Search

You may also like

E rechtleche Kader fir Gesondheetsmoossnamen am Bildungs- a Schoulberäich
International Neiegkeeten

E rechtleche Kader fir Gesondheetsmoossnamen am Bildungs- a Schoulberäich

Gesondheetsmoossnamen am Schoulberäich, déi am Kader vun der Corona-Pandemie decidéiert

Ass de Bettel dem Trump säi Kniecht?
International Neiegkeeten

Ass de Bettel dem Trump säi Kniecht?

Nom US-Ambassadeur zu Berlin, Richard Grenell, ass et elo deen

FREYA RIDINGS den 27. Januar am Atelier!
International Neiegkeeten

FREYA RIDINGS den 27. Januar am Atelier!

Fir Groussbritannien ass dës Sängerin ee vun de gréissten opbléienden

Däitschland: Sech net impfe loosse soll deier ginn

Däitschland: Sech net impfe loosse soll deier ginn

Den däitsche Gesondheetsminister Jens Spahn (CDU) ass es midd, datt d‘Leit sech virun der Covid19-Impfung drécken, wëll awer och keen derzou zwéngen, firwat dann aner Methoden ugewannt solle ginn: net geimpft sinn, soll richteg deier ginn!

Geet et dem Chrëschtdemokrat mat engem „finanziell geaarten Demokratieverständnis“ no, da sollen déi Mënschen, wou sech mat engem zougeloossenen Impfstoff kéinten impfe loossen, dat awer net maachen, déi finanziell Konsequenzen droen. Gemengt ass, datt d‘Leit da fir hir Tester wann se beispillsweis an de Restaurant ginn, bezuele mussen. Dogéint ass u sech näischt ze soen.

Et geet awer nach weider, op der Antenn vu WDR-Radio, huet de Jens Spahn duerchblécke gelooss, datt wann eng Persoun als Kontaktpersoun/Tourist aus engem Risikogebitt zeréck kënnt an dann a Quarantaine muss, dës hire Verdéngschtausfall selwer se droen hätt. Eng Decisioun déi scho vu verschiddene Bundeslänner ugeholl gouf. Ausname gëtt fir Leit déi sech net impfe loosse kënnen.

Fir de Jens Spahn ass et eng Ignonimie, datt d‘Fleegekräften an de Spideeler a 95% vun de Fäll, wou ee Covid19-Patient muss intensiv behandelt ginn, mat ongeimpfte Mënschen ze dinn hunn. Dës Belaaschtung misst an sollt net sinn, firwat et elo net méi heesche soll „ech wëll net“, mee d‘Offer #HierWirdGeimpft zäitno unzehuelen ass. Dat alles selbstverständlech ganz Fräiwëlleg.

Den däitsche Gesondheetsminister huet zudeem viru Spannungen tëscht geimpften an ongeimpften Individue gewarnt. Dës Populatioune géifen ëmmer méi unenaner geroden, besonnesch op der Schaff. Ganz allgemeng heescht et „Aus menger Siicht gehéiert d‘Impfen am Fleegesecteur zum Beruffsverständnis derzou“, esou de Jens Spahn, dee weider vun enger Impfflicht ofgesäit.

mat indymedia/ber

Related topics CDU, Covid19, Däitschland, Gesondheetsminister, Impfcampagne, Impfstrategie, Jens Spahn
Next post Previous post