Search

You may also like

Keng Quotefraen an der Chamber!
Neiegkeeten

Keng Quotefraen an der Chamber!

D’Wale vum 14. Oktober 2018 hu gewisen, datt d’Initiativ vu

Ritter an Draache waren zu Useldeng lass
Neiegkeeten

Ritter an Draache waren zu Useldeng lass

Leschte Weekend war zu Useldeng eng weider lass. Iwwer zwee

Police: „Pabeiere wann ech gelift!“
Neiegkeeten

Police: „Pabeiere wann ech gelift!“

Am Kader vun de Campagnen zur Sécherheet op eise Stroossen,

Joresbericht vum ILR zum oppenen Internet

Joresbericht vum ILR zum oppenen Internet

De leschten Donneschdeg huet den ILR (Lëtzebuerger Regulatiounsinstitut) säi véierte Joresbericht betreffend den Zougang zum oppenen Internet zu Lëtzebuerg publizéiert. Dëse Rapport resuméiert d‘Aktivitéite vum ILE betreffend d‘Surveillance vum Zougang zum oppenen Internet. Am Bericht gëtt den Zäitraum vum 1. Mee 2019 zum 30. Abrëll 2020 ofgedeckt.

Wärend dësem Zäitraum huet de Regulatiounsinstitut uecht gedoen, datt d‘Internetprovider den Accès zum oppenen Internet. enstpriechend den Dispositioune vun der europäescher Direktiv UE2015/2120, anhalen. Den ILR huet d‘Transparenz vun den Offere fir d‘Konsumente gepréift, d‘Konformitéit vun de Modalitéiten an de kontraktuelle Konditioune mam Reglement ofgeglach.

Fir déi Interesséiert Konsequenten, huet den ILR och en Tool zur Verfügung gestallt. Ënner „check my net“ kann ee kucke wéi séier d‘Internetverbindung tatsächlech ass, an ob d‘Vitesse och dem ofgeschlossene Vertrag entsprécht. Wien sech dëse Schratt erspuere wëll, deem ka vun dëser Säit aus matgedeelt ginn, datt net nëmmen all d‘Offere korrekt waren, mee och d‘Vitesse stëmmt.

Wärend dem Etat de Kris / Confinement, huet de Regulatiounsinstitut all zwee Deeg Daten erhuewe fir de Gebrauch vun den Telefonsverbindungen, d‘Dateniwwerdroung an d‘Interconnectivitéit ze iwwerpréiwen. Zil vun dëser „Kontroll“ war et eng méiglech Iwwerlaaschtung vun de mobillen a fixe Reseauen opzedecken. E spezifesche Bilan heizou soll am Hiecht dem Public virgestallt ginn.

Och zur Applikatioun „check my net“ soll am Hiecht e separaten a spezifesche Bilan virgeluecht ginn. Begréissenswäert, an dofir sollt een et ernimmen, ass awer de Constat, datt all d‘Bedreiwer sech un d‘Spillregelen ze hale schéngen an am grousse Ganzen all Client och dee séieren Internet huet fir deen hien all Mount bezilt. D‘Neutralitéit vum Reseau ass deemno zu Lëtzebuerg sécher.

Illustratioun: © Markus Spiske / unsplash

Related topics ILR, Internet, Joresbericht, Oppenen Internet
Next post Previous post