Search

You may also like

surprise
Ass de Filmfong ee staatlecht Propagandaorgan?
International Neiegkeeten

Ass de Filmfong ee staatlecht Propagandaorgan?

Datt de Lëtzebuerger Filmfong ganz allgemeng een dubiéise Veräin ass,

Och de Mäerz verzeechent positiv Entwécklungen um Aarbechtsmarché
International Neiegkeeten

Och de Mäerz verzeechent positiv Entwécklungen um Aarbechtsmarché

Op e Joer gekuckt waren 411 Persoune manner ouni Aarbecht,

Ee Réckgang beim Drogekonsum, sou wéi bei HIV Infektiounen
International Neiegkeeten

Ee Réckgang beim Drogekonsum, sou wéi bei HIV Infektiounen

  Den nationale Rapport zu den Drogen an der Ofhängegkeet

TV-Duell tëscht Johnson a Corbyn

De Wahlkampf a Groussbritannien hat gëschter esou eppes wéi en „Héichpunkt“

TV-Duell tëscht Johnson a Corbyn

Eng Première ouni Glanz: de britesche Premierminister Boris Johnson (Tories) an säi Kontrahent, Jeremy Corbyn (Labour) hu sech gëschter hiren éischten TV-Duell geleescht, ouni datt sech ee vu béiden ervirgedoen hätt. Den 12. Dezember gëtt et Neiwahlen a nach virum Duell hunn d‘Tories d‘Sondagen ugefouert. Huet den TV-Duell d‘Kaarten nei verdeelt?

Bei der éischter Debatt op der Tëlee ass sech näischt geschenkt ginn, mee ëmmer britesch korrekt. De BoJo huet seng Zouso de Brexit zum 31. Januar ëmzesetze widderholl: „Well mir en Deal hunn dee gutt ass. Mam Corbyn géif et just Gezidders a Vertagung (…) Dee weess net op wéi enger Säit hie steet“, esou eng vun den Attacke vum Premier. Mee de Jeremy Corbyn hat sech virbereet.

JohnsonDeen huet op säi Plang higewisen, en neit Brexit-Ofkommes auszehandelen an et dem Vollek an engem Referendum zur Ofstëmmung virzeleeën. Dat och mat der Optioun an der EU ze bleiwen. „Mir wäerte bannent 3 Méint ee glafwierdegen Accord mat der europäescher Unioun aushandelen an a 6 Méint e Referendum organiséieren“, esou de Corbyn, zouversiichtlech datt d‘EU matspillt.

Vu „Wonsch“ a „Realitéit“

Dem Labour-Chef seng Duell-Strategie huet dem Boris Johnson vill Ugrëffsfläch gebueden an deen huet dat ze notze gewosst. Ëmmer nees huet de BoJo de Jeremy Corbyn wéinst dem Versprieche vum zweete Referendum ugegraff. Eng kruzial Fro: „Wäert dir fir de Verbleif oder den Austrëtt antrieden?“, esou de Boris Johnson, deen de Briten d‘Onentschlossenheet vu Labour demonstréiert.

Johnson

Eigentlech ass et egal fir wien sech d‘Briten entscheeden, well kee vu béide Kandidaten den Androck mécht, eng fir d‘Bierger vu Groussbritannien akzeptabel Léisung am Gepäck ze hunn. Nach ee Referendum? Nees nei mat der EU verhandelen? Deem misst Bréissel dann awer och nach zoustëmmen… (Montage aus Videomatschnëtt)

Well och wa gewosst ass, datt Labour an engem Referendum tëscht engem Brexit mat Ubannung un d‘EU an dem Verbleif an der Unioun ofstëmme loosse wëll, esou wëll sech de Jeremy Corbyn nach net festleeën ob hie sech fir oder géint en Austrëtt opstellt. Bei esou vill „Kloerheet“ dierft et der Aarbechterpartei Schwieregkeete bereeden, ausserhalb den eegene Reien Zousproch ze fannen.

Eng Ophueljuegd

Mee de Labour-Chef hat och e puer Feiler am Kächer déi net vu schlechten Eltere sinn. Hien huet drop higewisen, datt den Johnson, wann hien „nees“ zum Premierminister sollt gewielt ginn, den nationale Gesondheetssystem (NHS) engem Handelsofkommes mat den USA affere géif. De Plang zum 31. Januar d‘Unioun ze verloosse wier Blödsinn a säin Deal mat den USA bréicht ze laang.

JohnsonOb dat elo schonn duer geet d‘Wieler ze iwwerzeegen? Wuel kaum, well och dem Jeremy Corbyn geet et bei dësem Wahlkampf an éischter Linn ëm déi eege Persoun. Hie wëll Premierminister ginn, a wann hien dofir den Austrëtt muss a Kaf huelen, da wäert hien och dofir „Reklamm“ maachen. Den Ament bréngt seng Strategie näischt, Labour läit mat 27 zu 45% an de Sondagen hannendran.

A wann de Wahlkampf op der Insel vum Brexit an der Kris am Gesondheetssystem beherrscht gëtt, esou sollt een net vergiessen datt d‘EU jo och nach e Wuert matzeschwätzen huet. An déi kann sech et eigentlech net erlaben, de Brexit-Dossier bis an de Summer 2020 schleefen ze loossen. Bréissel kann de Briten net méi entgéint komme wéi dat bis ewell de Fall ass, et gëtt jo och ëm Kredibilitéit.

mat indymedia/lon/bru

Foto: (videograb)

Related topics Boris Johnson, Brexit, Gesondheetssystem, Jeremy Corbyn, Neiwahlen
Next post Previous post