Frevel un der Uelzecht: Waasserverschmotzung fuerdert seng Affer
Um Samschdeg, de 14. September gouf d’Waasserverwaltung mat engem schlëmme
Um Samschdeg, de 14. September gouf d’Waasserverwaltung mat engem schlëmme
Wéi een um Freidegmoie gewuer ginn ass, huet den Direkter
Gëschter hu sech am Parc Hôtel Alvisse zuelräich Leit getommelt, déi sech um Jobday eng Plaz an den neie Geschäfter vun der Cloche d’Or erhoffen. D’Evenement ass vun der ADEM, zesumme mam Reseau EURES vu Moies fréi bis am spéiden Nomëtteg organiséiert ginn.
Souwuel d’Isabelle Schlesser, Direktesch vun der ADEM, wéi och den Aarbechtsminister Dan Kersch hunn heibäi d’Wichtegkeet vun der Initiative, déi iwwregens ee risegen Erfolleg war, ervir gehuewen. „Méi wéi 900 Persounen, Leit op der Sich no Aarbecht, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn oder aner Persounen op der Sich no Aarbecht, huelen um Evenement deel“, huet d’Isabelle Schlesser erkläert. „Den Jobday ass de wichtegsten Dag, den d’ADEM an EURES dëst Joer, um Niveau vun der Unzuel un Participanten, organiséiert.“
Och de Minister Dan Kersch huet, vu senger Säit aus, d’Initiative a vollen Téin gelueft. „Esou Evenementer, wéi den Jobday, erméiglechen et Persounen, déi no enger Aarbecht sichen, direkt a Kontakt mat den Employeuren ze trieden. Als Minister ënnerstëtzen ech dës Approche vollkommen.“
De Mueren war ausschliisslech geduecht fir déijéineg, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, wougéint um Nomëtteg d’Dieren fir de grousse Publik opgemaach gi sinn, esou datt all Persoun, déi op der Sich no enger neier professioneller Erausfuerderung ass, d’Chance huet, sech virzestellen an demnächst vläicht eng nei Plaz ze hunn.
Am ganzen sinn et 35 nei Geschäfter a Restauranten, déi am Mee 2019 hir Dieren am Akafszentrum vun der Cloche d’Or opmaachen. D’Profiler, déi heivir gesicht ginn, sinn vun der Berodung, iwwert de Verkaf an d’Keess gangen, bis hin zu allen Aufgaben am Secteur vun der Gastronomie. Insgesamt waren 700 Plazen ze verginn!
Opmaacherbild: Den Aarbechtsminister Dan Kersch an déi Responsabel vum Rekrutement vu Big Fernand© ADEM