Search

You may also like

Vernonft a Verstand „made in“ USA
Business Neiegkeeten

Vernonft a Verstand „made in“ USA

Mat ronn 69.000 bestätegten Neiinfektioune mam Coronavirus bannent 24 Stonnen,

Global Etüd „The true costs of the banana“
Business Neiegkeeten

Global Etüd „The true costs of the banana“

Um leschte Méindeg huet Fairtrade Lëtzebuerg op d’Konferenz „The true

Dee Wee zur Erëffnung vun engem neie FAL-Haus
Business Neiegkeeten

Dee Wee zur Erëffnung vun engem neie FAL-Haus

Déi säit 1996 gegrënnte „Fondation de l’autisme“ beméit sech hiert Leeschtungsspektrum

Wann et wéi op Schinne leeft…

Lancement vum „Joer vun der Schinn“ a Virstellung vun der Campagne „Mir schaffe fir är Mobilitéit vu muer“

Wann et wéi op Schinne leeft…

Am Kader vum Lancement vum europäesche Joer vun der Schinn duerch den Transportminister François Bausch an dem CFL-Generaldirekter Marc Wengler, déi fir d‘Geleeënheet de Vertrieder vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg, Stephan Koppelberg an de Büro-Chef vum EU-Parlament zu Lëtzebuerg zu Säit stoen haten, goufen d‘Projete vun der Eisebunn virgestallt.

Et ass gewosst, datt eist Land an de leschte Jore vill, fir net ze soe „Massiv“ an d‘Infrastrukture vun der Eisebunn investéiert huet. Eng Investitioun déi als historesch dierf bewäert ginn, an déi esou wuel och nach weidergefouert soll ginn. Fir 2021 beispillsweis, sinn iwwer 300 Milliounen Euro fir den Ausbau an d‘Erneierung vum CFL-Reseau a sengen Infrastrukture virgesinn. Et rullt weider…

Richteg ass och, datt den ëffentlechen Transport insgesamt, d‘Schinn awer besonnesch mat enger grousser Demande konfrontéiert ass. Laut dem Transportminister verzeechent d‘Schinn beim Passagéieropkommes eng Zounam vu 85% iwwert déi zwee lescht Joerzéngten. Bei de Fracht ass alles am grénge Beräich, och wann hei natierlech aus bekannte Grënn méi lues progresséiert gëtt.

Wat 2021 ubelaangt, esou dierften sech d‘Aarbechten um Reseau an un den Infrastrukturen nach weider intensivéieren. Et geet drëms méi Kapassitéiten ze schafen, dat virrangeg op den héich frequentéierte Strecken a Garen. Mat den ze erwaardende Ramme vun Alstom (34 Eenheete goufe bestallt) déi d‘Flott vun de CFL verstäerke kommen, wier schonn ee grousse Schratt gemaach.

Den Ausbau vun der Stater Gar ass een zentraalt Stéck vum „Infrastruktur-Puzzel“, well jo hei all d‘Linne stäreméisseg zesummelafen. Mat 2 Quaie fir véier weider „Linnen“, soll awer net nëmmen d‘Punktualitéit verbessert ginn. An da sinn do nach déi sougenannt „Pôle d‘Echange“ déi enger besser Notzung vum – gratis – ëffentlechen Transport am urbane Raum erméigleche sollen.

Fir méi generell d‘Leit ze incitéieren, déi individuell Mobilitéit mam ëffentlechen Transport ze vereenen, gi bis 2025 nach emol 3.800 Parkplaze gebaut. Dat sinn dann emol déi grouss Saachen déi ustinn, mee et huet och ganz vill kleng Projeten, déi d‘Gesamtbild ofschléissen. Ganz ouni Behënnerung wäert d‘Realisatioun vun de Projeten net méiglech sinn, dofir ass Gedold gefuerdert.

Gedold fuerdert ee gewësse Versteesdemech, firwat et nees Sënn mécht, och d‘Campagne „Mir schaffe fir är Mobilitéit vu muer“ op de Wee ze bréngen. Mat dëser Campagne sollen d‘Cliente vun der CFL iwwert d‘Aarbechten, esou wéi iwwert déi punktuell Behënnerungen zäitno informéiert ginn. Op der Internetsäit www.infotravauxcfl.lu ass een ëmmer aktuell a kompetent Informéiert.

Foto: Den Transportminister huet bei der Presentatioun nach emol op déi héich Investitioune vum Land an d‘Schinn a seng Infrastrukturen higewisen. © CFL

Related topics CFL, Eisebunn, François Bausch, Joer vun der Schinn, Marc Wengler, Mobilitéit
Next post Previous post