Search

You may also like

Weltraumressource notzen, ënner Lëtzebuerger Recht
Neiegkeeten

Weltraumressource notzen, ënner Lëtzebuerger Recht

Ënnert der Autoritéit vum Wirtschaftsministère, op Ureegung vum Büro vun

ROAR: D’Parlament huet e staarkt Zeeche fir méi nohalteg Investissementer bewisen
Neiegkeeten

ROAR: D’Parlament huet e staarkt Zeeche fir méi nohalteg Investissementer bewisen

Nodeems Greenpeace Lëtzebuerg schonn zënter laanger Zäit op déi ëmweltschiedlech

Tacheles: CGFP: Déi sozial Dimensioun vun Europa elo stäerken
Neiegkeeten

Tacheles: CGFP: Déi sozial Dimensioun vun Europa elo stäerken

An erëm geet e Joer zu Enn. Laut dem Statec

Lëtzebuerger Epidemiolog warnt viru Kontakter baussent der Famill

Lëtzebuerger Epidemiolog warnt viru Kontakter baussent der Famill

Den Dr. Joël Mossong ass Epidemiolog a verdéngt sech bei Pai als Chef vum Departement fir Mikrobiologie beim LNS. Den Dokter war de Moie bei de Kollege vum Honnertkommasiwen am Interview beim Pia Oppel wou hien sech iwwert d‘Infektiounsweeër ausgelooss huet. Et ass een duerchaus interessante Beitrag, deen allerdéngs och ee puer Froen opwerft.

Esou heescht dann och der Internetsäit vum Honnertkommasiwen:

„D’Resultat vu Preventiounsmesure wier net ëmmer dat, wat ee sech géif erwaarden. Et géif net duergoen, datt et Reegele ginn, mee d’Bevëlkerung misst déi och akzeptéieren a missten sech och drun halen“.

Dr Joël Mossong

An deem Punkt kann een dem Dokter net wierklech widderspriechen, schliisslech ass et net seng Schold, datt et mat der Kommunikatioun säitens der Regierung méi eng „Gléckssaach“ wéi dann, datt ee géif verstoe wéi oder wat se wëllen. Datt hie bei der Gesondheetsinspektioun och um Projet Kontakt-Tracing bedeelegt ass, mécht allerdéngs verständlech, datt hien et léiwer hätt, wann d‘Leit sech géife méiglechst wéineg beweegen an/oder mat „Friemen“ ophalen.

Nee den Dokter fuerdert keen neie Confinement, mee weist drop hinn, datt wann d‘Mënschen hir Kontakter baussent der Famill ëm 80% géife reduzéieren – wat fir Mënsche géif bedeiten, datt si nach beschtefalls op der Schaff an/oder um Wee dohinner anere Mënsche géife begéinen – et fir d‘Ekippe vum Kontakt-Tracing sécherlech méi einfach wier, séier an effizient den Infektiounswee ze ermëttelen. An dat ass esou gesinn, wuel och absolutt richteg.

MossongStellt sech dann awer um Enn d‘Fro, op wat ass den Dokter Joël Mossong eraus? Sollt een nees einfach doheem bleiwen? Mat de Frënn a Kollegen op de gudde Maufel am Restaurant verzichten, a folgerichteg och kee gebrauch vum Hebergementsbong maachen? Wier et net vläicht dat bescht sech seng Liewensmëttel nees heem liwweren ze loossen? Eppes iwwerspëtzt kéint jo soen, datt dat alles gutt fir d‘Gesondheet wier an och nach vill Geld gespuert géif…

Zum wéi a wou ee sech Ustécht, firwat de Confinement eng gutt Saach ass, huet den Dr. Joël Mossong mat Beruffskollegen eng Etüd gemaach. Déi ze verstoen dierft éischter schwiereg sinn, mir stellen den Interesséierten se ënnert dësem Link: Evolving Social Contact Paterns bereet,.

Illustratioun: Den analoge Kontakt-Tracing ass Personalintensiv an och nëmmen da wierklech effizient, wann de Krees kleng gehale gëtt. © CDC / unsplash

Related topics Covid19, Dr. Joël Mossong, Epidemiolog, Infektiounszuelen, Kontakt-Tracing, LNS, Mikrobiologie
Next post Previous post