Search

You may also like

Berodungen zum „EU-Management“ erweisen sech als zéi
International Neiegkeeten Stories

Berodungen zum „EU-Management“ erweisen sech als zéi

Nodeems e Sonndeg d‘EU-Wahlen zumindest fir d‘Bierger op en Enn

E neie Kollektivvertrag vir d‘SNCA
International Neiegkeeten Stories

E neie Kollektivvertrag vir d‘SNCA

Wéi OGBL an LCGB et um Freideg bekannt ginn huet,

money
„You name it, we fly it“ – D‘Cargolux am grénge Beräich
International Neiegkeeten Stories

„You name it, we fly it“ – D‘Cargolux am grénge Beräich

Dem CEO vun der Cargolux, de Richard Forson konnt ee

Amtsaféierung vum Joe Biden: „Alles just eng Show“

Amtsaféierung vum Joe Biden: „Alles just eng Show“

Wann de Sënn an Zweck vun de Presidentschaftswalen an Amerika, wéi och déi „Inaugural Day“ Zeremonie rengen Entertainment sollt gewiescht sinn, esou sollten si sech de Regisseure séier entleedegen. Mee d‘USA sinn och ëmmer eppes Hollywood, firwat et hei ni ëm Wourechten oder d‘Bierger selwer geet, mee eenzeg ëm de Effekt deen d‘Show hannerlooss huet.

An wann et dës Kéier eng Kréinungszeremonie ouni Parad an ouni Zuschauer gëtt. Wa keng grouss Party geschmass gëtt a sech dem Joe Biden seng Wielerschaft mat enger Fernsehgala mussen zefridde ginn – wou d‘Lady Gaga (wéi passend) d‘Nationalhymn an de Mikro dierf jéimeren an och d‘Jennifer Lopez dezent onbekleet optriede soll – esou ass dat alles ëmmer en historeschen Event.

Joe

D‘Amerikaner erwaarden dann och zu Recht, datt wärend der Zeremonie déi ganz Welt den Otem unhält, alles stoen a leie léisst, fir dësem grousse Moment an der Geschicht vun der Mënschheet bäizewunnen. Si sinn déi gréissten Demokratie op der Welt, wat unhand de leschte Wale mat vill Charme an ouni béis Wierder konnt ënner Beweis gestallt ginn. D‘USA sinn a bleiwe beispillhaft.

A well den ale wäisse Mann, deem aneren ale wäisse Mann d‘Mandat geklaut huet, firwat deen een ale wäisse Mann deem aneren ale wäisse Mann d‘Schlëssele vun der Muecht iwwerginn, ännert sech praktesch gesi kaum eppes. Wann et richteg ass, datt ee sech en aneren „Toun“ erhofft an och verschiddentlech „Korrekture“ wäerte bei der Aussepolitik virgeholl ginn, besser geet et elo net.

Desolat pathetesch

Et kéint eis jo eigentlech egal sinn, wat sech gewësse politesch Elitten hei am Land och wënschen, wien zu Washington am Oval Office sëtzt. Woubäi hei den 78 järegen Demokrat mam Charme vun engem CNS-Rolator mat senger Ekipp, och déi politesch Decisiounen zu Lëtzebuerg beaflosst. De Premier a vill vu senge Ministeren hunn de Kapp därmoossen déif am Allerwäerteste vun der US-Politik stiechen, datt just d‘Schëllere Schlëmmeres verhënneren. Den Applaus dierft dat bestätegen.

JoeEt geet an den USA seelen drëms op ee Recht oder Onrecht huet, an och bei de Walen ass déi vun den Amerikaner duergestallten Demokratie éischter Show. Et ass och ganz egal wat esou eng Show kascht, et zielt just wéi effikass et sech vermaarte léisst. © Biden Inaugural Commitee

Mee et gouf keen agelueden. Et goufen allerdéngs generell keng Leit zur Zeremonie agelueden. Esouguer déi, vun deene sollt ugeholl ginn, datt se nieft hire Wirtschaftspartner och d‘Bierger géife vertrieden, dierfen nëmmen een eenzege Gaascht matbréngen. Och dat ass nei, firwat déi feelend Mënschemass duerch ee „Mier u Fändelen“ ersat gëtt. 191.500 Fändelen an anert Genëschels sollen déi amerikanesch Bevëlkerung representéieren. Also zumindest déi 50% déi de Biden gewielt hunn.

