Search

You may also like

E Komplott géint de 45. US-President?
Neiegkeeten

E Komplott géint de 45. US-President?

Wéi et sech zanter dem Freideg ofzeechent, war de Whistleblower,

Verontreiung beim SNJ: Plainte géint e Kollaborateur
Neiegkeeten

Verontreiung beim SNJ: Plainte géint e Kollaborateur

Beim Service National de la Jeunesse (SNJ) geet een elo

What the Fakt – een ambitionéierte Primat am Weltraum
Neiegkeeten

What the Fakt – een ambitionéierte Primat am Weltraum

Ass de Mënsch sech fir ee Versuch ze schued, sou

Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren: Echange mam Minister Schneider

Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren: Echange mam Minister Schneider

Gëschter huet de Landwirtschaftsminister Romain Schneider sech iwwert den digitale Wee mat der Asbl vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ) ausgetosch. Fir unzefänke gouf hir Initiative wärend de Chrëschtfeierdeeg gelueft, bei där si mat dekoréierten Trakter-Convoien duerch d’Land gefuer sinn.

Bei dëser Solidaritéitsaktioun stoung virun allem d’Freed vun den eelere Persounen an de Fleege- an Altersheemer, de Kranken an de Spideeler an de Persounen an ähnlechen Ariichtungen am Virdergrond. Ma, a ganz Lëtzebuerg hunn d’Cortège fir stralend Gesiichter gesuergt.

Bleiwe mir bei de feierlechen Themen: De Luc Emeringn ass zum neie President vun der Asbl nominéiert ginn a krut fir dës Tâche vum Minister gratuléiert. Uschléissend sinn d’Gespréicher awer méi eescht ginn.

Et goung ënnert anerem ëm déi besuergneserreegend Beobachte vun de Baueren an den existenzielle Suergen, déi duerch d’Pandemie opkomm sinn. De Romain Schneider huet Verständnis gewisen an d’Geleeënheet genotzt, nach emol op déi finanziell Aiden hinzeweisen. Besonnesch de Schwéngssecteur gouf uerg getraff. Geplangt ass eng detailléiert Analys zur Zouverlässegkeet bei der Zuucht an dem Fleesch ze maachen, an op d’Resultater nei ugepasst Strategien opzebauen.

Donieft hunn d’Echangen ëm d’Verhandlunge vun der GAP, d’Strategie vu Lëtzebuerg an d’A-Kraaft-triede vum neien Agrargesetz um 1. Januar 2023 gedréit. Et goung awer och ëm Vereinfachungen am administrative Beräich a bei de Kommodo/Inkommodo-Prozeduren. Besonnesch fokusséiert gouf sech op déi professionell Formatioune vun de jonke Baueren, déi duerch praktesch Stagë beschtméiglech op d’Zukunft virbereet solle ginn.

Wat de Biogas ugeet, esou huet de Minister bestätegt, datt a Kollaboratioun mam Energieminister Etüden am Secteur ustinn. D’Biogasproduktioun wäert d’Méiglechkeet offréiere fir déi energetesch Performance ze verbesseren.

Opmaacherbild: © Zoe Schaedder / Unsplash

Related topics Agrargesetz, Biogas, GAP, Landiwrtschaftsminister, Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, LLJ, Pandemie, Romain Schneider, Schwéngssecteur, Trakteren
Next post Previous post