Search

You may also like

Europawahlen: Begeeschterung gesäit anescht aus
Neiegkeeten

Europawahlen: Begeeschterung gesäit anescht aus

Zanter dem 23. mee gëtt an Europa gewielt an den

Automobilisten opgepasst: A13 iwwert de Weekend deels gespaart
Neiegkeeten

Automobilisten opgepasst: A13 iwwert de Weekend deels gespaart

D‘Aarbechte laanscht der A13 tëscht Beetebuerg an Diddeleng komme gutt

money
D‘Haus vun der Bio-Gesondheet wiisst weider
Neiegkeeten

D‘Haus vun der Bio-Gesondheet wiisst weider

Um Belval sollen dem Haus vun der Bio-Gesondheet nach an

Ëmmer méi jonk Covid19-Patienten

Laut de leschten Erhiewunge ginn ëmmer méi Mënschen am Alter tëscht 40 a 50 Joer, wéinst der Covid19-Infektioun an d‘Spideeler ageliwwert. Offiziell gëtt hei op de brittesche Covid19-Variant verwisen.

Ëmmer méi jonk Covid19-Patienten

Am direkte Verglach mat eisen Noperen, sti mir eis am Bezuch op d‘Opnamekapassitéiten an de Spideeler zimlech gutt. Zwar hu sech d‘Infektiounszuele weider konstant verschlechtert, d‘Lag an de Spideeler soll sech awer stabiliséiert hunn, och wat d‘Auslaaschtung vun den Intensivbetter betrëfft. Laut der Regierung gëtt d‘Auslaaschtung vun den Intensivbetter mat 20-25% uginn.

Den Direkter vun der Gesondheetsdirektioun weist allerdéngs drop hin, datt d‘Patienten déi an d‘Spideeler ageliwwert ginn, ëmmer méi jonk ginn. Den Altersduerchschnëtt läit majoritär tëscht 40 a 50 Joer. Laut dem Dr. Jean-Claude Schmit wier dat dem brittesche Variant geschëlt. Eng brittesch Etüd géif zudeem drop hiweisen, dat dës Covid19-Mutatioun bis 2/3 déidlecher wier.

Eng weider Variant beonrouegt de Medezinner awer méi. Esou heescht et datt déi südafrikanesch Variant sech géintiwwer den Impfstoffer behaapte géif, d‘Vaccinen also net de ganze Schutz vum Immunsystem sécherstellen. Interessant och, datt dës Variant sech schonn a Loutrengen schéngt duerchgesat ze hunn. Zu Lëtzebuerg bedréit den Undeel vun dësem Variant aktuell ronn 20%.

Dem Thierry Breton widdersprach

Dat verleet de Chef vun der Gesondheetsdirektioun derzou opzewerfen, datt et ënnert dësen Ëmstänn ganz schwiereg ass en Enn vun der Pandemie ofzegesinn. Hie versicht awer optimistesch ze bleiwen a mengt, datt wa bis 50% vun de Bevëlkerung geimpft ass, een d‘Zukunft méi entspaant ugoe kann. Wann et richteg ass datt et Perspektive brauch, esou sollten se novollzéibar sinn.

Nach de Leschte Samschdeg huet den EU-Handelskommissär an der Emissioun „Le Grand Jury“ behaapt datt bis de 15. Juli 70% vun de Bierger an der Europäescher Unioun entweder geimpft oder immun wieren, an d‘Leit nees hiert aalt Liewe géifen zréckkréien. Wann ee sech eens ass, datt se net allebéid kënne Recht hunn, stellt sech d‘Fro, wie wéi eng Ziler mat dësen Aussoe verfollegt.

Weise mir an dësem Kontext och nach drop hin, datt den Thierry Breton eigentlech éischter ee Geschäftsmann ass, also seng medezinesch Expertise wuel finanziell Hannergrënn huet. Hien huet och nach emol op den europäeschen Impfpass (Digital an a Pabeierform) higewisen, deen de Leit awer soll ugebueden an net opgezwonge ginn. D‘Bierger solle fräi entscheeden dierfen.

Hie begréisst allerdéngs, datt d‘Länner drop bestinn an d‘Privatwirtschaft hire Clienten dëse Pass wäert op d‘Aen drécken. Ouni den Impfpass, dee just esoulaang gülteg ass wéi d‘Pandemie besteet, soll ee weder gastronomeschen nach kulturelle Freeden nogoe kënnen. Fräiwëllegkeet als Verzicht? An dann ass do jo elo och d‘Erkenntnis, datt gewësse Variante besser si wéi den Impfstoff.

Illustratioun: © Lukas / unsplash

Related topics Covid19-Pandemie, Dr. Jean-Claude Schmit, Gesondheetsdirektioun, Impfpass, Varianten
Next post Previous post