Klengbettener Millen engagéiert sech
International Neiegkeeten

Nohaltegkeet an d’Léift zu lokale Produiten: D’Klengbettener Millen engagéiert sech

Le Moulin – Dësen Numm steet fir eng lokal Produktioun,

Jemen: US-Senat warnt den Trump a Ryad

Jemen: US-Senat warnt den Trump a Ryad

Um Mëttwoch, huet den US-Senat dem Donald Trump a Saudiarabien eng nei Warnung ginn, andeems en d‘Ofstëmmung zu enger Resolutioun, déi drop aus Ryad all militäresch Ënnerstëtzung fir de Krich am Jemen ze entzéien, autoriséiert huet.

D‘Reie vun de Republikaner waren net méi „esou gutt besat“ wéi nach beim éischte Vott zur Prozedur (Enn November), wat den US-President net an e gutt Liicht stellt. Dat hänkt domatter zesummen, datt een och bei de Republikaner skandaliséiert ass, wat d‘Roll vu Saudiarabien am jemenitesche Biergerkrich, wéi och am Mord um Jamal Khashoggi, betrëfft.

Mat dëser Resolutioun, kéint et an de nächsten Deeg zu engem Beschloss kommen, mat deem de saudesche Krounprënz, Mohammed ben Salmane, beschëllegt gëtt direkt an d‘Ermordung vum saudesche Journalist implizéiert ze sinn. Eng Moossnam déi an direkter Oppositioun zur Positioun vum US-President steet, deen dem Krounprënz seng Verantwortung bezweiwelt.

Faktesch geet et dem Donald Trump manner ëmmer eng méiglech Verantwortung vum Mohammed ben Salmane. Säit Wochen ass den US-President beméit déi wichteg strategesch a wirtschaftlech Allianz mat Ryad ze verdeedegen. Hien ass net gehéiert ginn. Am Senat ass mat 60 Stëmmen derfir – dorënner 11 Republikaner – géint 39, d‘Ofstëmmung vun der Resolutioun ugeholl ginn.

Nom Vott am US-Senat, ass nach Stonnelaang iwwert d‘Mesure debattéiert ginn, an de finale Vott wäert wuel um haidegen Donneschdeg iwwert d‘Bühn goen. „Mir mussen d‘Ënnerstëtzung vun dësem desastréisen, vu Saudiarabien gefouerte Krich am Jemen, beendegen“, esou den onofhängege Senateur Bernie Sanders, ee vun de Promoteure vun dëser Resolutioun.

Fir z‘iwwerzeegen, hat de Bernie Sanders am Plenarsall d‘Foto vun engem erhéngerende gewisen. Mee hie weess, datt och wann d‘Resolutioun am Senat ugeholl gëtt, eng Chance de Kongress ze iwwerzeegen, wou d‘Republikaner nach bis den 3. Januar d‘Majoritéit hunn, ass geréng. An esouguer wann se duerch de Kongress geet, kann den US-President nach ëmmer säi Veto abréngen.

Jo zum Krich, nee zum Mord?

De Fraktiounschef vun de Republikaner am Senat, Mitch McConnell, huet sengersäits opgeruff géint dës Resolutioun ze stëmmen, déi sech un de presidentielle Prerogativen – am Bezuch op Krichserklärungen – géif vergräifen. De Biergerkrich am Jemen an déi vun der Krichsparteie provozéiert Hongersnout, suergt bei dësem republikanesche Senateur net fir en onrouege Schlof.

Wëll et awer och ënnert de Republikaner ramouert, huet dësen „Trump-Supporter“ iwwerrascht, wéi hien ugekënnegt huet, datt hien eng net verflichtend Moossnam ënnerstëtzt, déi explizit dem saudesche Krounprënz seng Bedeelegung an der Ermordung vum Jamal Khashoggi denoncéiert. Hie gëtt hei vum republikanesche Senateur Bob Corker, e Kritiker vum US-President, ënnerstëtzt.

Eng drëtt Initiativ, déi de Verkaf vun amerikanesche Waffen u Saudiarabien „op Äis leet“, an och zu Sanktioune géint Ryad an déi fir de Mord um Jamal Khashoggi verantwortlech Persoune féiere soll, dierft sech net virun 2019 duerchsetzen. Hei muss beduecht ginn, datt et beim Waffenhandel ëm ee Milliardegeschäft geet, vun den Aarbechtsplazen net ze schwätzen, an dat zielt fir den US-President.

Parallel zum US-Senat, huet d‘Directrice vum CIA, Gina Haspel, d‘Cheffe vun de Republikaner an den Demokraten – hanner zouen Dieren – iwwert d‘Conclusioune vum Geheimdéngscht informéiert wat den Dout vum Jamal Khashoggi ugeet. Wat hei gesot gouf ass hannert den Diere bliwwen, mee d‘Demokrate wëllen, wa se nees d‘Kontroll iwwert d‘Chamber hunn, dat nach emol duerchhuelen.

D‘Senateuren haten de 4. Dezember en ähnleche Briefing, dee fir eppes Opreegung gesuergt hat. Hei waren zwee aflossräich Republikaner „aus der Këscht gesprongen“ an hu ganz däitlech behaapt, datt de Krounprënz den Uerder zum Mord ginn huet. Haut de Moie wëllen den Ausseminister Mike Pompeo, an de Verdeedegungsminister Jim Mattis, d‘Allianz mat Ryad justifizéieren.

mat AFP

Related topics Hongersnout, Jamal Khashoggi, Jemen, Mohammed ben Salmane, Saudiarabien, US-Senat, Waffenhandel
Next post Previous post