Search

You may also like

Pyongyang test Rakéiten ënnert der Opsiicht vum Kim
Neiegkeeten

Pyongyang test Rakéiten ënnert der Opsiicht vum Kim

Um Donneschdegmueren, huet de südkoreaneschen Etat-Major militäresch Aktivitéiten aus dem

10 Saachen Déi ech mengem 16-Jäeregen Ech gär erzielt hätt
Neiegkeeten

10 Saachen Déi ech mengem 16-Jäeregen Ech gär erzielt hätt

Am Joer 2000 hat ech 16 Joer an d’Liewen war

Dossier Bettel: Eng Staatsaffär!
Neiegkeeten

Dossier Bettel: Eng Staatsaffär!

déi lénk huet Kenntnis iwwert d‘Uerteel vum 28. Mee 2019

Dësen Donneschdeg: Jobday vir d’Cloche d’Or!

Dësen Donneschdeg: Jobday vir d’Cloche d’Or!

De 7. Mäerz 2019 organiséiert d’ADEM, zesumme mam Reseau EURES de grousse Jobday vir den Akafszentrum vun der Cloche d’Or. Vu 09:00 Auer Moies bis 16:00 Auer Nomëttes kritt een d’Chance fir sech bei diversen Aarbechtsplaze virzestellen an esou am weidere Verlaf esouguer ugestallt ze ginn.

Bei dësem Evenement wäerten ënnert anerem och d’Isabelle Schlesser, Direktesch vun der ADEM an den Dan Kersch, Minister fir Aarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft unzetreffe sinn. De Muere vum Jobday wend sech un all Persoun op Aarbechtssich, déi bei der ADEM ageschriwwen ass, wat ronn 600 Persoune sinn. Ab dem Nomëtteg sinn d’Dieren dann och fir déi ganz Ëffentlechkeet op.

All Persoun, déi op der Sich no enger Aarbecht oder enger neier professioneller Erausfuerderung ass kënnen um Jobday bis laanscht kommen. 35 Geschäfter vun der Cloche d’Or, déi am Mee 2019 opmaachen, sinn bei dësem Salon vum Recrutement mat dobäi. Gesicht ginn hei divers Profiler fir Geschäfter oder Restauranten, sou wéi och Leit, déi am Verkaf, an der Kees oder anere Beräicher am Secteur vun der Gastronomie schaffe wëllen.

Am Ganzen ginn 500 Posten ze verginn. D’Evenemtn fënnt am Parc Hôtel Alvisse zu Dummeldeng vun 09:00 bis 16:00 Auer statt. All weider Informatioune fannt Dir um offizielle Flyer:

jobday

Related topics Aarbecht, ADEM, Cloche d'Or, EURES, Gastronomie, Jobday, Verkaf
Next post Previous post