Free Assange – Journalismus ass kee Verbriechen!

Et grenzt un Hon. Virun e puer Deeg, ausgerechent um internationalen Dag vun de Mënscherechter, den 10. Dezember, hunn Richter vum High Court Geriicht a Groussbritannien beschloss, datt den australesche Journalist a Wiki-Leaks Grënner Julian Assange un d’USA ausgeliwwert däerf ginn.

Him dreeë bis zu 175 Joer Prisong. Obwuel dëst Urteel nach virum brittesche Supreme Court ugefecht ka ginn, ass dës richterlech Entscheedung een Hon.

Fir d’Vereenegung „Reporter ouni Grenzen“ ass dëst eng Entwécklung fir sech ze schummen. Si huet net nëmmen alarméierend Auswierkun gen op dem Julian Assange seng physesch Gesondheet, mee och op de Journalismus an d’Pressefräiheet op der ganzer Welt.

Den Nils Melzer, Sonderberichterstatter vun den Vereenten Natioune fir Folter stellt fest:

„Groussbritannien foltert hien zu Doud!“

Wat sinn d’Grënn fir dës Hetzjuegd op de Julian Assange? Medierecherchen déi am Magasinn „Kontrast.at“ verëffentlecht goufen, erginn:

„WikiLeaks huet 2010 vill Dokumenter iwwert d’Verbrieche vun der US-Arméi am Irak an am Afghanistan verëffentlecht. Gutt, et gouf virdru scho Verëffentlechungen zu Skandaler vun der US- Aussepolitik, mee ni an dësem Ausmooss. Dës Leaks hunn Informatiounen zu Krichsverbriechen, ewéi Folter, Ermuerdung vun Zivilisten, Mësshandlung vu Krichsgefaangenen a Kannerprostitutioun enthalen. Dës Doten hunn US-amerikanesch Zaldoten mam Wëssen oder souguer am Optrag vun hirer Regierung begaangen.

Vill geheim US-Militärdokumenter a Videoen zu de Militärasätz huet d’US-Zaldotin Chelsea Manning iwwermëttelt. D’Verëffentlechunge goufen zu engem internationale Skandal, deen d’Glafwierdegkeet vum politesche System vun den USA a Fro stellt, an de Krich am Afghanistan an am Irak weider a Verruff bruecht huet.

Et ass schonn absurd, een Journalist dee Krichsverbriechen opdeckt, ass agespaart. Krichsverbriecher befanne sech friddlech a Fräiheet. D’Europäesch Unioun an déi meescht vu senge Memberstaaten sollen sech fir dës Haltung schummen. Um järlechen Dag vun der Pressefräiheet soen d’Kommissiounspresidentin an de Rotspresident an hirer Sonndesusprooch bestëmmt:

„Demokratie ouni fräi an onofhängeg Medie kann net funktionéieren. Mir musse Journalisten ëm all Präis schützen.“

„Informatioun ass een ëffentlecht Recht. Mir mussen déijéineg schützen, déi Transparenz erzeugen – d’Journalisten.“

„D’Pressefräiheet ass een zentralen europäesche Wäert an erfuerderlech fir d’Demokratie. Mir mussen dës Fräiheet all Dag verdeedegen a sécherstellen, datt Journalisten hier Aarbecht a Sécherheet maache kënnen.”

Dëst muss och fir de Julian Assange gëllen. Pressefräiheet a Schutz fir Journalisten, dës Wäerter musse weltwäit gëllen. Den Europarot, deem haut 47 Staaten ugehéieren, huet sech an dësem Fall vum Assange kloer positionéiert:

„De Rot leent d’Ausliwwerung un d’USA of. Mir erwaarden vun der lëtzebuergescher Regierung eng kloer Positionéierung am Fall Julian Assange. Mir erwaarde vun de Vertrieder vu Lëtzebuerg an europäesche an internation alen Gremien, datt si fir een Enn vun dëser Schan antrieden.

Free Julian Assange!

*matgedeelt vun der Friddens- a Solidaritéitsplattform

Latest news
Related news