Search

You may also like

Twitter a Facebook trieden als Rivalen op
Neiegkeeten Sport

Twitter a Facebook trieden als Rivalen op

Et ass en zimlech „hëtzegen“ Debat dee sech ronderëm déi

Editorial: Näischt aus der Vergaangenheet geléiert
Neiegkeeten Sport

Editorial: Näischt aus der Vergaangenheet geléiert

Während sech Amerika vun den Iwwerschwemmungen déi den Orkan Harvey

Buchpresentatioun vun der Dystopie „Das Tor“
Neiegkeeten Sport

Buchpresentatioun vun der Dystopie „Das Tor“

Dem Auteur Basma Abdel Aziz säi Buch „Das Tor“ (Heyne)

De Coach John Bierchen verléisst d’Beaufort Knights

De Coach John Bierchen verléisst d’Beaufort Knights

No 2 Joer verléisst de Coach John Bierchen d’Äishock-Eyekipp vun de Beaufort Knights. Mat immenser Passioun fir de Sport um Äis an der Juegd nom Puck, konnt hien net nëmmen d’Spiller, mee och de Publikum vu sech iwwerzeegen.

Ouni hien wier de Lëtzebuerger Äishockey wuel net dat, wat en haut ass. Den Amerikaner huet en immenst Wëssen, Taktik an Éiergäiz mat an de Groussherzogtum bruecht, fir esou d’Sportler mat Trainingen a spannende Matcher no vir ze bréngen. Ëmsou méi ee grousse Schock ass et elo fir d’Fans, datt de sympathesche Kärel eis nees verléisst.

Knights

© Martine de Lagardère/moien.lu

Op de soziale Medien deelen d’Knights mat: „D’Beaufort Knights wëllen matdeelen, dass den John Bierchen sech entscheet huet, eng nei Erausfuerderung unzehuelen an domat an der Saison 2020-21 net méi Trainer vun den Knights ass. Mir soen dem John Merci fir säin grousst Engagement an seng gutt Aarbecht, déi hien an deenen 2 Joer bäi eis gemaach huet. Mir wënschen him vill Gléck an mir freeën eis op déi nei Saison.“

D’Ekipp vu Moien.lu wënscht dem John B alles Guddes fir seng nei Aventure an hofft, datt d’Knights wéinstens ee genee esou kompetente, motivéierten a sympatheschen neien Trainer bei der neier Saison presentéiere kënnen!

Related topics Äddi, Äishockey, Beaufort Knights, Coach, Départ, John Bierchen, Passioun, Puck, Trainer
Next post Previous post