Search

You may also like

Fräiwëlleg Schnelltester am ëffentlechen Déngscht
International Neiegkeeten

Fräiwëlleg Schnelltester am ëffentlechen Déngscht

En Donneschdeg hat d‘CGFP-Exekutiv eng Visiokonferenz mam Marc Hansen, Minister

Garden Sounds 2021 mam Tom Gatza an All Reitz Reserved
International Neiegkeeten

Garden Sounds 2021 mam Tom Gatza an All Reitz Reserved

Am Kader vun der dësjäreger Editioun vum Garden Sounds zu

Zoff am persesche Golf: Iraner schloen de Briten en Tosch vir
International Neiegkeeten

Zoff am persesche Golf: Iraner schloen de Briten en Tosch vir

Datt den Dissens tëscht den USA an dem Iran sech

Jemen: Den UN-Emissär soll sech zu Hodeida fir en nohaltege Waffestëllstand asetzen

Jemen: Den UN-Emissär soll sech zu Hodeida fir en nohaltege Waffestëllstand asetzen

Den UN-Emissär Martin Griffiths, ass e Freideg op Hodeida geflunn, fir d‘Konfliktparteie vun engem nohaltege Waffestëllstand ze iwwerzeegen. An der Hafestad Hodeida, konzentréiert sech de Gros vun de Kampfhandlungen. D‘ONGen op der Plaz sinn ëm d‘Liewe vun den Ziviliste besuergt.

Laut den eis zougänglechen Informatiounen, versicht den UN-Emmissär Friddensgespréicher tëscht dem Pouvoir an de Rebellen a Schweden ze organiséieren. En Datum dofir ass offiziell nach net festgehale ginn, woubäi Washington den Zäitraum vun Ufank Dezember genannt hunn.

D‘Stad Hodeida, där hiren Hafe liewenswichteg ass, wëll do méi oder wéineger, all d‘Wueren an Hëllefsgidder an d‘Land erakommen. Dës Stad eleng weist eis wéi komplex de krich am Jemen ass, dee bis ewell, laut de Vereenten Natiounen, eng 10.000 Affer soll gefuerdert hunn.

Säit elo véier Joer hält de Konflikt tëscht de vum Iran ënnerstëtzten Houthi-Rebellen, an der vu Saudiarabien ugefouerter pro-Regierungskoalitioun, elo un. Dat huet déi gréisste vu Mënschenhand ausgeléisten Hongersnout zur Folleg. Laut der UNO wiere 14 Millioune Leit an Hongersnout.

De Martin Griffiths, huet sech an den Hafe vun Hodeida um roude Mier beginn. Hei soll een déi lafend Kampfhandlunge gutt héieren, notéiert den AFP-Korrespondent. Laut dem UN-Spriecher, Rhéal Leblanc, zu Genève, géif sech den Emissär fir de Waffestëllstand asetzen „fir e favorabelt Environnement fir déi nächst Consultatiounsronn a Schweden ze schafen“.

Den Hafen ënner UN-Kontroll?

Fir de Martin Griffiths, esou de Spriecher „ass Zréckhalen haut esou wichteg wéi seelen, wa mir de Jemen op de Wee vum Fridde wëlle féieren“. Hien huet och betount, datt d‘UNO bereet ass mat de Parteien zesummenzeschaffen, wat et kéint erméiglechen, datt UNO d‘Gestioun vum Hafen erhält, wat fir des Infrastruktur e Schutz virun Zerstéierung wier, an déi humanitär „Strooss“ ophale géif.

Den UN-Emissär ass zanter dem Mëttwoch zu Sanaa, wou hien en Donneschdeg mam Chef vun de Rebellen, Abdel Malik al-Houthi geschwat huet. De Martin Griffiths huet dann och „spezifesch Iddien, déi hien de Parteie wëll ënnerbreeden“ esou d‘Informatioun. No intensive Kämpf fir d‘Stad nees ënner Kontroll ze bréngen, hunn Koalitiounstruppen den 13. November eng Paus ageluecht…

Et sollt e Bäitrag sinn, fir e méigleche Friddenseffort ze ënnerstëtzen. D‘Stad huet dann awer dës Woch zwou Nuechte mat heftegen Ausenanersetzungen erlieft. Onbestätegten Informatiounen no, sollen d‘Houthi-Rebellen am Stadzentrum Verstäerkung erhalen hunn, wat Dosende Familljen zur Flucht gedriwwen huet. Op den Diecher vun den Haiser hunn d‘Rebellen hir „Sniper“ placéiert.

Verdeelung vun den Hëllefsgidder

Och d‘Krichskoalitioun, soll hiert Engagement géintiwwer den Efforte vun der UNO, widderholl hunn. E Freideg huet den Ausseminister vun den Arabeschen Emirater, Anwar Gargash, deem säi Land eng vun de Saile vun der Koalitioun ass getweet: „déi bescht Manéier fir zu engem politesche Prozess ze gelaangen, ass et d‘Gespréicher a Schweden an d‘Efforte vum UN-Emissär ze ënnerstëtzen, ouni vireileg Schlëss iwwert méiglech Verhandlungen ze zéien“.

D‘Regierung vum President Abd Rabbo Mansour Hadi, huet hirersäits Gespréichsbereetschaft ugekënnegt, a wëll sech un de Friddensverhandlunge bedeelegen. E „wichtege“ Rebelle-Chef, huet seng Truppen opgeruff hir militäresch Operatiounen ze suspendéieren, fir hir gutt Intentiounen ënner Beweis ze stellen. Déi lescht Gespréicher zu Genève am September haten näischt bruecht.

Elo verhält et sech esou, datt d‘Situatioun zu Hodeida, d‘Opmierksamkeet vu der internationaler Communautéit op sech gezunn huet, déi mat grousser Suerg op de Risiko vun enger allgemenger Hongersnout kuckt. De Welternierungsprogramm (WFP) huet matgedeelt, datt si 30.000 Päck mat Liewensmëttel verdeelt huet, déi jeeweils eng Famill vu 6 Persounen e Mount laang erniere kann.

Dës Operatioun konnt de WFP während enger Feierpaus duerchféieren. Iwwert d‘Päck eraus, huet de WFP och nach Grondnahrungsmëttel wéi Miel an Ueleg ausliwweren, woumatter 240.00 Leit kënnen erniert ginn. Bei 14 Millioune Mënschen déi vun der Hongersnout bedreet sinn, wéineg.

Et war am Mäerz 2015, wou dat sunnitescht Saudiarabien, Noper vum Jemen, d‘Spëtzt vun enger militärescher Koalitioun iwwerholl huet, an esou der Regierung hëllef konnt, eng Progressioun vun den Houthi-Rebellen ze stoppen. D‘Land ass haut an zwee gedeelt. Déi „Regierungstrei“ Truppe kontrolléieren de Süden, d‘Rebellen halen d‘Haaptstad Sanaa, Hodeida an de Norde vum Land.

mam Abd al-Karim al-Mirani an dem Shatha Yaish/AFP

Foto: Den UN-Emissär Martin Griffiths no senger Landung um Fluchhafe vu Sanaa. Hien huet sech virgeholl béid Krichsparteien zu Friddensverhandlungen ze motivéieren. © Mohammed Huwais/AFP

Related topics Biergerkrich, Hodeida, Houthi, Iran, Jemen, Martin Griffiths, Saudiarabien, Vereenten Natiounen
Next post Previous post