Search

You may also like

Neigestaltung vum UN-Sécherheetsrot
International Meenung Neiegkeeten

Neigestaltung vum UN-Sécherheetsrot

Bei de Wahlen an der UN-Vollversammlung sinn d‘Wierfel gefall, a

Lëtzebuergesch ass Deel vun eisem Land an eiser Identitéit. Elo ginn d’Bierger gefrot, wéi een se weider stäerke kann
International Meenung Neiegkeeten

Lëtzebuergesch ass Deel vun eisem Land an eiser Identitéit. Elo ginn d’Bierger gefrot, wéi een se weider stäerke kann

Se gehéiert zu eisem Alldag. Et dierf een se bei

Déifferdeng: um Budget fir 2021 huet de Covid19 matgeschriwwen
International Meenung Neiegkeeten

Déifferdeng: um Budget fir 2021 huet de Covid19 matgeschriwwen

Gemengebudgeten si generell och ëmmer eng Previsioun, quasi ee konkrete

Editorial: Keng Zäit ze verléieren

Editorial: Keng Zäit ze verléieren

Zanter ee puer Stonnen heescht de wichtegsten Äerdebierger Joseph Robinette Biden. De Joe Biden (78) an seng Adjointe Kamala Harris (56) goufe gëschter vereedegt. Dat alles natierlech wéi et sech gehéiert mat vill Pomp a Show. Den Donald Trump huet sech net bedeelegt an hat et virgezunn sech op Mar-a-Lago ze verzéien an mam Ivanka zesummen ze motzen. Méi misst een elo zum Wiessel un der Spëtzt vun déidlechster Demokratie op der Welt eigentlech net soen…

Woubäi et scho wichteg ass ervirzehiewen, datt de gottesfierchtege Joe Biden, de Mann aus ganz modeste Verhältnisser, ugekënnegt huet d‘Séil vun Amerika ze retten. Dat ass natierlech bildlech ze verstoen, Amerika huet keng Séil, well déi misst Schwaarz sinn an dat schéngt kee wierklech esou ze wëllen. De Joe Biden, seng Vizepresidentin an déi ganz demokratesch Partei fuerderen Toleranz, statt Haass, Wourecht statt alternativ Fakten an eng méi gerecht Gesellschaft.

Amerika soll gerecht an tolerant ginn? Klengt cool, mee an engem zwee Parteiesystem wou sech d‘Acteure kaum vunenaner ënnerscheeden, well si grondsätzlech déi selwecht Ziler verfollegen, huet dat Ganzt een eppes sarkasteschen Ënnertoun. An da stellt sech jo emol fir unzefänken eng kruzial Fro: „Wéi setzt een dat mat der méi gerechter Gesellschaft politesch ëm?“. Huele mir en Abléck un, den ale Mann wéilt seng Walverspriechen tatsächlech aléisen.

Biden

Den Ament huet hien d‘Representantenhaus an de Senat (sécher fir 2 Joer) an der Täsch, just beim ieweschte Geriichtshaff (Supreme Court) hunn d‘Republikaner nach d‘Majoritéit. An de genannte Kummeren ass d‘Majoritéit allerdéngs „dënn“, firwat de Joe Biden eigentlech bannent den nächsten honnert Deeg säi legislative Programm muss an der Ëmsetzung hunn. Duerno gëtt et komplizéiert, woubäi eigentlech längst gewosst ass, datt sech dat esou net kann opgoen.

Bei engem ale Mann vun engem politesche Sprint ze schwätzen, woubäi domadder d‘Signature vun Dosende Veruerdnunge gemengt ass, amusant. Sech nees an de Club vun de pseudo-Klimaretter a Signataire vum Paräisser Accord anzebréngen, Dekreter zur Bekämpfung vum systemesche Rassismus ausstellen an aner Korrekturen un der Trump-Presidence virzehuelen, ass jo wuel dat mannst wat d‘Amerikaner vun der neier Regierung sollt erwaarden dierfen.

Biden

Wesentlech méi wichteg wier et – an dat schéngt tatsächlech méiglech – de ronn 2 Milliarden US-Dollar schwéiere Covid19-Hëllefspak duerchzesetzen. Am dësem si vill sozial Fuerderungen (gutt Amerikaner nennen esou eppes Kommunismus) enthalen: E Mindestloun (15 US-Dollar) a bezuelte Krankendeeg. Ass dat méiglech, sollt een nach emol iwwer eng universell Krankeversécherung nodenken… Dat awer wäerte d‘Wirtschaftsbosser ze verhënnere wëssen.

An dann ass do dee ganze Volet Immigratioun: kann een all déi „illegal“ Awanderer mëttels enger Amnestie abiergeren? Wat ass mat den dausende Südamerikaner déi sech op dee Wee an d‘Land vun de „Fräie Mënschen“ gemaach hunn? Wéi soll déi nei Administratioun mat der Awanderung aus moslemesche Länner ëmgoen, déi den Trump ausgesat huet? An dat sinn just ee puer Akut Froen, et gëtt do jo och nach déi international Diplomatie, déi jo gutt gelidden huet.

Biden

Wéi steet de Joer Biden a seng Ekipp géintiwwer China a Russland? Kënnen d‘Demokraten nees mat den Ajatollahen zu Teheran un den Dialog uknäppen? Wéi ass de Positionnement géintiwwer der WHO an de Vereenten Natiounen am grousse Ganzen? Wéi soll den Dénger Gottes mat de Krichsverbrieche vu sengen Zaldoten ëmgoen? Dierf en internationale Geriichtshaff elo och US-Zaldoten ukloen? Wat leeft an der Kausa Assange, der Kausa Nawalny?

Datt et zweiwelsfräi méi gemälleg a „Wuert & Bild“ wäert zougoen, wéi dat ënnert dem Donald Trump mat sengen asoziale Geselle Pence a Pompeo de Fall war, ass net schwéier. Anersäits hunn d‘Amerikaner, egal ënner wei engem President, déi schlecht Ugewunnecht vun hire „Partner“ ze erwaarden, dat gréisser Decisioune mat hinne mussen ofgeschwat ginn. Dorunner wäert och den 78 järegen neie Locataire vum Wäissen Haus näischt änneren…

Related topics Demokraten, Joe Biden, Kamala Harris, Regimewiessel, USA
Next post Previous post