Search

You may also like

NATO-Partner Tierkei iwwerfält Syrien
Meenung Neiegkeeten

NATO-Partner Tierkei iwwerfält Syrien

Et hat et laang a breet ugekënnegt, elo huet de

E Méindeg geet d‘Schoul un
Meenung Neiegkeeten

E Méindeg geet d‘Schoul un

Iwwerall stinn se d‘Schëlter déi d‘Automobiliste sollen drop opmierksam maachen,

Nordkoreanesch Rakéiten um Himmel
Meenung Neiegkeeten

Nordkoreanesch Rakéiten um Himmel

Wann et richteg ass, esou wéi et vum südkoreaneschen Etat-Major

D’Jonk Piraten fuerdere Verlängerung vun der Chrëschtvakanz

D’Jonk Piraten fuerdere Verlängerung vun der Chrëschtvakanz

Lëtzebuerg kämpft nach ëmmer géint d’Covid-19-Pandemie, an et ass leider nach keen Enn vum Tunnel a Siicht. Mir Jonk Piraten bedaueren natierlech, datt aus sanitäre Grënn de Couvre-feu huet missen iwwert d’Feierdeeg eraus verlängert ginn. Dat ass schlëmm fir jiddereen, mee et ass ganz besonnesch schlëmm fir déi Jonk.

Mir si bereet eis Verantwortung ze iwwerhuelen, hätten awer gär, datt och d’Regierung an den Educatiounsminister, am besonneschen, verantwortungsvoll géifen handelen.

Jo, et kann ee sech och an der Schoul ustiechen!

Jo, mir riskéieren no de Feierdeeg eng nei Hausse vun den Zuelen, well et trotz den Aschränkungen awer zu sëlleche Kontakter tëschent de Leit komme wäert!

Fir engem neie komplette Lockdown ze entgoen, a fir ze verhënneren, datt sech de Virus no de Feierdeeg onkontrolléiert ausbreede kann, schloen d’Jonk Pirate fir, d’Chrëschtvakanz bis den 10. Januar 2021 ze verlängeren. Net fir nach eng Woch méi laang doheem ze chillen, mee fir d’Kontakter op e Minimum ze beschränken an esou den Infektiounsrisiko méiglechst kleng ze halen.

Matgedeelt vum Christian Welter – Jonk Piraten

Opmaacherbild: © Kira auf der Heide / Unsplash

Related topics Chillen, Chrëschtdag, Chrëschtvakanz, Christian Welter, Covid-19, Feierdeeg, Infektiounsgefor, Jonk Piraten, Verlängerung
Next post Previous post