Eppes zum Oflaf

Et ass wuel net esou, datt d‘USA sech dem Fortschrëtt géifen erwieren. Villméi sinn d‘Amerikaner ëmmer drop beduecht sech eis als déi fortschrëttlechst (heiansdo och déidlechst) Gesellschaftsform duerzestellen. Dat soll natierlech net verhënneren, datt een an Amerika un Traditioune festhält, wat bedeit, datt den Dagesoflaf vum designéierte President engem strikte Protokoll no gereegelt ass.

De Joe Biden a seng Fra verbréngen also d‘Nuecht am haus fir d‘Invitéeën an den Dag gëtt, esou wéi dat zanter iwwer honnert Joer gemaach gëtt, mat engem Gottesdéngscht ugefaangen. Den Ami ass generell reliéis-konservativ, hält sech awer selwer net emol am Usaz un déi vun der Kierch verfaasste Reegelen. Déi ëffentlech Demonstratioun vun der reliéiser Zougehéieregkeet ass Show.

Joe

Net datt de 46. President a seng Famill net „Kierchentrei“ wier, mee hei geet et wierklech just drëms, all deenen déi eng Krätsch am Kapp brauchen, fir de systemesche Rassismus, d‘Ausbeutung a villes méi, als eng vu Gott operluechte Laascht unzëerkennen, Satisfaktioun ze ginn. Et sollt dann no der Entrevue mat engem imaginäre Gespréichspartner, zur Tea-Party mat den Trumps kommen.

Sech trei bleiwen

Déi fält allerdéngs aus, well de charismateschste President sech dem „Handshake“ mam Fuddeler aus dem demokratesche Lager verweigert. Eigentlech en Affront, well och en Dabo wéi den Donald Trump sollt kënne gutt Minn zu béisem Spill maachen. Hien awer zitt et fir, säin Ofschid op der Andrew US-Airbase am ganz kleng Kader ze feieren, iert et dann op Mar-a-Lago an den Exil geet.

Als éischt awer gëtt d‘Vizepresidentin Kamala Harris introniséiert iert dann um Punkt 12 Auer de Greis säin Eed muss ofleeën. Da gëtt et eppes Blabla an – jo et léisst sech net verhënneren – nees ee Gebiet. A wann de Schëpfer dann ausgibeg beleidegt ginn ass, dierf déi zäitgenësseschst Sängerin Lady Gaga der US-Nationalhymn eng nei Bedeitung zoukomme loossen. Dann nees eng Ried.

JoeZur Show gehéiert: den Amerikaner Merci ze soen, datt sich sech alleguerten dem Moment vun der Eenheet ugeschloss hunn, wéi den Affer vun der Covid19-Pandemie geduecht ginn ass. © Biden Inaugural Commitee

Dozou heescht et: „D‘Ried vum President Joe Biden reflektéiert den Ufank vun enger Rees, déi d‘Séil vun Amerika heelen an d‘Land vereene soll“. Vu wéi enger „Séil“ am Communiqué rieds ass, muss jidderee fir sech ausmaachen, well dat mam „Land vereenen“ ass eng interessant Approche, et ass jo gewosst, datt d‘Demokraten der Wirtschaft/Finanz an den eegenen Interesse verflicht sinn.

Et steet natierlech och de Besuch vum Militärkierfecht zu Arlington um Programm. Hei gëtt den 78 järege vun de fréiere Presidenten: Bill Clinton, George W. Bush a Barack Obama (déi och hir Fraen dierfe matbréngen) begleet. Owes dann déi grouss Show mat Riede vu Biden an Harris, dat ganzt vum Tom Hanks moderéiert. Fir de musikaleschen Deel sti Bon Jovi a Justin Bieber um Ziedel…

mat indymedia/was/nyc

Foto: De Joe Biden an d‘Kamala Harris wëllen d‘USA nees zu engem internationale „Partner“ maachen an bannent dem Land, wäiss Rassiste mat ethnesche Minoritéite friddlech vereenegen. Ëmweltschutz, Fridden, Gesondheet a wirtschaftlechen Erfolleg, all dat muss dës Koppel geléist kréien. Let there be rock… © Biden Inaugural Commitee

Related topics Amtsaféierung, Joe Biden, Kamala Harris, USA, Washington
Next post Previous post