Search

You may also like

Fra mam Hummer op de Kapp geschloen
Neiegkeeten

Fra mam Hummer op de Kapp geschloen

Laut dem Policebericht, ass e Freidegmoie géint hallwer néng, eng

D‘Schoulrentrée: Mir recoltéieren, wat mer geséit hunn
Neiegkeeten

D‘Schoulrentrée: Mir recoltéieren, wat mer geséit hunn

Um Virdag vun der Schoulrentrée am fundamentalen Enseignement huet den

Op der Sich no engem Impfstoff
Neiegkeeten

Op der Sich no engem Impfstoff

Dat ee sech der sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus

D‘Jongbaueren on Tour!

D‘Jongbaueren on Tour!

Fir op hir Produkter, hir Aarbecht a wuel och hir Situatioun an der sanitärer wéi wirtschaftlecher Kris opmierksam ze maachen, huet sech de Verband vun de Jongbauere fir Stiefesdag eng nawell ongewinnten Aktioun afale gelooss. Si fueren am Cortège bei d‘Spideeler an d‘Altersheemer.

Et ass explizit kee Protest oder soss en Zeeche vun Onmutt, d‘Jongbauere wëlle mat hirer Aktioun an éischter Linn eppes Léift a Freed verdeelen. Dat besonnesch fir all déi wou ëm dës Zäit an de Spideeler, Alters- a Fleegeheemer liewen a schaffen. An esou ergëtt et sech, datt muer Samschdeg bis zu 200 landwirtschaftlech Gefierer uechtert d‘Land um Tour wäerte sinn fir eppes „Stëmmung“ ze maachen, dat ganzt mat Geliits an Dekoratioun, woubäi d‘Kaddoen och net dierfe feelen…

Dës Aktioun, déi d‘Jongbaueren a Kooperatioun mat de Mëllechbaueren an de Naturparken aus eisem Land op d‘Bee gestallt hunn, statt muer Samschdeg um 16 Auer zu Kolmer-Bierg vu wou aus, d‘Trakteren a soss Maschinnen sech an all Richtungen op de Wee maachen. Norden, Osten, Zentrum an natierlech och de Süden, et soll kee vergiess ginn. Mee et geet och ëm eng Message.

Jongbaueren

Et sollen d‘leit motivéiert ginn sech nees méi op dat lokaalt a regionaalt, zumindest beim Iessen, ze besënnen. Eis Produkter si gutt, an d‘leit sollen net nëmmen op d‘Häff oder d‘Mäert kommen, wa sech Angscht hunn, datt et am Supermarché kéint zu Enkpäss kommen. Hamsterkeef sinn einfach keng Léisung. Sech méi op lokal a regional Produkter vun der Landwirtschaft ze konzentréieren ass wuel och politesch gewënscht, dobäi ass et jo oft eng Fro vun der Bequemlechkeet an dem Präis.

Wann dir also muer Traktere mat Chrëschtdeko an drolegem Geliits gesitt: et ass alles gutt, keen huet béis Absichten, de geneeë Géigendeel ass de Fall. D‘Jongbauere wëllen an dëser schwiereger Zäit och hire Bäitrag leeschten. A wa gewosst ass, dat si dat ganz éierlech an ouni Hannergedanke wäerten ugoen, sollt et och erlaabt sinn hinnen ze klappen, wann se laanscht ee briederen…

Related topics Christmas Tour, Jongbaueren, Mëllechbaueren, Naturparken, Stiefesdag
Next post Previous post