Jidderee kritt de Booster, ob ee well oder net

Datt et am Kontext vun der Covid129-Pandemie, déi sech jo ganz onerwaart zur kaler Saison nees esou richteg bemierkbar mécht, wat natierlech den Ongeimpfte geschëlt ass, elo méi Appeller fir déi drëtt (respektiv bei Janssen déi zweet) Impfdosis huet, ass interessant a verstéierend zugläich…

Wéi d‘Gesondheetsministesch rezent op der Antenn vum Semi-staatleche Radio Bertelsmann/RTL ze verstoe ginn huet, datt een déi vulnerabelst an eelste Matbierger muss mat weideren Impfdose versuergen, dann natierlech och déi beschäftegt am Gesondheetssecteur… natierlech weiderhin op der Basis vun der Fräiwëllegkeet, begleet vu maximalem Drock an bewosster Stigmatiséierung.

Ma gëschter huet d‘Politik beschloss, datt déi sougenannte Booster-Impfung allgemeng, d‘Kanner ënner zwielef Joer sinn nach ausgeholl, der Bierger soll recommandéiert ginn. Also eigentlech hu se net wëlles et bei der Recommandatioun ze loossen. Ob et elo an ee Gesetz geknätscht oder och net, dat ass u sech egal, esoulaang déi wirtschaftlech Handlaanger sech als probat serviabel erweisen…

Elo geet dann den Antrag an déi Instanz, also dem Regierungsrot. Um Freideg kënnt et da wuel zu enger weiderféierender Decisioun. Ass déi am Sënn vum politesche Wonsch getraff, brauch et nach just de formellen Accord vun der héijer Autoritéit fir Infektiounskrankheeten. Dësen huet jo bis elo just déi weider Impfdos fir Mënschen iwwer 65 Joer recommandéiert. Den Accord ass awer sécher.

Illustratioun: © Adam Gethin / unsplash

Dernières nouvelles