Search

You may also like

Den FNR fërdert Projeten zur Weltraumerfuerschung
Kultur Neiegkeeten

Den FNR fërdert Projeten zur Weltraumerfuerschung

Et ass déi éischte Kéier, datt sech de nationale Fong

Adler Mode S.A. huet säi Kollektivvertrag verbessert an erneiert
Kultur Neiegkeeten

Adler Mode S.A. huet säi Kollektivvertrag verbessert an erneiert

Zesumme mat der Direktioun vun Adler Mode S.A. Lëtzebuerg huet

Transportsecteur: Den LCGB fuerdert en endgültegt Enn vun der Ongerechtegkeet!
Kultur Neiegkeeten

Transportsecteur: Den LCGB fuerdert en endgültegt Enn vun der Ongerechtegkeet!

Als éischt emol äussert den LCGB seng Suergen iwwert déi

Jennifer L. Armentrout: Fantasy-Fans sollte sech dat eleiten net entgoe loossen

Jennifer L. Armentrout: Fantasy-Fans sollte sech dat eleiten net entgoe loossen

Normalerweis ass Fantasy net sou menges, mee der Autorin Jennifer L. Armentrout hier Bicher hu mech praktesch süchteg gemaach. Oppassen: An dëse Bichertipps kënne liicht Spuere vu Spoiler enthale sinn.

Jennifer L. Armentrout

Obsidian

Ugefaangen huet alles mat der Obsidian-Serie, an där et net nëmmen ëm eng grouss Léift geet, mee ëm sougenannten Ausserierdescher. D’Geschicht(en) sinn dramatesch an nawell zimlech geféierlech. Alles fänkt mam Kathy un, seng grouss Passioun si Bicher – ma dowéinst ass hätt Buchbloggerin an e klengen Trëllert. Säin neien Noper Daemon ass den geneeë Géigendeel vun him, hien ass onfrëndlech an arrogant. Huet säi Verhalen e Grond? Wéi kënnen si sech aus dem Wee goen?

D’Kathy fënnt hien nawell interessant a wëll onbedéngt hannert dem Daemon seng Fassad kucken an d’Schutzmaueren duerchbriechen. Et stellt sech séier eraus, datt et tëscht den zwee Protagoniste knistert, och wann si sech andauernd an den Hoer hunn, hier Léift ass nämlech net vun dëser Welt. Den Daemon ass en Lux, en friddlechen Ausserierdeschen.

Eleng a senger Géigend ass d’Kathy a grousser Gefor. An dëse fënnef Bänner stellt sech eraus, wéi grouss d’Léift ass – a géint wien si alles kämpfe mussen. Muss d’Welt och gerett ginn? An iwwerlieft dës aussergewéinlech Koppel d’Erausfuerderungen, déi op si duerkommen?

Spannung kënnt op jiddwer Fall op, et ass schwéier d’Buch aus der Hand ze leeën. Hätt d’Autorin deemools un deen Erfolleg gegleeft?

Jennifer L. Armentrout

Revenge

A well et sou schéin ass, huet d’Jennifer L. Armentrout d’Trilogie Revenge geschriwwen, déi an der nämmlechter Welt spillt an e bësse méi düster ass. Et si véier Joer vergaangen, datt déi béis Ausserierdesch probéiert hunn d’Welt ze iwwerhuelen, mee si hunn verluer.

Allerdéngs hunn d’Mënsche staark mat den Nowierkungen ze kämpfen. Wiem ass nach ze trauen? An ass et wierklech eriwwer? D’Evie Dasher kann sech net net méi un alles erënneren, mee eent ass sécher, hatt ass faszinéiert vun de Lux – zemools vum Luc, a genee hie weess méi wéi d’Evie mengt.

Kann hatt dem extrovertéierte Luc vertrauen? Sinn et schlëmm Geheimnisser oder wëll hien hatt net belaaschten? Wat ass Illusioun a wat Wierklechkeet? Op der Sich no senger eegener Identitéit gëtt d’Evie sou munches gewuer. Ass alles verluer?

Jennifer L. Armentrout

Cursed

Natierlech geet et och am Eenzelband Cursed ëm d’Liewen an den Dout. Nodeems d’Ember bei engem Autosaccident verstuerwen ass, huet seng kleng Schwëster hätt magesch zeréckgeholl. Ma elo huet hatt nawell mat batteren Niewewierkungen ze kämpfen, zanterdeem stierft alles wat d’Ember mat sengen Hänn beréiert.

Hatt distanzéiert sech vu Frënn, bis datt e Grupp vu Jugendlechen alles verännert. Och si hunn besonnesch Fäegkeeten, den neie Schüler Hayden ass souguer der Meenung hie kéint dem Ember hëllefen.

Mee eppes Donkeles ëmgëtt hien, op der Sich no Heelung kéint d’Ember säi Liewe verléieren. Soll hatt de Risiko agoen? D’Virwëtz ass natierlech méi grouss wéi de Verstand – a wéi gär géing hatt seng Schwëster erëm an den Aarm huelen.

Opmaacherbild: © Kourosh Qaffari / unsplash

Related topics Buchpresentatioun, Buchtipps, Cursed, Fantasy, Jennifer L. Armentrout, Obsidian, Revenge
Next post Previous post