Search

You may also like

Wat d‘BILD ënnert Journalismus versteet
Business Neiegkeeten

Wat d‘BILD ënnert Journalismus versteet

Sech net méi mam G20-Sommet ze befaassen, just wëll dësen

Cargolux: 2018 war fir d’Entreprise d’Joer vum Päerd
Business Neiegkeeten

Cargolux: 2018 war fir d’Entreprise d’Joer vum Päerd

Am vergaangene Joer huet Cargolux Airlines International ee perséinleche Rekord

Bei Noost-Konferenz zu Warschau maachen d‘Amerikaner Drock
Business Neiegkeeten

Bei Noost-Konferenz zu Warschau maachen d‘Amerikaner Drock

Bei der, ënnert der Leedung vun den USA, organiséierter Noost-Konferenz

jobs.lu: D’Responsabilitéit géigeniwwer der Ëmwelt ass entscheedend ginn!

jobs.lu: D’Responsabilitéit géigeniwwer der Ëmwelt ass entscheedend ginn!

Sponsored Story – An de leschte Joren, a besonnesch duerch d’Pandemie hunn d’Aart a Weis ze schaffen, sou wéi d’Wäerter vun der Aarbechtswelt changéiert. Grad d’Responsabilitéit vun enger Entreprise géigeniwwer der Ëmwelt huet sech zu engem essentielle Kritär entwéckelt. No iwwer engem Joerzéngt am Business, notzt jobs.lu dëst Wëssen a positionéiert sech als Expert am Online-Rekrutement.

„Fir 71 % vun de Befroten ass Ëmweltverantwortung e wichtege Kritär fir e Patron ze wielen“. Zu dësem Resultat kënnt eng rezent Etüd vu BCG an The Network, déi ënnert dem Titel „Decoding Global Ways of Working“ verëffentlecht ginn ass, a bezitt sech op Donnéeë vun de 573 Participanten aus Lëtzebuerg.

Weider geet ervir, datt besonnesch jonk Persounen ënner 30 Joer grousse Wäert op d’Ëmwelt leeën (77%), woumat mir nach virum globalen Duerchschnëtt vun 69,6 %.

D’Hallschent vun de Befroten aus Lëtzebuerg gëtt souguer un, datt si sech vun enger Entreprise distanzéieren géifen, wann dës net mat hiren Iwwerzeegungen am Bezuch op d’Responsabilitéit géigeniwwer der Ëmwelt iwwerenee stëmmt.

Fir de Betrib bedeit dat seng Strategien esou unzepassen, datt e positiven Impakt op d’Ëmwelt a sozial Wäerter ausgeüübt an dës och kloer verständlech fir all Beschäftegter sollte sinn. D’Welt dréit sech, net nëmmen am technologesche Beräich, mee och um Niveau vun der Mentalitéit vun den Employéeën, wouduerch eng adaptéiert Astellung den Erfolleg steigere kann.

Jobs.lu, den Expert am Online-Rekrutement zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an um internationalen Niveau

No senger Kreatioun am Joer 2007 huet jobs.lu sech zu enger vu den Haaptulafstellen entwéckelt, wann et ëm de Lëtzebuerger Aarbechtsmaart geet. Eleng am leschte Joer sinn iwwer 450.000 Bewerbungen de Clienten iwwerbruecht ginn. Detailléiert Firmeprofiller mat Beschreiwung, Fotoen an/oder Videoen, sou wéi der Presentatioun vun de Wäerter, hëllefen dobäi schnell an einfach déi richteg Kandidate fir fräi Plazen ze fannen.

Weider Informatiounen dozou fannt Dir op jobs.lu.

Related topics Aarbechtswelt, Decoding Global Ways of Working, Ëmweltverantwortung, Expert, Groussregioun, jobs.lu, Lëtzebuerg, Online-Rekrutement, Patron
Next post Previous post