Search

You may also like

Däitschen Humor: Inneminister verklot Dateschutzbeoptraagten
International Neiegkeeten

Däitschen Humor: Inneminister verklot Dateschutzbeoptraagten

Den däitsche Bundesinneministère widdersetzt sech enger Uerder vum Dateschutzbeoptraagten Ulrich

D‘Schoulen am Covid19-Testmodus
International Neiegkeeten

D‘Schoulen am Covid19-Testmodus

Zanter haut de Moie sinn déi „mobil Ekippe“ vun der

32 Méint feste Prisong fir russeschen Dissident
International Neiegkeeten

32 Méint feste Prisong fir russeschen Dissident

A Russland war d‘Geriicht sech séier eens, datt de Kremlkritiker

Journalismus ass ee geféierleche Job

Journalismus ass ee geféierleche Job

Journaliste liewe geféierlech. An och wann 2019 d‘Zuel vun den ëmbruechte Journaliste réckleefeg ass, esou sinn och dëst Joer mindestens 49 vun hinnen Affer vun engem Gewaltverbrieche ginn. An et gëtt vermeintlech friddlech Länner, déi esou geféierlech wéi Krichsgebidder sinn.

Entspriechend dem Bericht vu Reporter ouni Grenzen (RSF) si säit Joresufank weltwäit 49 vun eise Kollegen ëmbruecht ginn. Wäit iwwert d‘Hallschent dovunner sinn an Afghanistan, Mexiko, Pakistan, Somalia a Syrien ëmbruecht ginn. Aus dem bericht geet wuel och ervir, datt däitlech manner Journalisten a bewaffente Konflikter zu Dout komm sinn, mee Mexiko wier haut genee esou geféierlech wéi Syrien, esou de Virstandsspriecher vu RSF, Michael Rediske.

2018 huet d‘Zuel vun den Affer nach bei 86 geleeën – RSF bezitt sech bei sengen Analysen ëmmer vu Joresufank bis 1. Dezember. 2019 sinn 10 Journalisten a Syrien, 10 a Mexiko, 5 am Afghanistan, 4 a Pakistan an 3 a Somalia verstuerwen. A ganz Latäinamerika si 14 Journalisten ëmbruecht ginn.

Zum 1. Dezember sëtzen 389 Journaliste wéinst hirer Aarbecht am Prisong, dat sinn 12% méi wéi nach 2018. Vun hinne sëtzt bal d‘Hallschent an dräi Länner (China 120; Egypten 34, Saudiarabien 32) hanner Gitter. An Egypten a Saudiarabien iwwregens ouni Uerteel oder Uklo. An der Tierkei sinn zwar vill Journalisten no Haftstrofe fräi komm, mee et sinn och en Rei no kuerzer Zäit nees verhaft ginn. Et heescht am Bericht och, datt de Risiko juristesch belaangt ze ginn nees klëmmt.

Journaliste sinn och deels eng „Wuer“. 57 vun hinne sinn entfouert ginn, dat virun allem a Syrien (30), am Jemen (15) am Irak, mee och an der Ukrain (1). Aus dem RSF-Bericht geet dann och ervir, datt d’Houthi-Rebellen am Jemen an d‘Separatisten am Oste vun der Ukrain hir Geisele wéi Prisonéier behandelen, deenen si schwéier Verbrieche virwerfen an zu héije Strofe veruerteelen.

mat Reporter ouni Grenzen

De vollstännege Bericht an englescher Sprooch

Related topics Gefor, Journalisten, Journalistin, Pressefräiheet, Reporter ouni Grenze, RSF
Next post Previous post