Search

You may also like

Wat war de Weekend an der BGL Ligue lass?
International Neiegkeeten

Wat war de Weekend an der BGL Ligue lass?

Fir den drëtten Dag hannerteneen, ass de Leader um Schluss

Neit Klimaschutzgesetz: Et soll een de Dag net virum Owend luewen
International Neiegkeeten

Neit Klimaschutzgesetz: Et soll een de Dag net virum Owend luewen

Lescht Woch huet d’Klima-Thema an der Politik nees Opsinn erreegt,

What the Fakt – den Internationale Fraendag
International Neiegkeeten

What the Fakt – den Internationale Fraendag

All Joer gëtt um 8. Mäerz den internationalen Dag vun

Jerusalem: Warnung vun den USA virum Vott vun der UN-Generalversammlung

Jerusalem: Warnung vun den USA virum Vott vun der UN-Generalversammlung

Um Donneschdeg ass d’UN-Generalversammlung opgeruff iwwert eng Resolutioun ofzestëmmen, déi d’Unerkennung vu Jerusalem als Haaptstad vun Israel duerch d’USA veruerteelt. E Vott deen d’USA dozou bruecht huet eng Warnung auszeschwätzen.

„Op der UNO verlaangt ee vun eis ëmmer méi ze maachen, ëmmer méi ze ginn“, seet déi amerikanesch Ambassadrice, Nikki Haley, an engem Tweet. „Wa mir eng Entscheedung treffen, déi dem Wonsch vum amerikanesche Vollek entsprécht, wou mir eng Ambassade histellen, erwaarde mir eis net, datt déi deene mir gehollef hunn eis an de Réck falen. En Donneschdeg gëtt et e Vott deen eise Choix kritiséiert. D’USA wäerten sech d’Nimm opschreiwen“.

Aus diplomatescher Kreesser war ze héieren, datt Washington Drock op d’Membere vun der Generalversammlung mécht, déi gewëllt sinn den Text unzehuelen. An d’Sprooch wier hei déiselwecht wéi déi, wou d’Nikki Haley gebraucht hätt, géintiwwer senge 14 Partner am Sécherheetsrot, déi d’Resolutioun vun Egypten ugeholl haten.

Mat engem däischtere Bléck hat d’Nikki Haley am UN-Sécherheetsrot gesot: „et ass eng Beleidegung an eng Verletzung déi mir net wäerte vergiessen“. D’Eenheet vun de 14 géint d’Entscheedung vum US-President Donald Trump, ass e Schlag an d’Gesiicht vun der US-Diplomatie.

Kee Veto méiglech

Am Sécherheetsrot konnt Washington nach säi Veto asetze fir de Vott zugonschte vun der Resolutioun ze verhënneren. Bei der UN-Generalversammlung, déi 193 Länner zielt, kéinten sech awer bis zu 180 Länner fir d’Resolutioun entscheeden. Hei gëtt et dann och kee Vetorecht, woubäi de Vott fir d’USA net verbindlech ass.

De Projet vun der Resolutioun ass am grousse Ganzen den Text dee schonn am Sécherheetsrot virgeluecht ginn ass. Derbäi kommen d’Erënnerung un d’Resolutioune betreffend Jerusalem, déi scho vun der Generalversammlung ugeholl gi sinn. Virgeluecht gëtt d’Resolutioun vum Yemen an der Tierkei (engem NATO-Partner) am Numm vun den arabesche Länner an der Organistaioun vun der Islamescher Kooperatioun (OIC).

Als Äntwert op d’Entscheedung vun den USA, haten d’Staatscheffe vun der OIC, Ostjerusalem als Haaptstad vu Palestina proklaméiert. Och haten se déi aner Länner opgeruff de Staat Palestina an Ostjerusalem als seng Haaptstad unzëerkennen,

Israel hat den ëstlechen Deel vu Jerusalem annexéiert, wéi et am Krich vun 1967 d’Gebitt ënner Kontroll bruecht huet. Am Uschloss hat Israel dunn e Gesetz gestëmmt, mat deem déi helleg Stad zur Haaptstad vun Israel ernannt ginn ass. Weder d’Annexioun, nach Jerusalem als Haaptstad, si jeemools vun der internationaler Communautéit unerkannt ginn.

mat AFP

Foto: Während sech d’Diplomate verbal ausenanersetzen, an et zimlech sécher dierft sinn, datt d’Jerusalem-Resolutioun vun der UN-Generalversammlung ugeholl gëtt, ginn zu Jerusalem d’Palestinenser op hir Manéier géint d’Entscheedung vum Donald Trump vir. © Abbas Momani/AFP

Related topics Israel, Jerusalem, Resolutioun, UN-Generalversammlung, USA
Next post Previous post